Nicolas Schmit au sujet de la crise de la dette publique en zone euro, de l'asbl ProActif et des demandeurs d'asile

Umoderatioun: D’Problemer bei der Beschäftegungsinitiativ ProActif an d’Flüchtlingsproblematik, dat sinn zwee Dossieren iwwer déi a leschter Zäit vill geschwat gouf.

Frank Kuffer: Jo, déi politesch Responsabilitéit huet den Aarbechtsminister Nicolas Schmit fir d’Affär ProActif, an den Immigratiounsminister Nicolas Schmit ass fir d’Flüchtlingen, op d’mannst wat hir Erlaabnis ugeet fir hei ze bleiwen, zoustänneg.

Dofir schwätze mir dann an den nächste Minutte mam Nicolas Schmit, dee live bei eis Studio ass. Gudde Mëtteg.

Nicolas Schmit: Gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Här Schmit, ier mir zu deene ganz wichtege Sujete kommen, awer vläicht eppes ganz Aktuelles. An der Regierung virdru waart Dir och zoustänneg am Fong geholl fir Europafroen. Wat sot Dir dann elo zu där Griicheland-Problematik, déi elo virun der Dier steet, déi scho laang virun der Dier steet, déi ëmmer méi konkret gëtt, datt d’Griiche kéinten austrieden? Wat ass Är Meenung do?

Nicolas Schmit: Ech mengen net, datt d’Griiche kéinten austrieden. De Problem vu Griicheland ass e Problem, dee laang Zäit net onbedéngt ganz gutt geréiert ginn ass. Ech mengen, d’Ausmoosse vun deem Problem sinn net richteg erkannt ginn. D’Konsequenzen dovu sinn net richteg erkannt ginn.

Elo ass eng Décisioun do geholl vum griichesche Premier, déi huet natierlech e Raz-de-marée provozéiert, och erëm op de Mäert. Op där anerer Säit muss ee sech natierlech froen, wéi wäit ass dat Europa kompatibel mat der Demokratie? D’Demokratie déi jo schlussendlech a Griicheland sollt hiren Ursprong geholl hunn.

Dat ass also eng ganz komplex Fro. An ech hoffen, datt mir d’Gemidder kënne berouegen, an datt mir schnell eng Décisioun, wat Griicheland ubelaangt, kënne kréien.

Frank Kuffer: Dir hutt gesot, et ass net richteg erkannt ginn, net gutt reagéiert. Mengt Dir och do den Eurogrupp?

Nicolas Schmit: Global gesinn, wéi laang gezögert ginn ass. Ech mengen, hei war eng Saach, déi hätt misse schnell, radikal, direkt geléist ginn, dann hätte mir déi Onsécherheeten, déi mir elo säit iwwer engem Joer hunn net an deem Mooss kannt.

An ech mengen, och de President vum Eurogrupp dee géif mat mir op deem do Punkt iwwerenee stëmmen.

Frank Kuffer: Voilà, dann zu deenen aneren zwee Sujeten awer, wéinst deene mir Iech geruff haten. Wou ass dann d’Affär ProActif den Ament drun? D’Generalversammlung déi war jo ofgesot ginn. Wësst Dir iwwerhaapt firwat datt déi ofgesot ginn ass?

Nicolas Schmit: Do waren eng Rei Ursaachen do, déi technescher Natur waren. Een Deel war, datt ech selwer ausgefall war, well ech krank war. Datt och nach huet misse gekläert ginn, wien da schlussendlech eventuell an deen zukënftege Conseil soll kommen. Déi Froe sinn elo gekläert.

Ech gesinn d’ailleurs verschidde Leit elo de Mëtteg, fir iwwer d’Zukunft vu ProActif ze schwätzen, fir en neie Conseil ze constituéieren, a fir en neien Départ mat ProActif ze huelen.

Frank Kuffer: En neien Départ? Dir wëllt wierklech, datt do bei Null ugefaange gëtt, datt déi al Leit ophalen an neier kommen?

