Le ministre du Travail, de l'Emploi et de l'Immigration au sujet du chômage au Luxembourg

Carole Schimmer: Här Schmit, 21.500 Persoune sinn zu Lëtzebuerg op der Sich no enger Aarbecht, entweder an enger Beschäftegungsmoossnam oder si si bei der Adem ageschriwwen. Bannent deene leschte 6 Joer ass de Chômage hei zu Lëtzebuerg em 63% geklommen. Regrettéiert Dir net datt Dir dee Ressort iwwerholl hutt?

Nicolas Schmit: Neen, ech mengen dat regrettéieren ech net. Dat ass natierlech eng immens Erausfuerderung, besonnesch an enger Zäit wou d’Wirtschaft méi schwiereg ass, wou d’Ëmfeld méi schwiereg ass. Mä mir si jo amgaangen eng Rei Mesuren ëmzesetzen, déi ebe probéieren de Chômage hei zu Lëtzebuerg a Grenzen ze halen. Ech si ganz virsiichteg do, well et muss ee jo och kucke wat an den Nopeschlänner am grousse Ganze lass ass.

Carole Schimmer: Wann een awer kuckt, déi gréisste Problemer ginn et an der Éducatioun, elo och um Niveau vun der Aarbecht. D’CSV hat déi Ressorte virdrun. Ass dat net e bëssen eng Strof fir d’LSAP an der Koalitioun?

Nicolas Schmit: Also ech hu schonn e puermol gesot, datt fir e Sozialist den Aarbechtsministère ze hunn, ni dierf als eng Strof ugesi ginn, esouguer, a besonnesch net wann d’Situatioun kritesch a schwiereg ass.

Ech menge mir sinn d’Partei vun der Aarbecht, an dofir ass et extrem wichteg datt mir och eis Responsabilitéiten huelen, grad ebe wann d’Situatioun e bësse méi schwiereg ass. A wann ech dat vergläiche mat deene vergaangene Joerzéngten, dann ass se haut effektiv vill méi schwiereg.

Carole Schimmer: D’Chômagezuele weisen eigentlech net déi ganz Dimensioun vum Chômage hei zu Lëtzebuerg. De lëtzebuerger Aarbechtsmaart ass regional. Am Privatsecteur si bal, all zweete Salarié ass do e Frontalier. Sinn déi Chômagezuelen, déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn, da korrekt?

Nicolas Schmit: Jo déi sinn esou korrekt, well se eigentlech dat reflektéiere wat reell ass, dat heescht, mir sinn natierlech net responsabel fir de Chômage an der Lorraine, oder an der Province de Luxembourg, bon, oder a Rheinland-Pfalz oder am Saarland.

Nun ass et awer esou datt mir eng Rei Leit hei zu Lëtzebuerg hunn, déi aus deene Géigende kommen, déi ganz oft do keng Aarbecht haten, a wou et och da virkënnt, datt se hir Aarbecht hei verléieren. Datt déi Leit net an de Chômagezifferen hei zu Lëtzebuerg figuréieren, ass ganz normal, ass korrekt. Si figuréieren, de Chômage gëtt jo och net op der Basis gerechent vun deenen 300 bal 80.000 Leit déi hei schaffen. E gëtt gerechent just op där Basis vun deene Leit déi hei schaffen an hei wunnen, respektiv eng Aarbecht hei sichen, an och hei wunnen. Dat ass eben déi normal Method wéi de Chômage gerechent gëtt.

Ech wëll awer natierlech net verkennen, datt och Frontalieren, déi och elo d’Recht hu sech op der Adem anzeschreiwen - et sinn der bis ewell net ganz vill, et sinn der eng 200 - d’Recht hu sech anzeschreiwen, an dann och gehollef ze kréie fir erëm hei zu Lëtzebuerg en Job ze fannen.

Carole Schimmer: Mir si matten an der Kris. Et gëtt ëmmer geschwat iwwer déi Konkurrenz tëscht de Résidenten an de Frontalieren. Kann een awer vu Konkurrenz schwätzen eigentlech, ass dat net kontraproduktiv, mir brauche se jo och fir Aarbechtsplazen ze schafen?

Nicolas Schmit: Ech mengen et ass ausser Debatt datt mir d’Frontaliere brauchen. Hätte mir d’Frontalieren net gehat, hätte mir eng Situatioun gehat, wou och an eisen Nopeschregioune Vollbeschäftegung gewiescht wier, dann hätte mir grouss Schwieregkeete gehat, well dann hätte mir jo, ou bien all déi Aarbechtsplazen net kënne schafen, an dat hätt jo ekonomesch, mä awer och enorm sozial Konsequenze gehat, oder mir hätte misste vill méi Immigratioun hunn. An och Immigratioun heescht, méi Wunnengen nach, a mir wësse jo wéi de Wunnengsmaart elo schonn hei zu Lëtzebuerg ass, respektiv Schoulen an esou weider. Mir hunn hei also e groussen Atout gehat, andeem mir op déi Leit aus der Grenzregioun konnten zielen.

Mä et ass ganz sécher, mir sinn en oppene fräien Aarbechtsmaart, an do spillt och eng gewësse Konkurrenz. An déi spillt zwësche Leit no hirer Ausbildung, no hirem Dynamismus, no hirer Disponibilitéit en Job unzehuelen, oder en eventuell net unzehuelen. Ech mengen dat kréie mir net aus der Welt geschaaft, an ass och u sech net onbedéngt schlecht. Wat awer och heescht, datt déi Leit, déi hei wunnen, sech mussen heiansdo mat deene moossen, déi eis Nopere sinn. An ech mengen dat geschitt vläicht net ëmmer.

Carole Schimmer: Wann een de lëtzebuerger Aarbechtsmaart analyséiert, da mierkt een awer och datt et eng Spléckung gëtt tëscht de Lëtzebuerger an den auslännesche Résidenten. Vill Lëtzebuerger schaffen entweder fir den ëffentlechen Déngscht, oder fir parastaatlech Strukturen. Ass dat net eng Gefor och fir d’Demokratie hei zu Lëtzebuerg?

Nicolas Schmit: Ma firwat ass dat esou? Dat ass eigentlech esou, well ganz laang fir an ëffentlechen Emploien eranzekommen, oder och heiansdo parastaatlech, oder an de Gemengen iwwerhaapt d’Méiglechkeet ze hunn en Job ze kréien, huet ee misse Lëtzebuerger sinn. An dat mécht natierlech, fir Schoulmeeschter ze ginn, huet ee misse Lëtzebuerger sinn, mä awer och fir an der Gemeng an engem Büro ze schaffen, an esouguer a gewëssene Servicer, wou een eigentlech net direkt hätt misse Lëtzebuerger sinn, huet ee misse Lëtzebuerger sinn. Dat mécht natierlech datt d’Lëtzebuerger dohi gaange sinn, well do och Lëtzebuerger gesicht gi sinn. Dat huet sech elo e bësse geännert.

Ech mengen déi Regelen déi sinn opgelockert ginn, mä trotz allem, an ech maachen och do kengem e Virworf draus, sichen d’Leit ganz oft eng gewësse Sécuritéit. Wann och nach bei d’Sécuritéit eng korrekt Bezuelung dobäi kënnt, dann ass et ganz normal datt d’Leit natierlech ganz oft deen Job préféréiere wéi en aneren. An dat mécht natierlech e bëssen déi Zweedeelung vun eisem Aarbechtsmaart. D’Lëtzebuerger éischter am ëffentlechen oder para-ëffentleche Secteur, an d’Résidenten, respektiv d’Frontalieren an der Privatekonomie. An dat musse mir natierlech rééquilibréieren. Dat ass extrem wichteg.

Carole Schimmer: Mä wéi dann?

Nicolas Schmit: Jo, éischtens emol andeem mir deen ëffentleche Secteur méi opmaachen, wat mir par ailleurs gezwonge sinn ze maachen. Haut muss een net onbedéngt Lëtzebuerger sinn, et muss een zwar heiansdo Lëtzebuergesch kënnen, mä et gëtt jo och Leit, déi net onbedéngt Lëtzebuerger sinn, an awer Lëtzebuergesch kënne schwätzen. Do si mir also obligéiert méi opzemaachen, wat u sech eng gutt Saach ass. A mir mussen et fäerdegbréngen och eng Rei vun eise Compatrioten ze iwwerzeegen an aner Secteuren erëm ze goen.

