Nicolas Schmit au sujet des finances publiques et du marché du travail

Frank Kuffer: Déi eng mengen et géif den Ament zevill gespuert ginn, déi aner soen et géif bäi Wäitem net duergoen. Op wéi enger Säit sidd Dir dann, Här Schmit?

Nicolas Schmit: Ma ech sinn der Meenung datt een natierlech muss spueren, mä et muss ee richteg spueren. Dat heescht et muss een équilibréiert spueren.

Ech hu gëschter gesinn, datt den Obama gesot huet, datt an Amerika muss och den Haushalt sanéiert ginn, datt den Defizit muss ofgebaut ginn, mä op eng équilibréiert Aart a Weis. An ech mengen deen Équiliber dee musse mir och probéieren an Europa ze realiséieren.

Frank Kuffer: An zu Lëtzebuerg och natierlech [gëtt ënnerbrach]

Nicolas Schmit: Och, iwwerall.

Frank Kuffer: Gëtt dat da momentan gemaach?

Nicolas Schmit: Ech mengen dat ass, an dësem Budget ass dat absolut assuréiert.

Frank Kuffer: De Michel Wolter huet dëst e Samschdeg an eiser Émissioun "Background am Gespréich" gemengt, als Reaktioun e bëssen op Ären Artikel.

Michel Wolter(O-Toun): Mä ech géif dem Här Schmit dorop äntwerten, datt hien mir, an all deene Leit, och dem Här Lux, an dem Här Bodry dann op d’Fro muss äntwerten, wat dat ass wat op d’Leit duerkënnt wa mir nach 4, 5 Joer näischt maachen.

Frank Kuffer: Näischt maachen, Här Schmit, wëllt Dir jo bestëmmt net, mä.

Nicolas Schmit: Absolut, do kann ech mech nëmme wonneren, well a menger Vue ass et iwwerhaapt net fir guer näischt ze maachen.

Ech weisen d’ailleurs a mengen Départementer, datt mir Reformen, Strukturreforme maachen. Mir hunn eng Rei vu Punkten, sief dat d’Aide au réemploi, sief dat d’Préretraite solidarité, sief dat och d’Initiatives sociales, alles dat si Strukturreformen, déi ënnert anerem, net alleng, mä ënnert anerem och drop eraus sinn, fir Suen ze spueren. Also ech mengen dat hat den Här Wolter schlecht verstanen.

Frank Kuffer: Dir hutt jo déi Spuermesuren do mat décidéiert, drot se op alle Fall och emol als Regierungsmember mat. Dir hutt och elo gesot, et geet an déi richteg Richtung.

Fir dat esou matzedroen, maacht Dir dat awer zum Deel och mat der Fauscht an der Täsch, oder stitt Dir zu 100% hannert all eenzelne Spuermesuren, oder huet do awer jiddwereen seng, et kann ee jo och als Regierungsmember vläicht mat där enger oder där anerer Mesure net d’accord sinn?

Nicolas Schmit: Bein, ech mengen, et ass een ëmmer mat Saache méi d’accord wéi mat aneren.

Mä ech hunn an deem Artikel keng Zeil geliest, déi an hirer Globalitéit dee Budget, an och déi Spuermesuren, déi an deem Budget stinn, géifen a Fro stellen. Iwweregens mäi Point de départ ass net Lëtzebuerg, mäi Point de départ ass Europa.

Frank Kuffer: Dat ass richteg, mä Lëtzebuerg ass jo awer en Deel vun Europa, an dat gëllt jo awer bestëmmt och fir Lëtzebuerg. Dir sot ënnert anerem, wa mir zevill spueren, dann ass d’Gefor datt mir an d’Rezessioun rëtschen.

Nicolas Schmit: Bein, ech mengen dat ass de Fall an Europa. Dat spillt jo net fir Lëtzebuerg esou e groussen Impakt.

Mä dat wat an Europa momentan geschitt, beweist jo datt déi extrem Spuermoossnamen, déi extrem Austeritéit eigentlech déi Länner an eng Situatioun erandreiwen, déi aussiichtslos ass, mat ekonomeschen, sozialen a politesche Konsequenzen déi dramatesch sinn.

Ech mengen déi Décisioun déi gëschter geholl ginn ass, oder hënt geholl ginn ass fir Griicheland zwee Joer méi ze ginn, déi geet eigentlech an d’Richtung vun deem wat ech do an deem Artikel probéiert hunn ze schreiwen, a wat jo och vun enger ganzer Rei vun Ekonomisten, a besonnesch och vum FMI éischter prekoniséiert gëtt.

Frank Kuffer: Dir schwätzt vum Däiwelskrees, well mir manner Wuesstem kréie wa mir méi spueren. Mä wéi soll da verhënnert ginn, datt eis Kanner a Kandskanner herno total verschëlt sinn? Dir sot zu Lëtzebuerg an och soss an Europa.

