Nicolas Schmit au sujet de la réforme de l'ADEM et de l'immigration

Paul Konsbruck: De Chômage ass héich, zu Lëtzebuerg exceptionnel héich, dat gëtt also allgemeng net kontestéiert. Diskutéiert a gestridde gëtt awer iwwer déi richteg Mesuren, fir eppes géint d’Aarbechtslosegkeet ze maachen. Zentrum vun den Discussiounen ass d’ADEM, déi reforméiert gëtt, an zum Deel och scho reforméiert gouf.

Här Schmit, an enger dacks zitéierter Enquête vun Ceps-Instead aus dem Joer 2009 iwwer d’Roll vun der ADEM, dierft Iech eng Zuel ganz ferm wéidoen. Nëmme 7% vun de Leit déi zu Lëtzebuerg eng Aarbecht kréien, fannen déi och iwwer d’ADEM. Dat ass alarmant, oder?

Nicolas Schmit: Et ass e bëssen enttäuschend, mä ech muss dobäi soen, datt wann een ähnlech Statistiken aus dem Ausland kuckt, wann een also kuckt, wat bei "pour l’emploi" oder och an Däitschland de Fall ass, da leien déi Chifferen zwar iwwer deene 7%, mä déi sinn awer och net enorm héich.

Ech mengen, mir wëssen alleguer, datt, déi meescht Leit fannen Aarbecht iwwer d’Kenntnis vun iergend engem, iwwer hire Réseau, iwwer informell Kontakten. Dat wëll awer net soen, datt d’ADEM net e wichtege Rôle trotz allem huet.

Paul Konsbruck: Mä huet d’ADEM da vläicht en Imageproblem, datt d’Leit aner Weeër sichen, fir eng Aarbecht ze fannen, oder hänkt et wierklech un der Efficacitéit vun der ADEM?

Nicolas Schmit: Neen, ech géif net soen, datt dat ass, well d’Leit net op d’ADEM zeréckgräifen. D’Leit gräifen emol fir d’éischt op déi Moyenen zeréck, déi hinnen am nächste sinn. An dat ass effektiv net onbedéngt d’ADEM. A wann déi Moyenen also fonctionnéieren, an et muss ee jo soen, datt laang Zäit um lëtzebuerger Aarbechtsmaart et eigentlech fir vill Leit net esou schwéier war en Job ze fannen, dann ass d’ADEM net déi éischt Léisung.

Et gëtt dann enk, wann d’Leit net direkt en Job fannen, an do si mir jo elo éischter dran, an da brauche mir eng ADEM déi fonctionnéiert. Da brauche mir en Instrument, wat eis erlaabt d’Initiative um Aarbechtsmaart ze erhalen.

Paul Konsbruck: Mä ier et esou wäit kënnt, datt d’Leit dann effektiv op der ADEM sinn, ass et jo e grousse Schrëtt fir vill Leit, fir iwwerhaapt dohinner ze goen. Et ass zum Deel ëmmer nach esou, datt d’Leit stigmatiséiert ginn, oder sech op d’mannst esou fillen, wa se dohinner ginn. Muss een dorunner net och awer schaffen?

Nicolas Schmit: Jo, absolut. Ech mengen, éischtens heescht dat, datt den Accueil bei der ADEM muss absolut nach verbessert ginn. Mir si jo och am gaangen dat ze maachen, mir hunn och e Code wéi d’Leit sollen emfaange ginn, wéi se sollen traitéiert ginn. Dat heescht, si sollen net traitéiert gi wéi an irgend enger verstëpster Administratioun, wann ech dat emol esou e bësse provokatoresch dierf soen. Si solle wierklech wéi an enger Déngschtleeschtung emfaange ginn, an et soll mat hinnen zesummegeschafft ginn, si sollen net méi assignéiert ginn, wéi dat schrecklecht Wuert heescht, mä et soll wierklech mat hinnen zesummegeschafft ginn, fir schnell erëm en Job ze fannen.