Mir hunn d’lescht Woch e Chiffer gesot kritt vum Handwierk. D’Handwierk ass ouni Zweiwel deen dynameschste Secteur wat d’Création d’emplois ubelaangt, bal 80.000 Emploien, a 15% vun deenen Emploie ginn duerch Résidenten, déi d’lëtzebuerger Nationalitéit hunn, besat. Ech mengen dat ass eppes wou muss dru geschafft ginn. Do mussen eng Rei Leit erëm gewise kréien, datt do och ganz valabel Jobbe sinn, an datt oft do och Qualifikatioune gesicht ginn, an och relativ sécher Jobben entstinn. An dofir kann do déi Zweedeelung net esou weider bestoen.

Carole Schimmer: Eng Remarque déi de Premier Jean-Claude Juncker op d’mannst zweemol gemaach huet, ass déi datt déi Jonk sollen an den Horesca-Secteur schaffe goen, amplaz näischt ze maachen. Ass dat net kontraproduktiv? Et ass jo awer e Secteur dee mat dëser Remarque net ganz valorisant kléngt.

Nicolas Schmit: Wann ee sech vill mat deene Problemer vum Aarbechtsmaart auserneesetzt, oder auserneesetze muss, beim Här Juncker sinn dat jo elo schonn e puer Joer hier, da mierkt een datt all Vereinfachung net ëmmer dat richtegt Bild reproduzéiert, an datt och eng einfach Léisung ganz oft net esou einfach fonctionnéiert.

Mä fir Iech ze soen, ech sinn elo amgaange mam Horesca-Secteur e Projet Jeunes auszeschaffen, wou mir jonk Leit, déi eigentlech net kënnen an eng Léier goen an deem Domaine, awer d’Chance ginn eng gewësse Formatioun, eng Formation de base ze kréien. An ech begréissen och datt dat zu Dikrech an der Hotelschoul soll ugoen, dat geet ufanks Juni, eng éischt Sessioun un. An da gesi mir. Dat si Jonker, déi sélectionéiert gi vun der Adem, déi ganz oft bis Maximum eng 9ième hunn, a wou mir deenen eng Chance ginn eng Basisformatioun ze kréie fir a Kichen, oder Service, oder Spull, an esou weider kënnen ze schaffen, an dann awer ganz schnell och eng Offer hannendru kréien. Et ass also e bëssen an deem generelle Kontext vun eisem Projet Jeunes, wou dat soll fonctionnéieren. An da gesi mir ob mir eng Rei Jonker do mobiliséiert kréien.

Sécher ass, an dat wëll ech wierklech alle Jonken un d’Häerz leeën, sech et ëmmer zweemol, voire dräimol ze iwwerleeën, wa se eng Offer refuséieren.

Mir liewen an enger schwéierer Zäit, mir liewen an enger Zäit wou et wichteg ass fir e Jonken an den Emploi ze kommen, an zwar schnell, also huelt déi Chance, wann een iech eng Chance bitt. Et gëtt nach ëmmer d’Méiglechkeet ee Moment ze soen, neen, dat do ass net fir mech, mä probéiert et, huelt d’Chance, gräift se. An ech mengen dat ass dat wat vill Jonker, besonnesch déi déi net ëmmer ganz gutt qualifizéiert sinn, solle verstoen.

Carole Schimmer: Mir komme méi spéit op de Beschäftegungsplang vun Ärem Ministère dann och zeréck, ënnert anerem och fir déi Jonk. Mä Här Schmit, Dir hutt e grousse Chantier ugefaangen am Kampf géint de Chômage. Dir sidd awer, Dir spillt awer eigentlech d’Roll vum Pompjee. Ass net Äre Parteikolleg Etienne Schneider éischter zoustänneg fir Aarbechtsplazen ze fannen, ze schafen?

Nicolas Schmit: Ech mengen d’Roll vum Pompjee ze spillen, ass net ëmmer einfach, mä si ass awer essentiell, well wann d’Pompjeeën net géifen agräifen, da géif et ganz oft grouss Katastrophe ginn. Also ech menge schonn, sécher ass den Aarbechtsminister och e Pompjee fir ze kucken, besonnesch da wa Leit hiren Job verléieren, wa Faillite sinn, wa Licenciementer sinn, wéi een do ka schnell agräifen. Mä den Aarbechtsminister kann awer net nëmme Pompjee sinn. E muss also och probéieren eng Struktur, eng Method an de Fonctionnement vum Aarbechtsmaart eranzebréngen, an dat Ganzt och méi laangfristeg auszeleeën. Do brauch hien natierlech d’Ënnerstëtzung ënnert anerem vum Wirtschaftsminister, dat ass ganz kloer, mä e brauch natierlech besonnesch d’Ënnerstëtzung vun der Éducatioun. Mir mussen also do enk zesummeschaffen, wat mir jo och ëmmer méi maachen. Et sinn also déi zwee Voleten, déi mussen anenee gräifen. Schnell reagéiere wa grouss Problemer um Aarbechtsmaart entstinn, mä awer och probéieren dat Ganzt nei ze strukturéieren. An dat ass natierlech eng Aarbecht, déi hëlt méi Zäit an. Ob dat elo d’Adem ubelaangt, oder och déi ganz Panoplie vu Mesuren, wou e gewëssene Wildwuchs an deene vergaangene Joeren entstanen ass, wou vill Suen dépenséiert ginn, an net ëmmer gekuckt gëtt ob se och wierklech am Endeffekt eppes bréngen.

Carole Schimmer: D’Oppositioun huet an der Chamber en Donneschdeg der Regierung de Virworf gemaach, a punkto Kompetitivitéit näischt gemaach ze hunn. Ee Beispill ass do d’Simplification administrative, wat och e wichtege Punkt ass, och fir Äre Secteur, well am Bausecteur zum Beispill do kënne se net schaffen, well se keng Autorisatiounen zum Beispill kréien. Wéi schafft Dir do mat Äre Parteikollegen dann zesumme fir awer trotz allem d’Situatioun, also Léisungen ze fannen?

Nicolas Schmit: Bein, éischtens emol ënnerstëtzen ech déi Efforten, déi den Etienne Schneider an deem Beräich mécht.

Ech sinn och der Meenung datt mir hei missten e grousse Befreiungsschlag woen. Mir mussen dee Staat hei erëm moderniséieren. Mir mussen en entschlaken, mir mussen en déburokratiséieren, well soss stelle mir eis eigentlech dauernd ëmmer nei Barrièren an de Wee. A besonnesch déi jonk Leit, déi déi en Job wëllen, oder déi Aarbechtsplaze wëlle kreéieren, sief et well se grouss Iddien hu fir Chantieren ze maachen, oder anerer. Dat ka jo net sinn.

Ech menge mir hunn hei am Land Wunnengsnout, mir bräichten also méi Wunnengen, an heiansdo héiert een datt Projeten, och wat Wunnengen ubelaangt, joerelaang schleefen, iert se hei kënne realiséiert ginn. Dat ass schlecht. Do musse mir wierklech duerchgräifen. An ech bedaueren, datt dat net mat méi enger grousser Vitesse geschitt, datt do net och méi duerchgegraff gëtt. Mä bon, ech mengen do huet jo den Etienne Schneider och eng ganz Rei Iddie bruecht, an et gëllt déi och elo wierklech ëmzesetzen.

Carole Schimmer: Indirekt huet dat jo och en Impakt op d’Präisser vum Wunnen. Dat huet jo och de Claude Meisch vun der DP en Donneschdeg gesot. Dat huet en Impakt op d’Lounkäschten, d’Leit musse jo vun hirem Loun dezent kënne liewen. Dat heescht, wéi gesitt Dir elo zum Beispill déi Propose vum Claude Meisch, och e Pakt anzeféieren tëscht Patronat an de Gewerkschafte fir d’Lounkäschten da moderat ze halen, voire eng Indextranche falen ze loossen?

Nicolas Schmit: Ma éischtens emol hu mir den Index jo awer gebremst.

Zweetens hunn ech net d’Impressioun datt momentan bei de Kollektivverträg d’Saachen aus dem Rudder lafen. Mir hunn zwar eng Rei Problemer a verschiddene Secteuren, wou et net zu Eenegunge kënnt. Déi hänken awer och nach mat anere Problemer zesummen.