Nicolas Schmit: Jo, dat ass ganz kloer, dat ass eben den Équiliber dee muss fonnt ginn. Wa mir natierlech an eng, an do schwätzen ech net vu Lëtzebuerg, ech schwätzen do haaptsächlech vun deene Länner, déi an enger wierklech grousser Scholdekris sinn.

Wa mir e Fall huele wéi de Portugal, deen an eng extrem Austeritéitspolitik obligéiert gëtt ze goen, mat extreme Steieraugmentatiounen, an och d’Dépensen déi jo erofgesat ginn, da gesi mir datt de Portugal an eng ëmmer méi déif Rezessioun fält, domat den Defizit net méi kleng gëtt, mä méi grouss, domat och d’Scholdelaascht net méi kleng, mä ëmmer méi grouss gëtt.

An dat ass den Däiwelskrees aus deem e Land muss gehollef kréien. An dat kann een net nëmmen eesäiteg mat Austeritéit, wann ee wëllt datt d’Investissementer erëm lues a lues erop ginn, datt besonnesch och déi privat Investissementer erop ginn, datt déi Länner capabel sinn hir Ekonomie ëmzestellen. Do muss ee méi eng équilibréiert Approche hunn, wéi déi, déi momentan an Europa imposéiert gëtt.

Frank Kuffer: Dir schreift och d’Scholdelänner, do mengt Dir jo natierlech net nëmme Lëtzebuerg [gëtt ënnerbrach]

Nicolas Schmit: Do mengen ech iwwerhaapt net Lëtzebuerg.

Frank Kuffer: Do mengt Dir iwwerhaapt net Lëtzebuerg, rëtschen ëmmer méi an d’Kris, d’Gesellschaften a Staate riskéieren auserneenzebriechen. Et géif d’aktuell Krisemanager wéi et schéngt awer net stéieren. De Jean-Claude Juncker ass jo awer ee vun deene Krisemanager, oder net?

Nicolas Schmit: Ech mengen de Jean-Claude Juncker ass jo een deen, wann ech dat och haut liesen, dee ganz kloer mécht, datt déi Zäit, déi déi Länner brauchen, muss verlängert ginn. Dat ass jo elo erreecht ginn, géint eng Rei Länner, deen elo proposéiert huet datt eng Rei sozial flankéiert Moossnamen noutwenneg sinn.

Ech mengen, ech denke besonnesch un d’Kommissioun, méi nach wéi un den FMI, déi wierklech net vun deem radikalen Austeritéitsprogramm do ewech kommen. Den Här Rehn deen huet virun e puer Deeg an enger Étude affirméiert, eigentlech wieren déi Länner elo nach méi an der Kris, well se net Austeritéit genuch géife maachen. Ech mengen dat sinn Theorien, déi weder wirtschaftstheoretesch nach an der Praxis iergendwéi stéchhalteg sinn.

Frank Kuffer: Kommt mir schwätzen dann awer e bëssen iwwer Lëtzebuerg, well Fakt ass jo awer och datt mir zu Lëtzebuerg awer och e Problem hunn. An de Michel Wolter, an och de Lucien Lux seet, bis Mäerz géife weider Mesuren um Dësch leien. Sidd Dir och der Meenung datt nach eppes muss nokommen?

Nicolas Schmit: Also ech sinn der Meenung datt mir eis ganz sérieux musse mat deem Thema Staatsfinanze beschäftegen. Ech sinn der Meenung och datt mir musse praktesch duerch all Artikel vum Budget goen, a besonnesch duerch eng ganz Rei vu Gesetzer, wou mir Dépensë kreéiert hunn, déi vläicht, wéi déi Gesetzer adoptéiert goufen, net, wou net gemengt ginn ass, datt esou eng Dynamik hannendru kéim.

Ech kennen also mäin Domaine, ech denken elo un eng Dépense wéi d’Aide au réemploi, déi elo op bal 50 Millioune geklommen ass. Wéi déi agefouert ginn ass viru 25 Joer, mengen ech, do huet kee Mënsch geduecht, datt esou eng Dynamik hannert esou enger Mesure wier.

Grad esou Saache mussen op de Leescht geholl ginn, an hei muss de Staat et fäerdegbréngen ze kucke wat sozialgerecht ass, wat ekonomesch raisonnabel ass, a wat och wierklech dat Zil hëlleft erreechen, wat mir mat enger Mesure wëllen erreechen. Bei der Aide au réemploi zum Beispill ass dat kaum de Fall. Et gëtt och nach aner Mesuren déi musse wierklech ofgeklappt ginn.

