Le ministre du Travail et de l'Emploi au sujet de la situation sur le marché de l'emploi

Pierre Reyland: Verschlechtert huet sech d'Situatioun um Aarbechtsmaart. De Chômagetaux ass am Dezember ëm 0,5% op 6,6% geklommen. 16.337 Leit waren am Dezember zejoert op der Sich no enger Aarbecht, dat waren der 1.173 méi wéi de Mount virdrun, an esou vill wéi nach ni.

An um Telefon begréissen ech elo den Aarbechtsminister Nicolas Schmit. Här Schmit, wéi erkläert Dir Iech déi däitlech Hausse vum Chômage?

Nicolas Schmit: Et ass ganz sécher, datt déi Chifferen net gutt sinn.

Déi Hausse déi huet verschidden Erklärungen: dat éischt ass emol, datt am Dezember ëmmer de Chômage an d'Lut geet, dat war och de Fall an deene Joere virdrun, well am Dezember d'Entreprisen natierlech manner astellen; well eng Rei Kontrakter zu Enn ginn; a besonnesch och, well den Interim Kontrakter zu Enn bréngt. An dat gesi mir och ganz kloer: den Interim, deen iwweregens säit Méint schonn zréckgeet, deen ass besonnesch staark an deem Mount zeréckgaangen.

Mä 1.400 Leit méi am Chômage, dat ass nettement méi wéi dat déi Joere virdru war.

D'Explikatioun déi ass kloer: mir ginn an eng Rezessioun an Europa. Mir mierken, datt besonnesch och d'lëtzebuerger Ekonomie méi lues dréint. Dat ass besonnesch de Fall an der Industrie. Mir hunn erëm 38 Entreprisen déi e Chômage partiel ugefrot hunn.

Europa geet an d'Rezessioun, mir wëssen och firwat. Mir hunn d'Scholdekris op där enger Säit a mir hunn natierlech och relativ ondifferenzéiert Austeritéitspolitiken iwwer ganz Europa. An dat explizéiert och, datt de Chômage hei zu Lëtzebuerg, mä awer och an den Nopeschlänner, vill méi staark eropgeet, ausser vläicht an Däitschland. Do muss een elo emol kucken, wéi d'Situatioun do evoluéiert.

Et ass also wichteg elo ze agéieren, an der Beschäftegungspolitik, mä natierlech och doriwwer eraus.

Pierre Reyland: Wéi wëllt Dir agéieren?

Nicolas Schmit: Mir hunn eng ganz Rei Mesuren déi mir nach musse méi geziilt asetzen, dat ass kloer.

Mä Beschäftegungspolitik kann net alles. Ech stelle fest, datt zum Beispill iwwert 5.000 Leit en Job sichen als Aarbechter, oder als relativ onqualifizéierten Aarbechter. Mir hunn ongeféier 260 Plazen op. Beschäftegungspolitik léist dee Problem net. Mir mussen also méi geziilt eng offensiv Wirtschaftspolitik maachen.

Ech bedaueren eigentlech, datt d'Tripartite sech net mat deem doten Thema beschäftegt huet, datt mir um Index gescheitert sinn.

Bon, mir hunn elo dee Problem Index hannerun eis. Et wier elo Zäit eng Initiativ ze huelen, fir eng Aart Pakt fir Beschäftegung, fir Innovatioun, fir Wuesstem mat de Sozialpartner ze diskutéieren a fir do op ganz konkret Mesuren, déi och am Beräich vun der Wirtschaft leien. Also, hei ass jiddweree gefuerdert, an ech soen, hei sinn d'Entreprisen, d'Employeuren, besonnesch och gefuerdert fir ze kucke wéi mir iwwer déi Beschäftegungskris kënnen hei erauskommen.

Pierre Reyland: Wann Dir sot, d'Employeuren, d'Entreprisë wäre gefuerdert – domat mengt Dir, si wieren opgefuerdert méi Leit méi Chancen ze ginn um Aarbechtsmaart?

Nicolas Schmit: Sécher, mir kënnen och do accompagnéieren, mir kënnen hëllefen, do wou Aarbechtsplaze geschaf ginn, besonnesch och fir ze kucken, datt manner Aarbechtsplazen ofgebaut ginn.

Mä am Endeffekt läit ëmmer d’Décisioun beim Employeur.

A mir gesi jo och, datt do d'Wirtschaft méi lues dréint. Mir mussen also geziilt virgoen, fir Aarbechtsplazen do ze erhalen. Ech hu virdru gesot, 38 Entreprisen hu Chômage partiel gefrot, 34 fueren den nächste Mount am Chômage partiel. Dat ass eng Mesure, mä alleng mam Chômage partiel komme mir iwwer dee Problem do net ewech.

Pierre Reyland: Nicolas Schmit, villmools Merci fir den Interview de Moien.

Nicolas Schmit: Ech bieden Iech.

Dernière mise à jour