Also ech menge schonn datt mir eng gewësse Retenue hunn, an datt mir déi och elo brauchen. Mä dat ass awer d’Saach vun de Sozialpartner, do soll de Staat sech emol à priori eraushalen.

De Staat ass do fir den Index. Ech mengen do hu mir d’Tranche jo déportéiert. Mä wat d’Verhandlungen zwëschent de Sozialpartner ubelaangt, dat ass d’Saach vun de Sozialpartner. Sécher stinn ech ëmmer zur Verfügung fir och do ze hëllefen, oder Mediatioun ze maache wann dat gefrot ass, mä dat ass essentiellement d’Saach vun de Sozialpartner.

Ech mengen déi Fro vun de Léin, gëtt e bëssen iwwerbewäert, iwwerbewäert. Et ass net do wou Lëtzebuerg eigentlech hannendru leeft. Wann een do d’global Lounkäschte kuckt, da sti mir do europawäit, an och par rapport zu eisen Noperen net esou schlecht do.

Mä sécher ass et esou datt duerch eng Rei präislech Entwécklungen, a besonnesch am Wunnengsmaart, de lëtzebuerger Mindestloun, deen deen héchsten ass an Europa, wahrscheinlech e Pouvoir d’achat huet dee manner ass, wéi a Länner wou de Mindestloun manner héich ass, eben haaptsächlech duerch déi Problemer vun de Loyeren, a vun de Wunnkäschten, déi explodéiert sinn. An dat ass eise wonne Punkt, net säit gëschter, scho säit länger Zäit. An do gi jo Efforte gemaach.

Ech mengen den Här Schank mécht do Efforten déi louabel sinn, mä och do misste mir eng Schëpp bäileeën, ech Schëpp noleeën. An do komme mir dann och erëm an déi Problematik vun de Prozedure fir méi Wunnengen, an och Wunnengen déi gutt Qualitéit, awer och sozial Präisser hunn, respektiv och Loyeren déi sozial ausgeriicht sinn. Ech mengen deen Effort misst eigentlech verstäerkt ginn.

Carole Schimmer: Wat sot Dir dann zur Indexfro? Op där enger Säit seet den LSAP-Parteipresident, Alex Bodry, datt ee géint d’Ofschafe vum Indexsystem ass. Den Här Juncker schwätzt vun enger Deckelung vum Index. Wéi kann d’Koalitioun an dëser Fro eventuell no den nächste Wahlen, deemno wéi et ausgeet, sech driwwer eensginn?

Nicolas Schmit: Bein, zwëschen haut an där nächster Koalitioun sinn ebe Wahlen, an do mussen d’Leit och eng kloer Optioun presentéiert kréien.

Ech hale vun der Deckelung, soen ech ganz éierlech, vum Index net ganz vill. Esou wéi se presentéiert ass, hëlleft d’ailleurs deene klenge Betriber wéineg. An den Index ass net eng Saach wou ee sozial Gerechtegkeet domat organiséiert. Do sinn aner Instrumenter dofir do.

Et gëtt an der Ekonomie eigentlech eng Regel, déi seet, fir all Objektiv muss een een Instrument hunn. An et kann een net dat selwecht Instrument fir X Objektiver gebrauchen. Dat ass eng Grondregel an der Ekonomie, enfin déi gëtt heiansdo och vergiess. Dofir halen ech vun där Deckelung net ganz vill.

Mir mussen einfach de Kontroll iwwer eis Präisser halen. Ech menge mir hunn et elo fäerdegbruecht Präisberouegung ze maachen. Ech hu gesot, mir hunn Tensioun um Wunnengsmaart. Mir hunn och an anere Secteuren Tensioune wat d’Präisser ubelaangt. Mir mussen also, Lëtzebuerg dierf net op engem Präisniveau leien, wat iwwer dem Präisniveau vun eisen Haaptkonkurrenten, respektiv Noperen ass. An do gëtt et Situatiounen wat een nennt, gewësse Renten, déi sech do breet gemaach hu wou d’Präisser zu Lëtzebuerg méi schnell sech entwéckele wéi an anere Länner. Dat musse mir kontrolléieren. An da musse mir natierlech en A drop halen ob mir mat engem normalen Indexsystem kënne fueren, oder ob deen heiansdo muss gebremst ginn. Dat geschitt jo elo.

Mä op där anerer Säit muss ech awer och bemierken, datt all déi Leit, déi net an engem Kollektivvertrag sinn, wann déi keen Index hätten, da wieren déi säit Joeren net ugepasst ginn, a mir wieren amgaangen och e Land ze ginn, wou et eng absolut Niddereglounsecteure géife ginn, wou d’Leit eigentlech mat hirem Loun ëmmer méi, et ëmmer méi schwiereg kréiche fir en normaalt, korrekt, ech géif soen, dezent Liewen ze féieren. An dat ass eng Visioun déi ech net deelen.

Carole Schimmer: Stéchwuert RMG, en aneren Diskussiounspunkt dës Woch an der Chamber. Et koume vill Remarquen a leschter Zäit iwwer de Revenu minimum garanti. D’Caritas schwätzt do vu populisteschen Aussoen, wa gesot gëtt, datt d’Schaffe sech misst lounen, déi meescht Leit géifen nämlech schaffen, a géifen net genuch verdénge fir den Niveau vum RMG ze erreechen. Firwat déi ganz Diskussioun, déi och vum Premier Jean-Claude Juncker lass getrëppelt gouf?

Nicolas Schmit: Éischtens, schaffe musse sech lounen, an dat heescht an engem duebele Sënn. Dat wat mir virdrun elo diskutéiert hunn, wann ech schaffen, da muss ech korrekt bezuelt ginn, an dat muss mir erlaben e korrekt, dezent Liewe kënnen ze féieren. Dat heescht, mech logéieren, menge Kanner eng Zukunft ze bidden.

Et ass skandaléis, wann ech gesinn, datt dat räicht Exportchampionsland vun der Welt Leit offäerdegt mat 400 Euro, mat Hartz IV, wou d’Kanner net kënnen an der Schoul iergendwou déi normal Aktivitéite matmaachen, well d’Elteren déi Suen net hunn. An dann iwwer Mesure probéiert gëtt, 5 Euro hei, oder 6 Euro do bäizesteieren. Dat fannen ech e Skandal, dat ass engem normale Sozialstaat net wierdeg. Dat ass also en éischte Punkt.

Schaffe muss sech also lounen, dat heescht, d’Léin mussen en dezent Liewen erlaben.

Natierlech muss schaffe sech och loune par rapport zu deene Leit, déi net kënne schaffen oder d’Méiglechkeet net hunn, sief dat well se am Chômage sinn, oder sief dat well se aner Problemer hunn. An dat muss een dann ausbalancéieren. Mä et ass ëmmer geféierlech, wann een op esou en Terrain geet, an dann doraus rapid Conclusiounen zitt. Ech menge mir kruten an der Chamber jo Chiffere geliwwert, datt et do Differenze gëtt.

De Problem beim RMG ass, wien huet d’Recht op den RMG? Wéi einfach kann een den RMG kréien? Wat maache mir fir Leit aus dem RMG erauszekréien? Do musse mir usetzen. Dat ass ganz kloer. Mä dat geschitt awer och zum Deel. Et gëtt honnerte Leit déi am RMG sinn, déi schaffen, déi eng ATI hunn, déi vum SNAS also an den Aarbechtsmaart gefouert ginn. Wichteg ass, datt déi och aus där ATI erauskommen an en normale Contrat de travail kréien, well soss bleiwe se awer ëmmer erëm stigmatiséiert mat hirer ATI.

Ech hunn der nach virun e puer Deeg op enger Plaz begéint, Leit déi scho säit 7, 8 Joer an enger ONG schaffe mat enger ATI. Dat ass u sech net ganz normal. Mä déi Debatt [gëtt ënnerbrach]

Carole Schimmer: Wou se déi selwecht Aarbecht maache wéi anerer?

Nicolas Schmit: Wéi anerer, absolut. Mir mussen aus där Debatt do erauskommen, mä mir mussen natierlech den RMG op de Métier huelen. Ech mengen dat wollt schonn d’Madame Jacobs, ech hoffen, datt den Här Spautz elo nach Zäit huet fir dat ze maachen.

Et ass extrem urgent deen RMG op de Métier ze huelen. Et ass e valabelt Instrument, mä et kann a gewëssene Situatiounen och e geféierlecht Instrument ginn.