Frank Kuffer: Kënnt Dir eng Kéier vläicht ganz kuerz just de Leit erklären, d’Aide au réemploi dat ass fir d’Pai auszegläichen, wann ee seng Plaz [gëtt ënnerbrach]

Nicolas Schmit: D’Aide au réemploi besteet doranner datt wann ech am Chômage sinn, wann ech meng Aarbechtsplaz verléieren, an eng aner Aarbechtsplaz unhuelen, wat jo eng gutt Saach ass, an do en Écart de salaire besteet, datt dann de Staat d’Differenz bis e gewëssene Plafong bezilt zwëschen deem neie Salaire an deem Salaire deen ech virdrun hat. An dat während 4 Joer.

D’Praxis ass déi datt elo praktesch jiddwereen zum Mindestloun agestallt gëtt, an de Staat vum Mindestloun op, bis iwwer 6.000, d’Differenz bezilt. Dat kann et net sinn, dat ass eng Dépense déi enorm ass. Mir hunn iwwer 1.100 Leit dëst Joer wou de Staat méi wéi e Mindestloun drop leet, méi wéi ee Mindestloun drop leet. Dat ass eng Mesure wou mir onbedéngt musse réajustéieren, net nëmme fir ze spueren, mä well ech och mengen, datt et ekonomesch an och esouguer sozial net onbedéngt stéchhalteg ass.

Frank Kuffer: Wat wëllt Dir dann do änneren?

Nicolas Schmit: Ma ech mengen emol éischtens wëlle mir déi Mesure vill méi cibléieren op déi Leit, déi déi meeschte Schwieregkeeten um Aarbechtsmaart hunn. An dat sinn déi Leit, déi iwwer 45 sinn, déi et also schwéier hunn, wa se hiren Job verléieren, fir eng nei Aarbechtsplaz ze fannen.

Ech loosse mat mir schwätzen, mir hate Kontakter mat de Gewerkschafte fir dat vläicht op déi Leit auszedehnen, déi aus engem Plan social kommen. Dat sinn also Saachen, déi mir nach mat de Sozialpartner kënnen diskutéieren.

An zweetens sinn ech der Meenung datt de Staat net méi ka wéi ee Mindestloun drop leeën, well soss ass dee Salaire, deen där Persoun bezuelt gëtt, net realistesch. An dat ass eng Form vu Subventionnement, an dat bréngt iwweregens d’Fro op vun enger ganzer Rei vu Subventiounen, wou mir mussen driwwer nodenken, wou mir musse kucken op déi gerechtfäerdegt sinn, wann net global, dann awer zumindest an hirem Ausmooss. An dat nennen ech e Plan structuré, wou ee muss Ekonomien testen.

Et kann net sinn, datt ëmmer nëmme vun enger, zwou oder dräi Ekonomie geschwat gëtt, an net an d’Déift vun eisem Budget eragekuckt gëtt.

Frank Kuffer: Dir hutt gesot, et misst een all Dépensen op de Leescht huelen, an all Ministère. Wou kéint een dat bei Iech zum Beispill nach [inaudible]?

Nicolas Schmit: Ma ech hunn dat jo gesot. Dat éischt ass d’Aide au réemploi, déi steet also dëst Joer um Programm. D’Préretraite solidarité, well ech mengen datt se net dat erreecht huet fir wat se eigentlech geschaaft ginn ass. Dat drëtt ass d’Initiatives sociales, déi em bal 50 Millioune kaschten, wou mir mussen dofir suergen, datt se méi efficace ginn, datt manner administrativ Dépensë sinn, a méi an d’Chômeure gestach gëtt.

Mir sinn zesumme mam Mars Di Bartolomeo amgaangen de Reklassement ze kucken, och dee beinhalt eng Rei vun, géif ech soen, Mitnahmeeffekten déi ee muss limitéieren. An och do ass d’Dépense considérabel. Dat sinn elo e puer Punkten, wa mir déi duerchzéien, dann hu mir eng, mengen ech, net négligeabel Ekonomie, mä besonnesch och kënne mir eng Rei vun deene Suen och gebrauche fir méi aktiv, a méi gezilten Aarbechtsmaartpolitik ze maachen.

Frank Kuffer: Leit dozou bewegen éischter eng Plaz och unzehuelen, Chômeuren?

Nicolas Schmit: Absolut, ech mengen dat ass, op deem Punkt hunn ech keng grouss Divergenz mam Här Wolter.

Frank Kuffer: Wéi kann een dat da maachen zum Beispill och finanziell?

Nicolas Schmit: Ech mengen dat kann een emol éischtens maachen duerch e bessere Service bei der Adem, datt d’Leit och d’Impressioun hunn, datt wa se bei der Adem sinn, datt natierlech hire Conseiller professionnel se beréit, och hinnen hëlleft en Job ze fannen, mä datt si selwer eng grouss Responsabilitéit hunn en Job ze fannen. Et ass net esou, wann ech am Chômage sinn, dann hunn ech och eng eege Responsabilitéit mat ze hëllefen en Job ze fannen.

