Nicolas Schmit au sujet des initiatives d'emploi

Umoderatioun: D’Beschäftegungsinitiative musse vun elo u méi korrekt schaffen, esou reagéiert den Aarbechtsminister Nicolas Schmit op d’Matdeelung vum Objectif Plein Emploi, datt si keng Kontrakter iwwer de 15. Oktober eraus verlängeren. D’Moyenne, 660 vun de méigleche Kontrakter, wier virum Enn vum Joer erreecht. Dosende Leit missten elo bei d’Adem goen.

Den Nicolas Schmit huet op d’Froe vum Nico Graf geäntwert, dee fir d’éischt wësse wollt, wat de Minister da seet iwwer déi Décisioun vum OPE?

Nicolas Schmit: Mäi Commentaire ass deen datt effektiv mir an enger Conventioun festgeluegt hunn, datt all Initiativen e Maximum zegutt hu vu Leit, déi se dierfe pro Joer astellen. Dat ass eng Moyenne iwwer e ganzt Joer berechent.

Et schéngt wéi wann OPE net capabel gewiescht wier, déi Moyenne korrekt anzeschätzen, a si leien elo schonn iwwer där Moyenne.

Ech muss soen, ech hunn natierlech och e Budget hei ze géréieren, deen och muss deene Parametere Rechnung droen. An esou wäit ech dat bedaueren, natierlech, wann elo Kontrakter net erneiert ginn, muss ech awer soen, datt mir mussen an dee ganze Betrib vun den Initiativen e bësse Uerdnung, an e bësse Prévisibilitéit bréngen.

Nico Graf: Ass do da keng Uerdnung a keng Prévisibilitéit dran?

Nicolas Schmit: Ma et schéngt datt dat fir Verschiddener nach ëmmer schwiereg ass. A mir hunn och e neie System, an ech sinn net bereet dee System do iwwer Bord ze geheien. Ech menge mir brauchen hei eng gewësse Rigueur, déi et an der Vergaangenheet net gouf. An ech wëll och datt mir dat esou gestalten.

Ech muss dobäi soen, géifen net esou vill Suen an administrativ Waasserkäpp fléissen, da wiere méi Suen do fir d’Begleedung vun de Chômeuren. An ech mengen do musse mir usetzen. Ech hunn dat virun e puer Deeg gesot. Net nëmmen d’ailleurs beim OPE, vläicht och nach bei aneren, déi jo och amgaange sinn Efforten ze maachen, an dat nämlecht trëfft da fir OPE zou.

Nico Graf: De Problem schéngt jo net nëmmen ze sinn, datt do Waasserkäpp sinn, mä datt déi och nach net besonnesch gutt fonctionnéieren, déi Käpp?

Nicolas Schmit: Bein, dat schéngt jo de Fall ze sinn. Ech mengen do muss e bëssen e Changement komme vun enger Gestiounskultur. Ech mengen Économie solidaire, ech sinn e Fan vun der Économie solidaire, mä Économie solidaire fonctionnéiert och nëmmen dann, wann d’Gestioun rigoréis ass. An ech mengen déi Kultur, déi feelt nach e bëssen.

Dernière mise à jour