Et kann net sinn, datt op eemol Generatiounen am RMG verbleiwen, datt d’Kanner op eemol mierken, hei do gëtt et awer och eng Méiglechkeet. Dat ass d’Gefor an deem System. An do muss een entgéintwierken, do muss e vläicht sech Instrumenter dobäi ginn, déi dat évitéieren. Just ee Beispill.

Ech sinn elo amgaange besonnesch déi schwaach Jonk ze mobiliséieren. Da kréien ech gesot, jo wann d’Elteren elo den RMG kréien, an dee Jonken dee wunnt doheem, dann u sech ass d’Gefor do datt d’Elteren entweder den RMG ewechgeholl kréien, oder ofgebrach kréien am RMG, an da probéieren natierlech heiansdo dem Jonken ze soen, ma huel dach elo deen Job do net un, well wann s du deen Job do unhëls, da verléiere mir den RMG. Dat si reell Situatiounen, do musse mir kucke wéi mir déi besser an de Grëff kréien, an eigentlech net géint d’Aktivatioun, géint d’Aarbecht légiféréieren.

Carole Schimmer: Um europäesche Plang si jo och nei Reformen an deem Beräich geplangt. Wat kënnt op eis zou?

Nicolas Schmit: U sech sinn net enorm nei Reforme geplangt, mä wat natierlech e Punkt ass, dat ass, datt mir an enger Zäit liewen an Europa, wou extrem vill Leit bougéiere mussen.

Ech war gëschter zu Paräis zwëschent enger Rei vu Ministeren, Sozialdemokraten a sozialistesche Ministeren, Aarbechtsministeren, wou mir drop wierklech drängen, datt mir eng Kurskorrektur an Europa kréien, à la fois wat d’Wirtschaftspolitik ubelaangt - ech mengen do si jo och dës Woch eng Rei nei Message komm - wat awer och d’Sozialpolitik, d’sozial Dimensioun an Europa ubelaangt, ech mengen do hu mir eng Rei Propositioune gemaach.

Mä d’Situatioun ass an engem Land wéi Portugal, an engem Land wéi Spuenien, wou 30%, 40%, 50% vun deene Jonke besonnesch am Chômage sinn, do ass déi eenzeg Hoffnung ze bougéieren. Elo hunn ech perséinlech näischt dogéint datt jonk Leit bougéieren, an op aner Plazen en Job siche ginn. Mä et kann natierlech net sinn, datt op där enger Säit d’Leit déi an engem relative Misère liewen, op eng aner Plaz gi fir do erëm Misère ze erliewen, an dann do an d’Sozialsystemer erakommen, an déi Sozialsystemer extrem belaaschten.

An e klengt Land wéi Lëtzebuerg huet do natierlech Limiten. An do musse mir kucke wéi mir dat och kënnen nei opstellen. Do gëtt et zum Beispill eng Iddi, datt eigentlech Europa géif en Deel vun de Chômagesuen, besonnesch an deenen aarme Länner, iwwerhuelen.

Mir brauche méi Solidaritéit, keen Débat. Mir brauchen awer och dofir méi Instrumenter, e besseren europäesche Budget, eng sozial Dimensioun an Europa, déi mir momentan net hunn.

Mir brauchen en Ewechkomme vun där absoluter Austeritéitspolitik, déi eis an eng Sakgaass gefouert huet, eng Rei Länner, mä u sech ganz Europa. Mir sinn déi eenzeg Regioun an der Weltwirtschaft momentan, déi an enger Rezessioun ass. All déi aner Géigende sinn erëm op enger normaler wirtschaftlecher Entwécklung. Esouguer d’Japaner déi Joerzéngten elo praktesch an der Rezessioun waren, déi sinn amgaangen erauszekommen.

Mir Europäer, y compris e Land wéi Däitschland, sinn an enger Rezessioun, oder net wäit dovun ewech. An dofir schéngt et mir jo kloer ze sinn, datt do en Ëmdenken an Europa muss kommen.

Carole Schimmer: Et gesäit ee jo och datt vill Portugise wëlle fortgoen, ebe well se keng Aarbechtsplaz bei hinne fannen. Gëtt et hei zu Lëtzebuerg e Phänomen vu Leit, déi fir 6, 7 Wochen eben en Job fannen, an dann awer erëm op der Strooss sinn?

Nicolas Schmit: Absolut. Ech mengen ech hu vill Kontakt och mat deene portugiseschen Associatiounen, déi par ailleurs eng super Aarbecht maachen [gëtt ënnerbrach]

Carole Schimmer: Déi méi Moyene froen och.

Nicolas Schmit: Voilà, déi heiansdo méi Moyene froen, mä déi awer wierklech fir vill Leit deen eenzege Stréihallem sinn, wann op eemol alles zesummebrécht, besonnesch fir déi déi kommen, mat Kanner kommen, a wou näischt méi fonctionnéiert.

An dat ass eigentlech dat schlecht Bild wat mir momentan vun Europa erliewen. An et ass och net esou, wou mir de Leit erëm Europa nobréngen.

An et kann natierlech och keng Léisung sinn, datt déi Leit déi op enger Plaz keng Jobbe méi hunn, well och op eng brutal Aart a Weis Aarbechtsplazen ofgebaut ginn, dann op eng aner Plaz ginn, wou awer net deementspriechend nei Aarbechtsplazen, besonnesch wann et sech em net besonnesch qualifizéiert Leit handelt, entstoe kënnen.

A sécher, libre circulation ass en Acquis vun Europa, mä et kann net an deem Sënn esou fonctionnéieren, wann Europa allgemeng an enger Wirtschaftskris ass, wéi dat momentan de Fall ass.

Carole Schimmer: Kann een dann hei zu Lëtzebuerg vun Ausbeutung vun deene Leit schwätzen, oder net?

Nicolas Schmit: Ech mengen do sinn allméiglech Situatiounen, wou och déi do, déi Dir mentionéiert hutt, net ëmmer auszeschléissen ass.

Mir hunn e Problem op Chantieren, wou Entreprisen als Sous-traitanten opkommen, wou déi Leit net korrekt bezuelt ginn, wou d’Aarbechtsbedéngungen net deenen entspriechen, déi hei zu Lëtzebuerg misste respektéiert ginn. An dofir sinn ech jo elo mat den, definitiv mat den Employeuren an de Gewerkschaften aus dem Bau eens, datt vum September un de Badge social wäert ginn zu Lëtzebuerg. Dat huet e bëssen Zäit gebraucht, mä mir wäerten am September dee Badge social hunn, an dofir och esou Situatioune vu sozialem Dumping muss ofgebaut, voire total évitéiert ginn.

Carole Schimmer: Här Schmit, et ass elo halwer eng, Zäit fir en Noriichteniwwerbléck.

An dir héiert weiderhin d’Émissioun “Riicht eraus�?. Invité haut ass den Aarbechts- an Immigratiounsminister Nicolas Schmit.

Här Schmit, am éischten Deel hu mir e bësse gekuckt wéi den Aarbechtsmaart sech géing entwéckelen. Dir hutt mat Ärem Ministère e ganzen Aktiounsplang och lancéiert fir éischtens emol präventiv kënnen ze handelen.

Eng vun de Moossnamen déi ganz wichteg war och um Ufank vun der Kris, war de Maintien dans l’emploi. Do froen d’Gewerkschaften awer wierklech eng Reform fir datt déi zum Beispill obligatoresch ginn, déi Moossnamen.

Nicolas Schmit: Ma mir hunn, wat de Maintien dans l’emploi, ubelaangt, e klenge Groupe de travail mat de Sozialpartner aberuff. Mir sinn amgaangen och den Impakt vun deene Plans de maintien ze studéieren.

Ech hunn do de CEPS gefrot eis do e Bilan ze maachen, eng Évaluatioun ze maache wat déi Pläng bruecht hunn, och op Wonsch vun de Sozialpartner. Mir sinn also amgaangen ze kucken a wéi eng Richtung een dat wichtegt Instrument, wat jo mäi Virgänger geschaaft huet, ech muss awer gerecht och do sinn, datt mir dat kënne vläicht adaptéieren och op déi aktuell Situatiounen, déi mir an de Betriber fannen.

