Nicolas Schmit au sujet de l'initiative d'emploi "Objectif Plein Emploi"

Nicolas Schmit: Ech mengen dat ass d’Conclusioun, déi ech zéien, och aus deenen Relatiounen, déi den Zentrum mat deenen verschiddenen CIGL'en huet an och besonnesch mat de Gemengen an hier allgemeng Situatioun, och d’Finanzsituatioun mir net erlaabt nach weider direkt iwwer deen Zentrum do ze fueren. An elo eben d’Relatioun opzebauen mat de CIGL'en, do wou d’Leit och beschäftegt sinn.

Roy Grotz: Wéi gesäit dat dann konkret aus? Dir schwätzt vun de CIGL'en. Ginn elo Conventiounen mam Ministère ofgeschloss?

Nicolas Schmit: Mir mussen elo ganz kuerzfristeg Conventiounen maachen mat deenen verschiddenen CIGL'en. Mir hunn jo och Demanden vun hinnen kritt. Ech kréien praktesch elo all Dag Bréiwer wou CIGL'en aus dem Réseau, wéi en elo besteet, demissionéieren. Et ass fir mech ganz kloer, datt dee Réseau, esou wéi en elo existéiert huet, keng Zukunft méi huet.

Roy Grotz: Bei OPE sinn natierlech och Leit en cause.

Nicolas Schmit: Mir mussen dofir suergen, datt eng Rei vun deene Leit kënnen opgefaange ginn, ënner anerem an de CIGL'en. Ech hu muer eng Reunioun mat Représentanten vun de CIGL'en an doriwwer wäerte mir dann och diskutéieren.

Dernière mise à jour