Nicolas Schmit: Absolut. Et muss een eemol e Schlussstréch zéien. Hei si Responsabilitéiten, déi mussen natierlech nach gekläert ginn. Hei ass e Verfahren unhängeg beim Parquet, vun deem ech och scho verschidde Bréiwer krut, deen och all d’Dokumenter zur Verfügung gestallt wäert kréien, vu menger Säit op jiddwer Fall.

Da kann et net esou sinn, datt déi Leit, déi déi Responsabilitéiten an deem ProActif haten, einfach maache wéi wann näischt geschitt wier, a fir en zukënftegen neie ProActif, eng nei Beschäftegungsinitiativ responsabel sinn. Ech mengen, do musse Responsabilitéite gezu ginn.

Frank Kuffer: Wie kéint de Kapp da gi vun deem Verwaltungsrot?

Nicolas Schmit: Ech mengen, do ass eng Persoun choiséiert ginn. Ech sinn och do consultéiert ginn. Ech wëll elo deen Numm net soen, ech wëll net virgräifen. Déi Assemblée générale fënnt jo hoffentlech den nächste Méindeg statt, an da wäert och de President vun deem neie ProActif bekannt sinn. Et ass op jiddwer Fall a priori eng Persoun, déi meng Confiance huet.

Frank Kuffer: Erëm e Spëtzemember vum LCGB?

Nicolas Schmit: Neen, et ass net en aktive Gewerkschaftler, et ass e Mann dee mat der Gewerkschaftsszen enk verbonne war, am Passé, mä op jiddwer Fall net méi en Amt an der Gewerkschaft haut huet.

Frank Kuffer: Den Direkter Romain Schmit, ass deen erëm a Fonctioun? Wéi fannt Dir dat iwwerhaapt, datt deen do suspendéiert gouf?

Nicolas Schmit: Bon, ech hu mech doriwwer ausgedréckt, ech hunn dat net eng besonnesch gutt Iddi fonnt. Ech mengen, den Här Schmit deen huet seng Responsabilitéite geholl.

Ech erënneren drun, datt mir e Gesetz säit 2011 hunn, dat jiddwerengem, y compris de Fonctionnairen an de Responsabele vun enger Entreprise, virschreift, wa se wëssen, datt et Malversatiounen an enger Entreprise oder an enger Entitéit gëtt, besonnesch och am Bezuch mat Staatsgelder, datt se obligéiert sinn dat ze dénoncéieren, soss maache se sech selwer direkt strofbar.

Den Här Schmit deen huet en Connaissance de cause gehandelt, an den Här Schmit huet bis ewell eng gutt Aarbecht gemaach. An ech hoffen, datt mir och zesumme mam Här Schmit déi Restrukturatioun vu ProActif kënne réusséieren.

Frank Kuffer: ProActif ass jo nëmmen eng Beschäftegungsinitiativ – wéi gesäit dann den Audit vun deenen aneren aus?

Nicolas Schmit: Deen ass amgaangen. Do traitéiere mir déi aner Beschäftegungsinitiative genee d’nämmlecht. Och déi Audite wäerte public gemaach ginn. A wann et do Saache gëtt, déi net korrekt verlaf sinn, da mussen och déi nämmlecht Konsequenze gezu ginn.

Frank Kuffer: Firwat gouf deen Audit vu ProActif dann net mat deenen aneren zesumme public gemaach? Huet dat näischt mat de Gemengewahlen ze dinn, datt de Robert Weber do [gëtt ënnerbrach]

Nicolas Schmit: Neen absolut net. Déi ganz Analysen déi lafe jo scho säit iwwer engem Joer. Säit dem September hunn ech eigentlech och de Finanzminister drop opmierksam gemaach, datt bei de Beschäftegungsinitiativen eng Rei Problemer géifen existéieren, finanzieller Natur, mä awer och wat d’Gestioun vun där enger oder där anerer ubelaangt.