Carole Schimmer: Eng Revendikatioun vun de Gewerkschaften ass och déi datt déi Betriber déi sech net un d’Regele vum Maintien dans l’emploi halen, datt déi solle kënne sanktionéiert ginn. Och froe se méi Kontroll, a vläicht méi Missioune fir de Comité de conjoncture an deem Sënn.

Nicolas Schmit: Jo, wat de Comité de conjoncture ubelaangt, ech mengen dat ass e wichtegt Instrument, dat och méi, nach méi, géif ech soen, präventiv muss agéieren. Mä oft ass dat net einfach, well heiansdo si mir a Situatiounen, wou mir op eemol hei um Radio oder an der Zeitung liesen, datt eng Firma faillite gaangen ass. Mir haten dat elo mat enger traditiounsräicher Firma, déi iwwer 70 Leit beschäftegt huet, wou ni ee mir gesot hat, datt déi Firma a Schwieregkeete war, an do dann op eemol héiert een, déi Firma ass Faillite. An do spillen e puer Faktore mat.

Éischtens bon datt och d’Employeure méi mam Comité de conjoncture zesumme schaffe wann et op eemol Schwieregkeete gëtt.

Zweetens mengen ech ass e wichtege Rôle vum Dialogue social am Betrib, an dofir hunn ech jo nach e Projet, dee jo, kënne mir och driwwer schwätzen, iwwer den Dialogue social fir den Delegatiounen, an och an engem gewëssene Sënn de Sozialpartner do méi Rechter ze ginn, fir och d’Situatioun vun der Firma kënne mat ze suivéieren, an dann och Alerte ze déclenchéieren, wann et Problemer ginn.

Wat elo de ganze System, op dee soll contraignant ginn oder net, doriwwer léisst sech diskutéieren. Ech wëll deem och net virgräifen, vu datt mir déi Verhandlungen an deem Groupe de travail hunn.

Carole Schimmer: Dir hutt vu méi Kontroll geschwat. Och de Sozialminister Mars Di Bartolomeo huet proposéiert, datt een zum Beispill bei de Cotisatiounen ebe fréizäiteg kuckt, wat eigentlech mat där Entreprise do lass ass, well dat si jo déi Dépensen, déi als éischt ausfalen.

Nicolas Schmit: Déi oft als éischt emol [gëtt ënnerbrach]

Carole Schimmer: Gestrach ginn.

Nicolas Schmit:...gestrach ginn, oder retardéiert ginn. Sécher ass dat e gudde Clignotant.

A wann also e Problem entsteet an enger Firma, wa se op eemol zwee, dräi Méint hir Cotisations sociales net offéiert, da misst eigentlech eng rout, oder eng orange Luucht ugoen, an da misst de Comité de conjoncture sech mat deem Dossier befaassen. Dat misst een nach méi systematiséieren. Mir probéieren dat, datt effektiv déi Kooperatioun zwëschent der Sécurité sociale op där enger Säi, a Comité de conjoncture, wat jo à a la fois de Wirtschaftsminister an den Aarbechtsminister ass, datt dat besser nach ka fonctionnéieren.

Carole Schimmer: An deem Kontext kann een net dolaanscht komme fir iwwer d’Situatioun bei Objectif Plein Emploi ze diskutéieren. D’Situatioun ass zwar net déi selwecht wéi déi vu ProActif. Mä prinzipiell, misst den Aarbechtsministère do net méi Kontrollen aféieren?

Nicolas Schmit: Bein, ech géif d’Fro e bësse stellen, hätt den Aarbechtsministère net méi Kontrollen aféiere missten? Well ech mengen, ech hunn ugefaangen [gëtt ënnerbrach]

Carole Schimmer: Ass et net ze spéit?

Nicolas Schmit: Neen, ech mengen et ass ni ze spéit an engem gewëssene Sënn. Mä ech hunn eigentlech ugefaangen emol wierklech Kontrollen do anzeféieren. Ech wëll net soen, datt do näischt virdru geschitt ass, do sinn och Kontrolle gemaach ginn, do sinn och Audite gemaach ginn. Mä et sinn, mengen ech, net ëmmer d’Konsequenzen aus den Audite gezu ginn. D’Audite si gemaach ginn, bon, an da si se wahrscheinlech an engem Tirang vergiess ginn.

Mir hunn en Audit gemaach, mir hunn deen ëffentlech gemaach, mir hunn deen transparent gemaach. Ech sti fir Transparenz, wat, mengen ech, och absolut indispensabel ass an engem demokratesche Staat, wou och de Steierzueler Recht drop huet ze wësse wat mat senge Sue geschitt. A wa Feeler geschitt sinn, da mussen déi och corrigéiert ginn, an eventuell och sanktionéiert ginn. An dat hu mir gemaach. An dee System vu Kontrollen, deen ass en place elo.

An esou Situatioune wéi bei ProActif virdrun, beim OPE elo, sinn, ech wëll net soen total onméiglech, mä op jiddwer Fall vill manner probabel.

Carole Schimmer: Et huet ee vun enger katastrophaler Gestioun bei Objectif Plein Emploi geschwat. Et huet een och iwwer déi héich Peie geschwat. Bei enger anerer Organisatioun, de Forum pour l’emploi, gouf ganz einfach de Kollektivvertrag vum SAS-Secteur applizéiert. Misst een dat net generaliséieren einfach?

Nicolas Schmit: Bein, ech hu mat där Initiativ déi dee Kollektivvertrag applizéiert dat och, absolut deem Rechnung gedroen. Ech hunn och mat deenen aneren dodriwwer geschwat. Ech kann natierlech keen obligéieren an esou e Kollektivvertrag eranzegoen [gëtt ënnerbrach]

Carole Schimmer: Firwat dann net, iwwer d’Konventioun zum Beispill?

Nicolas Schmit: Jo, mä ech krut gesot, mir hunn eis eege Regelen, mir hunn eis eege Kollektivverträg.

Par ailleurs war dat och ni esou kloer virdrun, ob dee Kollektivvertrag, ob deem géif Rechnung gedroe ginn, wat ech e bësse paradoxal fannen, well als Aarbechtsminister sinn ech natierlech dofir datt e Maximum vu Kollektivverträg ofgeschloss ginn, an datt och e Maximum vu Leit ënnert de Kollektivvertrag falen.

Also ass et normal datt do wou de Staat intervenéiert, en eigentlech misst encouragéieren, och wann dat heiansdo e bësse méi deier gëtt, sinn ech domat d’accord, datt Kollektivverträg respektéiert ginn, an och applizéiert ginn. Bon, dat war hei net de Fall bei OPE, dofir hu mir och déi Situatioun déi mir do virfonnt hunn, vun Net-Duerchsiichtegkeet, vun Net-Transparenz.

Iwwer d’Salaire wëll ech elo näischt Spezielles soen, ech mengen do ass alles driwwer gesot ginn. Ech mengen dee Kapitel, trauregst Kapitel u sech ass elo definitiv zou.

Carole Schimmer: Definitiv, mä wéi héich ass de reellen Defizit da vun Objectif Plein Emploi? Et gëtt jo eng Dette à long terme vu 4,5 Milliounen, plus e strukturellen Defizit vun 1,5 Milliounen, dobäi kënnt eng Schold vun 1,8 Millioune vis-à-vis vun de Gemengen. Ass dat alles, oder kënnt do nach eppes dobäi?

Nicolas Schmit: Bein, ech hu Wëlles do nach eemol en Auditeur ze froe fir do den definitive Stand vun der Situatioun ze kucken, musse mir och vläicht zesumme mat verschiddene Gemenge maachen [gëtt ënnerbrach]

Carole Schimmer: Wie kënnt dofir op, och?

Nicolas Schmit: Bein, wësst Dir wann eng Entreprise a Faillite geet, an et ass näischt méi do, a beim OPE ass näischt do, dann ass dat eng Perte.

Hei géif ech soen, déi Suen, déi de Staat jo do ginn huet, déi sinn eigentlech an d’Salaire vun de Leit gaangen, dat ass also net elo iergendwou higaangen, dat ass an d’Salaire vun de Leit gaangen.

Mä et ass kloer, hätte mir deemools déi Suen net ginn, mä si waren net déi Eenzeg déi Sue kritt hunn, de Forum huet der deemools och kritt aus anere Grënn natierlech, dann hätten deemools schonn d’Dieren zougemaach, an engem Moment wou awer nach keen an de CIGë bereet war dat selwer ze iwwerhuelen.

