Nicolas Schmit au sujet de l'Objectif Plein Emploi (OPE) et des mesures pour le travail en général

Claude Zeimetz: De Staat kann net weider Suen an inefficace Mesure pompelen, strukturell Changementer bei de Beschäftegungsinitiative mussen elo kommen, esou d’Reaktioun vum Aarbechtsminister.

De Ministère hätt Objectif Plein Emploi iwwer Joere begleet, an d’Beschäftegungsinitiativ sech net selwer iwwerlooss, mä d’Problemer bei OPE wieren einfach ze grouss, seet den Nicolas Schmit. Mir hu kuerz virum Moiesjournal mat him geschwat.

Nicolas Schmit: Besonnesch wann ech un d’lescht Joer denken, hunn ech der Beschäftegungsinitiativ ausser deem normale Budget, dee si kritt hunn, eng Sprëtz gi vu 4,5 Milliounen. Mä déi 4,5 Millioune sinn net duergaange fir déi Initiativ méi oder wéineger an den Equiliber ze kréien. Do drop hin hu mir jo en Audit kritt, dee jo och eng Rei vu Problemer kloer duergeluecht huet.

An ech mengen, de Beschäftegungsminister ass hei e bëssen dépasséiert. Ech mengen, mir hunn et hei mat strukturelle Problemer ze dinn, déi iwwer Joere sech ugesammelt hunn, wou vläicht net genügend och op Rigueur gepocht ginn ass an der Vergaangenheet. A mir kënnen net einfach esou weiderfueren, Steiersuen an dat do ze pompelen, ouni awer konkret Resultater ze kréien.

Claude Zeimetz: D’Zuel vun de fixe Mataarbechter riskéiert jo elo, wéi et ausgesäit, ëm d’Halschent gekierzt ze ginn. Kann Objectif Plein Emploi mat deenen do Konditiounen nach en adäquaten Encadrement garantéieren?

Nicolas Schmit: Den Encadrement, do muss een emol kloerstellen, den Encadrement ass haaptsächlech an de CIGLen. A wann déi Problemer elo opgetruede sinn, déi opgetruede sinn, dann ass dat och haaptsächlech well d’CIGLen, an doranner d’Gemengen, net méi d’accord waren dee ganze System esou matzedroe wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war.

Den Encadrement vun deem elo geschwat gëtt, dat sinn iwwer 100 Leit déi an enger Zentral sëtzen, déi jo wahrscheinlech eng Rei Servicer do prestéieren. Wann ech awer mat de CIGLen do diskutéieren, da soen d’CIGLe mir, datt si do Zommen an der Vergaangenheet iwwerwisen hunn, an net déi korrespondent Servicer dofir kritt hunn.

Mir hunn e System do gehat, deen net besonnesch transparent war, deen e Gonflement vun enger administrativer Struktur hat, an deen iwwer d’Zäit esou net weider ze fueren ass.

Ech mengen, et ass extrem regrettabel, besonnesch fir den Aarbechtsminister, wa Leit entlooss ginn. Ech hu materlieft, wéi bei grousse Baufirme Leit entlooss gi sinn, do wou d’Banken net méi matgemaach hunn, wou d’Patronen net méi Suen an d’Firma gestach hunn, déi Leit hunn hir Aarbecht einfach esou verluer.

Et kann net sinn, datt hei, no esou laanger Gestioun déi net optimal war, datt hei einfach de Staat higeet a Joer fir Joer nach zousätzlech Finanzsprëtzen an esou eng Initiativ gëtt.

Claude Zeimetz: D’Gestioun ugeschwat: Dir hat selwer am Oktober schonn als Reaktioun op den Audit gefuerdert, datt eng nei Gestiounskultur misst kommen, déi administrativ Waasserkäpp bei de Beschäftegungsinitiative misste verschwannen.

A wéi wäit wäert de Ministère dann d’Situatioun bei Objectif Plein Emploi an och bei deenen anere Beschäftegungsinitiativen dann elo begleeden, an och vläicht iwwerwaachen?

Nicolas Schmit: De Plan social, dat ass emol haaptsächlech d’Affär vun der Asbl an hire Sozialpartner. Do huet de Ministère, esou wéi bei enger privater Entrepris, net direkt ze intervenéieren.

Mä mir wäerten natierlech awer probéieren och d’Leit, wann dat méiglech ass, ze reklasséieren, iergendwou en aneren Job ze fannen. Dat ass evident.

Déi aner Gestiounskultur, ech mengen déi gëtt net nëmme vu mir gefrot, déi gëtt haaptsächlech vun de Gemenge gefrot. An déi Struktur déi den OPE momentan huet, och déi Structure de gestion, wien do d’Soen huet, dat ass weder zäitgeméiss, nach entsprécht dat de Realitéite vum Finanzement. An ech mengen, déi nächst Méint mussen do eng absolut Restrukturatioun mat sech bréngen.

Ech stinn zu engem Réseau OPE. Ech mengen, dat ass eppes wat net soll verschwannen, op kee Fall.

Déi Leit déif am Chômage an eng Initiativ geschéckt ginn, déi sinn net betraff, mä mir mussen dat do op eng nei Basis stellen, well et net méiglech ass einfach dauernd Suen an eppes ze sprëtzen, ouni datt déi Resultater erreecht ginn, déi ee sech kéint erhoffen.

Claude Zeimetz: Dat heescht, d’Beschäftegungsinitiativen hunn eng Zukunft, awer dann ënner enger anerer Form, wann ech Iech elo richteg verstinn.

Nicolas Schmit: Ganz richteg, jo.

Claude Zeimetz: Wéini kënnen dann do strukturell Changementer kommen?

Nicolas Schmit: Déi mussen, déi si jo ugekënnegt, déi musse kommen à la fois mat de Gemengen an de CIGLen, wou de Ministère natierlech hëlleft do eng Restrukturatioun ze maachen.

Do kënnen net méi administrativ Strukturen opgebläht ginn, déi einfach ze vill Sue verschléngen, ouni datt een awer genee weess zu wat se notzen, weder de Ministère, d’ailleurs, nach déi Leit um Terrain. An dat trëfft natierlech fir jiddwereen zou. Dat trëfft fir d’OPE zou, dat trëfft fir anerer och zou. Mir brauchen awer trotzdem Initiative fir an der Lutte géint de Chômage virzegoen, mä op enger gesonder a finanzieller tragbarer Basis.

Claude Zeimetz: Wéini déi Changementer kommen, dat kënnt Dir awer elo nach net annoncéieren?

Nicolas Schmit: Ma déi Changementer mussen haut a muer, an iwwermuer kommen. Ech mengen, dat ass e Prozess dee muss lancéiert ginn, wann en net lancéiert sollt sinn.

Mä ech mengen, leider ass dee Plan social, dee jo elo d’OPE ugekënnegt huet, och en Deel vun där Restrukturatioun, déi ganz einfach inevitabel ass.

Claude Zeimetz: Riskéieren et bei deenen anere Beschäftegungsinitiativen, wéi Pro-Aktiv oder de Forum pour l’emploi, och Entloossungen ze ginn?

Nicolas Schmit: Ech hunn net d’Impressioun, datt sech bei all Initiativ d’Problemer gläich stellen. Mä mir wäerten déi Evolutioun, an anerer, natierlech genee suivéieren.

Claude Zeimetz: Esouwäit den Nicolas Schmit de Moien.

Dernière mise à jour