An do stoung natierlech ProActif direkt am Virdergrond, well mir entdeckt hunn, datt besonnesch bei ProActif Praxissen en Vigueur waren, déi net konform si mat de Regelen, och mat deenen Obligatiounen, déi d’Beschäftegungsinitiative musse respektéieren.

An et ass net meng Schold, datt do verschidde Saachen op eemol an d’Längt gezu gi sinn. Ech hat zesumme mat der Inspection générale des finances gekuckt fir dat relativ schnell ze maachen. Dat ass awer an d’Längt gezu ginn, an dat huet mech obligéiert selwer déi Auditen ze froen. An ech sinn och bei eng auslännesch Firma gaangen, fir och, géif ech soen, d’Sécherheet ze hunn, datt dat op eng net-politesch, korrekt, objektiv Aart a Weis sollt geschéien.

An ech mengen, déi Leit déi hunn och deene Critèrë voll entsprach.

Frank Kuffer: Firwat huet Äre Virgänger François Biltgen dat net gemaach?

Nicolas Schmit: Mäi Virgänger huet Audite maache gelooss. Et ass net esou, datt ni en Audit gemaach ginn ass, well ech géif esouguer soen, datt déi Auditen déi virdru gemaach gi sinn eis eigentlech op déi Spuer do bruecht hunn.

An dofir hu mir einfach gecheckt, ob déi Praxissen nach weidergefouert gi sinn, oder net. Leider hunn ech festgestallt, datt dat wat an engem Audit vun 2006 drastoung, datt déi Praxissen net mat deem Audit opgehalen haten.

Iwweregens war och do en Accord gemaach ginn mat ProActif, datt se misste Suen zréckbezuelen. Si hunn déi Suen zum Deel zréckbezuelt, awer net ganz. Et ass also net, datt do absolut näischt geschitt wier. Mä vläicht net mat där néideger Konsequenz.

Frank Kuffer: En anere Sujet dann nach, d’Immigratioun. Wéi gesinn dann déi ablécklech Zuelen aus? Sinn nach ëmmer a regelméisseg, a vläicht ëmmer méi Leit déi Asyl bei eis ufroen?

Nicolas Schmit: Sécher, deen Afflux vu Leit, besonnesch aus de Balkan-Staten, huet net opgehalen. Et ass emol eng Woch, wou et e bësse méi lues geet. Mä ech kann Iech soen, dës Woch ware mir erëm bei iwwer 70 Leit, an dat ass tel quel net akzeptabel.

A mir mussen och doriwwer nodenken, soit andeem mir d’Prozeduren nach aménagéieren, soit datt och déi Messagen nach méi kloer wäerte ginn. Ech emfänken d’ailleurs Représentantë vun deene Leit aus Serbien, an ech wäert deenen och ganz kloer maachen, datt hir Chancen hei Asyl ze kréie gläich Null sinn.

Frank Kuffer: Do war jo ganz vill an de Medien déi Saach mat den Iraker, déi op der Clairefontaines-Plaz am Hongerstreik waren, an op eemol waren déi quasi einfach verschwonnen. Wéi ass déi Saach ausgaangen?

Nicolas Schmit: Bon, déi Saach ass einfach ausgaangen, datt déi Leit, déi wollten op sech e bëssen Opmierksamkeet zéien, déi Leit déi kruten e Rendezvous an hu verstanen, datt eigentlech déi Aktioun, déi se do gestart haten, net ganz vill géif bréngen. A si hunn déi dann och gestoppt. Déi hunn e Rendezvous, ech mengen an deenen nächsten Deeg, wou se gehéiert ginn, a wou hir Prozedur da weider gefouert gëtt.

Frank Kuffer: Wéi et schéngt, kommen och den Ament ëmmer erëm vill Leit aus Portugal bei eis zréck, oder nei an d’Land. Kann dat “e Problem�? ginn, logistesch an esou?

Nicolas Schmit: Portugal ass jo vläicht net an enger Situatioun wéi Griicheland, mä och Portugal duerchleeft momentan eng Kris, eng Scholdekris, mä och eng Wirtschaftskris, déi mécht datt vill Leit aarbechtslos sinn, aarbechtslos ginn; datt d’Perspektiven, d’Sozial- an d’Wirtschaftsperspektiven an deem Land éischter ganz schlecht sinn.