Ech freeë mech dat eigentlech, ech muss mech emol éischtens froen heiansdo wéi d’CIGen esou laang konnten nokucken, well ech hat jo, ech war, och oft wou ech déi CIGen zesummegeruff hunn, wou lues a lues op eemol e Bewosstsënn komm ass, datt eben do Abusë stattfonnt hunn. Bon, ech menge mir hunn dat elo op eng rapid Aart a Weis geléist. Mir probéieren elo déi Leit, déi zu Schëffleng haaptsächlech geschafft hunn, iwwer eng Journée de l’emploi de 25. ze kucke wéi mir deenen eng Perspektiv kënne bidden, wou Méiglechkeete sinn erëm eng Aarbecht ze fannen.

Mä ech muss soen dat Kapitel OPE, wat jo net nëmmen negativ ass, mä wat awer och vill negativ Säiten huet, wann een och elo e bëssen an d’Vergaangenheet zeréck kucke geet, ass elo fir mech definitiv zou. An et ass och en Zeechen datt et net méi esou Situatiounen dierf ginn, weder wéi bei ProActif, nach wéi bei OPE oder anerer.

Carole Schimmer: Et gouf jo och iwwer de juristesche Problem geschwat, datt eng Asbl net ka Faillite goen.

Wat geschitt elo mat deene Leit, déi elo am Mee do schaffen, déi gesot kréien, dir musst schaffe kommen, soss ass et eng Faute grave, an op där anerer Säit kréie se gesot, mir hunn awer keng Sue fir iech ze bezuelen?

Nicolas Schmit: Ma ech menge wann e Patron seet, ech hu keng Sue fir dech ze bezuelen, mä du muss schaffe kommen, dann ass et emol fir d’éischt de Feeler beim Patron, dee seng Leit net bezilt. D’Faute grave kann och op der Säit vum Patron sinn. An dat ass och, mengen ech, dat wat mir elo applizéieren. Déi Leit déi wäerten de Chômage kréien, well eben dat do eng speziell Situatioun ass, déi Situatioun ass gekläert.

Carole Schimmer: Dat heescht, datt déi Leit alleguer, déi 100 déi entweder am Préavis nach sinn, oder déi nach do schaffen, déi wäerten alleguer fir de Mount Mee eng Pei kréien, oder op alle Fall, oder de Chômage?

Nicolas Schmit: Oder an de Chômage kommen, oder an de Chômage, an dann och eng Indemniséierung kréien. Wann et kloer ass, datt de Patron se net ka bezuelen, da gëtt et jo och an deem Sënn kee Préavis, well de Patron jo net sengen Obligatioune kann nokommen. An ech hat och do Kontakter och mat de Leit, mat der Delegatioun, an och mat enger Gewerkschaft. Déi Situatioun déi wäerte mir esou klären.

Carole Schimmer: Ech krut gesot, datt de sektorielle CIG vun Objectif Plein Emploi och eng Konventioun gefrot huet fir déi 30 Leit, oder esou, déi eben an deem CIG schaffen, Dir hätt déi refuséiert. Stëmmt dat?

Nicolas Schmit: Bein, ech krut eng Propositioun gemaach vun anere CIGen dat zum Deel ze iwwerhuelen, an dat geschitt och. Ech mengen Déifferdeng an Esch iwwerhuelen e groussen Deel vun deem CIG, dee jo u sech iwwer OPE direkt da finanzéiert ginn ass. An domat, mengen ech, hu mir och dee Problem gréisstendeels geléist.

Carole Schimmer: Dat heescht, d’Ilot Clown zum Beispill, hutt Dir déi [gëtt ënnerbrach]

Nicolas Schmit: D’Ilot Clown ass e spezielle Fall, well et muss ee mir erkläre wat Ilot Clown mat Initiative d’insertion à l’emploi ze dinn huet.

Ech mengen d’Ilot Clown ass eng ganz schéin Initiativ, déi och soll a muss um Liewe gehale ginn, mä et ass net eng Initiativ, wou ech eigentlech d’Leit erëm preparéiere fir en Job ze kréien. Dat ass eng Initiativ déi extrem wichteg ass fir déi Kanner déi krank sinn, dat ass jo hir Finalitéit, mä dat huet eigentlech näischt mat enger Politique de réinsertion dans l’emploi ze dinn.

Déi Leit déi Ilot Clown waren, ech weess net wou déi dann duerno en Job, bon. Dofir muss een do aner Weeër, an aner Solutioune sichen, mat aner Associatiounen, ech mengen dat misst méiglech sinn.

Carole Schimmer: Et gëtt och en neie juristesche Statut fir esou Initiative gefuerdert. Déi Gréng fuerderen zum Beispill eng kommerziell a sozial Gesellschaft. Wéi stitt Dir dozou? Ass dat net néideg, well eng Asbl ass jo net gemaach fir esou Responsabilitéiten?

Nicolas Schmit: Absolut, ech sinn och der Meenung datt d’Asbl net onbedéngt dee richtege Kader ass.

Ech menge mäi Kolleg, de Romain Schneider, dee schafft jo do drun, an ech hoffen, datt mir dat relativ schnell kréien. Well effektiv och déi Experienz elo vun OPE weist eis, an déi aner sinn net anescht, datt dat do, eng Asbl net dee richtege Kader méi ass.

Carole Schimmer: Envisagéieren d’Gemengen och eng Plainte ze maachen, oder wéi gesäit et do [gëtt ënnerbrach]

Nicolas Schmit: Dat musst Dir d’Gemenge froen, dat weess ech net. Et si jo Plainten annoncéiert ginn. Ob déi elo gemaach gi sinn, dat weess ech net.

Bon, ech hale mir dat Recht natierlech vir, mä ech wëll awer och ganz kloer emol stelle wou et eventuell da Verfeelungen, besonnesch wat d’Fonds publics vum Staat ubelaangt, gi sinn. Wann dat de Fall sollt sinn, da kënnt och eng Plainte no.

Ech menge bei ProActif hu mir eng Plainte gemaach. Wann dat hei muss sinn, da maache mir och hei eng. Mä ech mengen, ech hunn do gewisen, datt ech do net verschidde Poids et Mesures applizéieren.

Carole Schimmer: Bei de Beschäftegungsmoossname gouf, oder Initiativen, gouf ëmmer gesot, si beschäftegen d’Leit, forméiere se vläicht net genuch a placéiere se vläicht net genuch. Wat wëllt Dir eigentlech mat deene CIGLen elo maachen?

Nicolas Schmit: Bein, ech mengen, emol éischtens wat ech wëll maachen, ech hunn dat jo an der Chamber annoncéiert, mir mussen e Bilan maache vun deem ganzen Instrument Beschäftegungsinitiativ. Ech mengen dat ass mat vill guddem Wëllen, mat vill gudden Intentioune geschaf ginn an den 1990er Joeren. Mir mussen e Bilan maachen, e seriéise Bilan, dat ass net e finanzielle Bilan alleng, dat ass haaptsächlech emol ze kucke beschäftegungsméisseg wat hunn déi bruecht, a wat kënne se bréngen. An da kucke wéi déi fonctionnéieren, oder fonctionnéiert hunn, an dat dann adaptéieren. Dat ass eng vu menge Prioritéite fir déi Zäit bis 2014, déi jo nach bleift, fir och do méi Kloerheet ze kréien, an och dat Instrument ze adaptéiere par rapport zu sengem Objektiv, den Objektiv ass d’Leit erëm an den Aarbechtsmaart ze bréngen.

Ech muss awer dobäi soen, ech war virun e puer Deeg am héijen Norden, zu Ëlwen, bei enger Beschäftegungsinitiativ wou ech awer gesinn hunn, datt ee ka mat ganz bescheidene Moyenen, mä mat vill Asaz, formidabel Aarbecht maachen. Dat ass eng Initiativ déi mir ënnerstëtzen, wou wierklech eng ganz gutt Aarbecht gemaach gëtt.

Dofir géif ech natierlech virdru warnen, elo dat alles wëllen an een Dëppen ze geheien, an do einfach ze soen, d’Beschäftegungsinitiativen dat bréngt näischt.

D’Beschäftegungsinitiativen hunn eppes bruecht, bréngen och eppes, mä mir musse se iwwerdenken ebe fir besser eigentlech erëm hiren Ziler gerecht ze ginn.