Dat beinhalt natierlech datt mir de Service, an och den Accompagnement vun deene Leit ouni Aarbecht bei der Adem nach weider verbesseren. Ech mengen do ass d’Reform nach net ofgeschloss.

Frank Kuffer: No den Auditë vun de Beschäftegungsinitiativen ass do och nach Handlungsbedarf?

Nicolas Schmit: Bein, ech mengen en Audit dee gëtt eis e Bild wou mir dru sinn. An ech mengen dat Bild dat ass jo elo bekannt. An elo gëllt et natierlech ze handelen, an ze handelen an deem Sënn datt mir probéieren déi Beschäftegungsinitiative méi efficace ze maachen, méi erëm op hiert initiaalt Zil ze bréngen. Wat heescht, entweder Leit ze beschäftegen, déi um normalen Aarbechtsmaart keng Chance hunn, respektiv Leit erëm eng Bréck ze baue fir an eng normal Beschäftegung eranzekommen. Mä dat zum engem Coût deen akzeptabel ass.

Eng Aarbechtsplaz an enger Beschäftegungsinitiativ kascht iwwer 40.000 Euro. Ech mengen dat ass enorm. Och dat muss gekuckt ginn, an do huet sech eppes opgebaut iwwer déi lescht Joeren, och wat déi administrativ Käschten ubelaangt, a Strukturen, déi musse rectifiéiert ginn, an déi mussen ofgebaut ginn.

Frank Kuffer: De Michel Wolter an d’CSV wëllen nach ëmmer den Index deckelen op zweeanenhallefmol de Mindestloun. Ass dat eppes wou Dir kéint domat liewen?

Nicolas Schmit: Ech mengen et dierf een natierlech an dëser Zäit wierklech keng Tabuen hunn, et muss iwwer alles kënnen diskutéiert ginn, et muss iwwer alles kënnen seriéis nogeduecht ginn, an et muss iwwer alles och verhandelt ginn. Ech menge mir brauchen och an deem do Kontext en Dialog, e Sozialdialog deen erëm oplieft, wou ee kann iwwer all déi Saachen diskutéieren.

Ech menge mir hunn elo fir den Index bis 2014 eng Léisung, déi Léisung soll een elo net opmaachen.

Frank Kuffer: Nach eng Fro. Firwat hu mir, de Musterschüler dee ganz laang alles richteg gemaach huet, dann elo esou Problemer och? Ënnert wat leit dëst Land dann?

Nicolas Schmit: Ma ech géif soen, mir sinn nach ëmmer e gudde Schüler, vläicht si mir net méi e Musterschüler, well d’Ëmfeld natierlech och ganz schwiereg ginn ass.

Mä et ass kloer datt mir an enger Wirtschaftskris sinn, mir sinn an enger Finanzkris, déi net eriwwer ass. A mir sinn e Finanzzentrum. Wann ee kuckt wat zu London lass ass, wéivill Leit zu London op der Finanzplaz hiren Job verluer hunn, dann ass et ganz kloer datt och dee Businessmodell, wann ech dat emol esou dierf soen, vu Lëtzebuerg, deen awer ganz staark op de Finanzsecteur opgebaut ass, datt deen net einfach esou momentan, oder och an der Zukunft wäert weider fonctionnéieren.

An dat muss eis dozou bréngen, datt mir eisen Développement, eise wirtschaftlechen Développement, och eis Manéier wéi mir mat de Staatsfinanzen ëmginn, well elo ware mir natierlech an deene leschte Joeren extrem large, datt mir dat änneren, datt mir also eis eng nei Orientierung ginn, datt mir och méi innovativ ginn, op Innovatioun setzen, an déi Suen déi mir hu vläicht méi gezilt a besser, an och méi laangfristeg soutenabel, wéi dat schéint Wuert elo ass, investéieren.

Frank Kuffer: Dir sot large, ware mir vläicht och ze large, huet dës Regierung alles richteg gemaach?

Nicolas Schmit: Nee ech schwätzen net vun dëser Regierung, ech schwätze vun deene leschten 20, 25 Joer.

Frank Kuffer: Ware mir do vläicht ze large?

Nicolas Schmit: Bon, mir hu gemengt, zu Recht oder zu Onrecht, dat kann ech net buerteelen, datt eben deen Trend dee mir iwwer déi Joeren haten, sech einfach esou géing fortschreiwen.

Kee Mënsch konnt eigentlech ahnen, datt mir an esou eng wirtschaftlech a finanziell Turbulenze géife kommen, wéi dat momentan net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mä an Europa an esouguer weltwäit de Fall ass.

Frank Kuffer: Nicolas Schmit, Merci fir de Besuch am Studio.

Dernière mise à jour