An dat bréngt natierlech ganz normal mat sech, datt d’Leit sech op de Wee maachen, an dann op Plaze gi wou se hoffen eventuell eng Chance ze kréien, en Job ze fannen, an e Liewe kënnen an der Dignitéit ze starten. An dat ass dat, wat och elo geschitt.

Mir hu jo eng grouss portugisesch Communautéit hei, mat deenen ech permanent och am Dialog stinn. An déi soe mir, datt momentan ganz vill Leit aus Portugal kommen, mat hire Kanner, mat engem Auto, wou se am Auto schlofen, an net ganz besonnesch komfortabele Conditiounen, an der Hoffnung hei en Job ze fannen.

Wat awer net méi esou automatesch de Fall ass. Och mir hunn en Aarbechtsmaart dee méi schwiereg ass. An ech géif also net déi Leit encouragéieren, ouni gewësse Sécherheeten a Chancen op eng Aarbechtsplaz, einfach esou op Lëtzebuerg ze kommen. Ech géif hinnen dat wierklech deconseilléieren.

Frank Kuffer: Mä besteet net och d’Gefor, deemno wéi dat sech a Griicheland elo weider entwéckelt, déi Leit déi gesi jo och net vill Perspektiv bei sech, datt déi och an Europa dorëmmer probéieren awer sech e bessert Liewen opzebauen?

Nicolas Schmit: Dat ass absolut normal. Dat ass och, géif ech soen, een Aspekt vun enger Währungsunioun. Een Aspekt vun der Währungsunioun ass d’libre Circulatioun, datt eben d’Leit kënnen, wann et an engem Deel vun där Währungsunioun schlecht geet, op Plaze goe wou Leit gebraucht ginn.

Mir mierken dat och. Momentan gëtt et jonk Spuenier, do wou de Chômage extrem héich ass, déi probéieren an Däitschland ze goen, well de Chômage an Däitschland zréck geet, well an Däitschland – och aus verschiddenen Ursaachen, ekonomeschen, mä awer och demographeschen – Leit gebraucht ginn, qualifizéiert Leit gebraucht ginn. Do ass also d’libre Circulatioun en normaalt Phänomen.

An och dat erliewe mir genee mat de Portugisen, vläicht och mat aneren nach an der Zukunft, wann déi Kris an deene Länner am Süde vun der Europäescher Unioun esou weider geet.

Frank Kuffer: Wou Dir elo net direkt responsabel sidd, mä wat d’Demandeurs d’asile ugeet, fir déi zu Lëtzebuerg ënnerzebrénge gouf et jo och vill Diskussiounen déi lescht Zäit. Maachen de Stat an d’Gemengen do genuch?

Nicolas Schmit: Do sinn eng ganz Rei Efforte gemaach ginn an deene leschten Deeg, och vu menger Kollegin, der Madame Jacobs.

Hei muss ee wëssen, mir hunn et hei an e puer Méint mat 1.500 Demandeurs d’asile ze dinn, wat einfach net esou virauszegesi war.

Fir déi vun engem Dag op deen aneren ze logéieren, dat ass net esou einfach. Do kann een natierlech einfach Formulë gebrauchen, a soen, dir hätt dat alles misste virausgesinn. Mä dat war net virauszegesinn. Déi Efforten déi elo gemaach ginn, ech hoffen déi erlaben déi Leit korrekt ze logéieren.

Mä et geet besonnesch drëm, déi Leit ze découragéieren op Lëtzebuerg ze kommen, mä awer och déi déi komm sinn, schnell erëm an hiert Heemechtsland zréckzeschécken.

Frank Kuffer: Nicolas Schmit, ech soen Iech villmools Merci, datt Dir de Mëtteg bei eis komm sidd.

Nicolas Schmit: Ech bieden Iech. Merci.

Dernière mise à jour