Carole Schimmer: Här Schmit, Dir hutt mat Ärem Aarbechtsministère eng ganz Rei Moossname fir déi Jonk virgesinn, notamment eng Garantie Jeunes. Dir plädéiert jo och um europäesche Plang fir esou eng Garantie Jeunes. Net all Jonken huet awer hei zu Lëtzebuerg bei der Adem eng Moossnam ugebuede kritt bannent enger gewëssener Zäit.

Nicolas Schmit: Bein, ech hu jo net gesot, datt déi Garantie Jeunes 100%eg hei zu Lëtzebuerg applizéiert gëtt, an dofir muss ech och nach eemol soen dat wat ech an der Chamber gesot hunn. Ouni Renforcement vun de Moyenë vun der Adem, an ech war do ganz modest eigentlech, ech froe 25 Leit elo méi, well ech och do virun e puer, viru 14 Deeg an der Schwäiz war, an ech gesinn hu wéi se an der Schwäiz schaffen, a mir sinn do net op deem richtegen a gudden Niveau, mir hunn dat och an der Vergaangenheet negligéiert, mir hunn do net d’Prioritéite bei d’Aarbecht gesat, mir hu se vläicht iergendwou anescht gesat, mä net do, also musse mir dat rattrapéieren. Dat ass also, ouni dee Renforcement vu Leit brénge mir natierlech déi Garantie Jeunes net fäerdeg. Mir wëlle se awer fäerdeg bréngen.

Et wier schlecht, et wier skandaléis, géif ech scho bal soen, wa Lëtzebuerg dat Land wier, wou déi Garantie Jeunes net géif praktesch fir jiddwereen, fir all Jonken ëmgesat géif ginn. Also musse mir eis déi Moyenë gi fir déi ëmzesetzen.

Net all Jonke wäert eng Mesure kréien, ech hoffen, datt och vill Jonker en Job kréien, ech hoffen, datt eng Rei Jonker erëm an d’Schoul zeréck ginn, oder respektiv an en Job an an d’Schoul zeréck ginn. Do gëtt et eng Rei vu Méiglechkeete fir déi Jonk.

Mä wat wichteg ass, dat ass, datt kee Jonke während enger längerer Zäit alleng gelooss gëtt, einfach lénks leie gelooss gëtt. Dat ass inakzeptabel, dat ass eigentlech de Sënn vun der Garantie Jeunes, datt eppes Seréises, Nohalteges mat deene jonke Leit geschitt.

Carole Schimmer: Et kann een awer och méi präventiv handelen.Iwwer d’Orientéierung an der Chamber, an der Orientéierungsdebatt an der Chamber gouf gesot, datt d’Formatioun vun deene Jonken net genuch de Besoinë vum Aarbechtsmaart entspriechen.E Beispill gouf genannt bei de Coiffeuren zum Beispill do sinn der esou vill an der Léier, an et sinn awer net esou vill Aarbechtsplazen do. Dat heescht, déi Leit, déi Jonk ginn automatesch herno an de Chômage, oder?

Nicolas Schmit: D’Orientéierung ass extrem wichteg, mä am Endeffekt ass et natierlech esou datt dee Jonke säi Choix selwer mécht. E muss dee maachen op Basis vun där beschtméiglechster Orientéierung, ob Basis vun deene beschtméigleche Rotschléi. An do ass, mengen ech, nach eng Marge do fir dat besser ze maachen, besonnesch an de Schoule besser ze maachen, deene Jonke méi Beruffer virféieren, méi Optioune presentéieren, hinnen d’Méiglechkeet ginn, wat jo och gefrot ginn ass, emol en Dag oder zwee an eng Firma, an eng Entreprise ze goen, Kontakt mat engem Beruff ze kréien, ze kucke wat gëtt et als Alternative par rapport zu menge Virstellungen, déi vläicht net onbedéngt déi vum Aarbechtsmaart sinn. Ech mengen do musse mir nach dru schaffe fir och d’Schoul méi op d’Ekonomie opzemaachen.

Ech soen ëmmer, d’Schoul ass net nëmmen do fir d’Ekonomie, dat ass kloer, mä d’Schoul muss natierlech awer och op e Beruff preparéieren. An dofir muss d’Schoul an der Mëtt vum Liewen, och an der Mëtt vun der Ekonomie stoen.

Carole Schimmer: D’Ekonomie ännert sech, och de Chômage. Déi Leit déi haut vum Chômage betraff sinn, sinn anerer wéi virun 10 Joer. D’Finanzplaz déi schwankt. Et schwätzt ee vu 6.000 bis 8.000 Aarbechtsplazen déi op der Finanzplaz a Gefor wieren. Wat wëllt Dir do, also wéi wëllt Dir do handele fir de Chômage ze verhënneren?

Nicolas Schmit: Bon, mir hunn elo schonn eng Situatioun, wou Leit hir Aarbechtsplaz am Finanzsecteur verluer hunn, a verléieren. Mir hu jo [gëtt ënnerbrach]

Carole Schimmer: Wéi eng Qualifikatioune sinn dat? Sinn dat [gëtt ënnerbrach]

Nicolas Schmit: Dat ass ganz variabel. Do gëtt et Qualifikatiounen déi relativ niddereg sinn. Do gëtt et der och déi méi héich sinn. Bon, wat een natierlech besser qualifizéiert ass, wat d’Chance besser si fir erëm awer en Job ze fannen. Wann een natierlech Qualifikatiounen huet, déi net méi esou an deem Mooss gebraucht ginn, wann ech elo e Spezialist am Private Banking sinn, an et gëtt manner Privat Banker gesicht, dann ass do e Problem. Also musse mir probéieren déi Leit eventuell ëmzeschoulen. Mir mussen also och méi an d’Ëmschoulung investéieren. A wa mir soen ëmschoulen, da musse mir wëssen op wat schoule mir déi Leit em. Dat musse mir natierlech och mat deem Secteur kucken. Dofir hu mir dee Projet “Fit for financial markets�?, wou mir eng 400 Leit bis ewell doduerch bruecht hunn, wou d’Réussite realtiv positiv ass, zwee Drëttel, voire e bësse méi hunn erëm en Job fonnt, déi meescht am Finanzsecteur, anerer och op anere Plazen.

A wann déi Situatioun sech sollt nach verschlëmmeren, wat ech net hoffen, ech hoffen datt mir do méi e progressive Wandel op der Finanzplaz kréien, an och nei Produiten, nei Orientéierunge schafen, wat heescht, datt mir awer d’Leit mussen nei forméieren, méi an d’Formatioun investéieren, da musse mir dee Projet eventuell méi auswäiten.

Carole Schimmer: Dir hutt elo “Fit for finance�? also vu “Fit for finance�? geschwat. Et ginn awer och zwee aner Beräicher, wou Dir wëllt aktiv sinn, notamment de Commerce, oder de Génie civil. Firwat déi Beräicher?

Nicolas Schmit: Ma de Commerce emol éischtens well Lëtzebuerg vill Jobben am Commerce awer och nach schaaft, mä déi si ganz variabel, déi sinn och vu verschiddenen Uspréch wat d’Qualifikatioun ubelaangt.

Gitt eemol duerch d’Stad, da gesitt Dir wéi de Commerce an der Stad sech wandelt. Mä dat ass een Image vum, dat ass eng Säit vum Commerce, et gëtt awer och Multiplikatioun vun neie Grandes-surfacen. Ech hunn op engem anere Sender, e Chef vun enger Grande-surface d’lescht Woch héieren, dee jo och seng Confiance an dee Secteur expriméiert huet, a mat deem mir och gutt zesummeschaffe fir Leit ze huelen, wou se also déi Leit och ausbilde fir déi Besoinen déi do existéieren. Ech wëll och mat enger anerer Chaîne an deenen nächste Méint do e Projet lancéieren, well déi jo sech wëllt och nei weider hei zu Lëtzebuerg implantéieren. Ech mengen do musse mir aktiv si fir déi Leit, haaptsächlech och Résidenten an dee Secteur ze bréngen, fir jonk Leit auszebilden. Ech muss och soen, verschidde Commerce fuerderen hei ëmmer méi héich Ausbildungen. Mir mussen och Leit - jonke Leit besonnesch, well vill vun deene Chaîne beschäftege jo jonk Leit, obwuel och do een e bësse muss en Équiliber halen, ech schwätzen ëmmer vun deene Jonken, et gëtt och eeler Leit déi am Chômage sinn, an déi et heiansdo méi schwéier nach hu wéi déi Jonk - also och soen, de Commerce ass eng interessant Filière, wou een och muss eng zolitt Ausbildung hunn, an och probéiere Leit dohin ze bréngen.

De Génie civil, well mir eng ganz Rei Leit hunn déi am Chômage sinn, déi aus deem Secteur kommen, mä awer och do net méi ëmmer d’Qualifikatioun hunn. Dofir hu mir zesumme mam Secteur do e Projet lancéiert, wou d’Leit eigentlech getest gi wat se kënnen, a wa se Defizitter hunn, erëm iwwer Formatioun opgefaange ginn.

Ech mengen de Chômage ass hei zu Lëtzebuerg ënnert anerem, net alleng, mä ënnert anerem och e Problem vu Formatioun. An dat muss eigentlech eis Ligne directrice sinn, méi an d’Ausbildung ze investéieren, méi Suen an d’Ausbildung ze ginn, manner vläicht an aner Saache wou mir subventionéiert hunn, wou d’Retombéen net ëmmer esou ganz positiv waren.

Mir hunn net genuch an d’Formatioun investéiert, mir hunn zevill mat der Géisskan Sue verdeelt, an dat ass och en Ëmstrukturéiere vun eisem ganzen Instrumentarium wat d’Beschäftegungspolitik ubelaangt.

Carole Schimmer: Dir hutt vun eelere Mataarbechter, Salariéen och geschwat. Do ass et jo och wichteg ze kucken, datt déi méi laang kënne schaffe wéi bis elo, och wéinst der Pensiounsreform. Do geet et och em Formatioun tout au long de la vie, mä bei Verschiddener ass et awer net méiglech, well se eben zum Beispill schwiereg oder penibel Aarbechtskonditiounen haten. Et gëtt nach ëmmer op verschidde Reglementer, oder Gesetzesprojete gewaart, notamment iwwer den Travail posté, oder, d’Gewerkschafte jäitzen duerno.

Nicolas Schmit: Éischtens, de Projet iwwer de Reclassement, well Dir deen indirekt ugeschwat hutt, deen ass déposéiert.

De Projet iwwer d’Gestion des âges an den Entreprisen, do hu mir laang elo ronderëm gedoktert, mir hunn och gekuckt wat et an anere Länner gëtt, dee Projet ass praktesch elo fäerdeg, an dee wäert an deenen nächste Woche wierklech dann déposéiert ginn. Dat sinn also zwee wichteger.

Deen drëtte Projet ass de vun der Préretraite, wou mir annoncéiert hunn éischter d’Préretraite solidarité ofzeschafen, mä en Deel awer vu Leit, déi elo d’Préretraite solidarité kritt hunn, d’Méiglechkeet ze ginn iwwer eng Préretraite postée, oder eventuell och eng Préretraite ajustement ofgedeckt ze sinn. Dee Projet dee wäert awer eréischt am Hierscht da kommen.

Carole Schimmer: Dat heescht, déi Leit déi dat haut hunn, déi wäerten dat awer behalen?

Nicolas Schmit: Déi behalen dat. Et ass also nach keen Datum do fixéiert wéini d’Préretraite solidarité eventuell ofgeschaaft gëtt. Och do hu mir mat de Sozialpartner nach Diskussiounen.

Carole Schimmer: Dës Woch huet d’Mobbing Asbl dann och iwwer d’Aarbechtskonditioune während der Kris geschwat. An de Phänomen vu Mobbing ass hei zu Lëtzebuerg staark an d’Luucht gaangen. Dat kascht de Staat och vill, oder der Sécurité sociale vill wéinst de ville Krankeschäiner. Wëllt Dir awer och am Beräich vun den Aarbechtskonditioune méi aktiv ginn? Op där anerer Säit hutt Dir de Parteikolleg dee seet, d’Referenzzäite missten anescht elo an Zukunft ausgesinn, an esou. Wéi gesitt Dir eigentlech d’Entwécklung an deem Beräich?

Nicolas Schmit: Dat ass net onbedéngt kontradiktoresch.

Ech mengen d’Aarbechtskonditiounen ass en extremt wichtegt Thema. Och do, wat d’Sécuritéit ubelaangt, hu mir Fortschrëtter gemaach. Déi ganz Problematik vun den Aarbechtskonditiounen déi wëlle mir jo och ugoen an deem Projet iwweregens iwwer d’Gestion des âges. Dat schéngt mir och wichteg ze sinn och do datt mir méi eis Moyenë ginn, besser de Suivi maachen.

Wat elo de Mobbing ubelaangt. Do läit säit elo schonn e puer Joer e gudde Projet, et ass eigentlech eng Proposition de loi, um Dësch. Dat ass d’Proposition de loi vum Här Lux. Ech hunn net méi spéit wéi dës Woch mam Här Lux doriwwer geschwat, a gesot, déi Proposition de loi ass iwweregens aviséiert gi vum Conseil d’État. Mir kënnen also relativ schnell déi Proposition de loi an de legislative Prozess ginn, mir musse se vläicht nach e bëssen adaptéieren, ajustéieren, mä fir mech ass déi Proposition de loi eng gutt, a mir kéinten déi relativ schnell adoptéieren. Also vu menger Säit soll dat kee Problem sinn. An dat wäert och, dat kann also dëst Joer nach, kéint dat eigentlech iwwer d’Bühn goen.

Carole Schimmer: An d’Flexibiliséierung vun der Aabechtszäit mat de Changementer um Niveau vun de Referenzzäiten, oder och d’Verschwanne vum Congé collectif?

Nicolas Schmit: Bon, de Congé collectif soen ech ganz kloer, do lauschteren ech net nëmmen de Gewerkschaften no, mä och den Employeuren. An ech hu wéineg Employeurë begéint, déi sech géint de Congé collectif ausgeschwat hunn. An ech mengen do mussen awer och d’Sozialpartner eng gewësse Marge hunn. Wat do dobäi kënnt, dat ass natierlech wéi d’Aarbechtszäit iwwer d’ganzt Joer ka besser verdeelt ginn, besonnesch an engem Secteur dee jo awer och vum Wieder ofhänkt, wéi dat an der Konstruktioun ënnert anerem de Fall ass.

Ech si fir eng négociéiert Souplesse, fir dat Wuert Flexibilitéit net ze gebrauchen. Also ech mengen et muss een also probéieren an de Betriber eng gewësse Souplesse ze négociéieren.

Ech sinn och net dogéint fir iwwer Périodes de référence ze diskutéieren, ech mengen dat huet mäi Kolleg, den Här Schneider, jo ugeschwat, dat soll och mat de Sozialpartner diskutéiert ginn. Eis Wirtschaft fonctionnéiert haut anescht, d’Betriber musse méi Souplesse heiansdo hunn. Do muss een also och kënnen anescht d’Produktioun andeelen, organiséieren, do brauch een also e bësse Loft. Do ass also dat wat mir momentan hu schonn e relativ rigide Kader, obwuel, obwuel awer och et Méiglechkeeten ëmmer gëtt fir ze négociéieren.

An ech zielen eigentlech op d’Négociatioun, ech zielen op den Dialogue social, dofir och wäert ech mäi Projet iwwer den Dialogue social net zeréckzéien. Dat soen ech der UEL. Ech verstinn d’ailleurs net hir Attitude. Mä bon, den Dialogue social ass dat wat mir am Land elo, grad elo brauchen.

Carole Schimmer: Et ass elo 1 Auer, Här Schmit. Ech hunn awer nach eng allerleschte Fro. Gitt Dir d’nächst Joer nach eng Kéier an d’Wahlen, hutt Dir nach genuch Enthusiasmus?

Nicolas Schmit: Dat musst Dir jugéieren, an ech mengen dat hänkt jo net nëmme vu mir of, dat hänkt jo och dovun of ob meng Partei mech nach eemol wëllt opstellen.

Carole Schimmer: Dir sidd awer domat averstane fir mat ze goen.

Nicolas Schmit: Voilà.

Carole Schimmer: Ech soen Iech Merci, Här Schmit, datt Dir an dës Émissioun “Riicht eraus�? komm sidd. Merci Här Schmit datt Dir komm sidd.

Nicolas Schmit: Merci villmools.

Dernière mise à jour