Paul Konsbruck: An duefir ginn dann och aus den Demandeurs d’emploi Clienten an Zukunft?

Nicolas Schmit: Ob een déi elo Clienten nennt, oder wéi och ëmmer, oder Usagers, mä et soll zumindest eng Mentalitéit si vu Clientèle, dat heescht, datt de Conseiller professionnel mat deem deen en en face huet, zesummeschafft, an him probéiert, compte tenu och vu senge Formatiounen, senge Qualifikatiounen, a senge Wënsch, dee richtigen Job ze vermëttelen.

Paul Konsbruck: Här Schmit, wa mir iwwer Aarbechtslosegkeet zu Lëtzebuerg schwätzen, dann ass et de Jugendchômage, dee besonnesch schockéiert, den Taux beweegt sech do ronderëm déi 17%. A wann een e bësse méi genee an d’Zuele kucke geet, da gesäit et esou aus, datt am Mee e Véierels vun den Demandeurs d’emploi ënner 30 Joer sinn, a mir schwätzen hei alleng vun deene Persounen, déi och bei der ADEM ageschriwwe sinn. Gläichzäiteg geet dann awer den Emploi an d’Luucht. Wat leeft do schif iwwer an der lëtzebuerger Économie, wa gutt forméiert Leit, zum Deel, keng Schaff fannen?

Nicolas Schmit: Dat ass natierlech awer dee Chiffer, deen Dir net genannt hutt. Iwwer 60% vun deene 25% si jonk Leit bis 29, 30 Joer, déi keng, oder eng schwaach Qualifikatioun hunn. Do läit de grousse Problem vum Jugendchômage hei zu Lëtzebuerg, an op villen anere Plazen, awer net iwwerall. Och a Spuenien do sinn et 45% vun enger Classe d’âge bis 25 Joer, mä do si ganz vill gutt forméiert Leit, déi eng Aarbecht sichen. Dat ass manner de Fall hei zu Lëtzebuerg.

Paul Konsbruck: Mä och hei zu Lëtzebuerg si jo awer ronn 15% vun de Leit, vun deenen am Jugendchômage, sinn dann awer Leit mat enger Formatioun Bac+, dat sinn em déi 1.800 Leit. Dat ass awer och trotzdem schokéierend, datt 1.800 Leit zu Lëtzebuerg keng Schaff hunn, trotz engem Universitéitsdiplôme?

Nicolas Schmit: Jo, en Universitéitsdiplôme ass en Atout fir eng Aarbecht ze fannen. E muss awer natierlech och de Besoinen um Aarbechtsmaart entspriechen. Wann ech eng Formatioun hunn, déi eigentlech um Aarbechtsmaart wéineg gesicht gëtt, an ech behaapte mech drop, datt an deem Beräich ass, wou ech wëll schaffen, an a kengem aneren, dann hunn ech och mat enger Universitéitsformatioun eventuell e Problem an en Job eranzekommen.

Do musse mir also de Leit och emol eemol kloer soen, datt et heiansdo och Situatioune gëtt, wou een net mat där Formatioun deen Job kritt, deen ee sech vläicht erdreemt hat, an datt een da muss de Leit hëllefen eventuell och eng Reorientierung an hirem Beruffsliewen ze huelen. Duefir ass et natierlech och wichteg, eng gutt Orientation professionnelle ze hunn, wou ebe Leit dann an déi richteg Beruffer orientéiert ginn, och wann dat net hirer initialer Formatioun entsprécht.

Paul Konsbruck: Déi Formatioun déi fänkt eben un an der Schoul, an dat ass dann och deen nächste Punkt. Leeft dann och vläicht an der Schoul eppes schif, ginn d’Leit net richteg do op den Aarbechtsmarché preparéiert?

Nicolas Schmit: Sécher ass, hu mir eng ganz Rei Problemer an der Schoul, duefir si jo och eng Rei Reformen och en Route. Wann ech déi Chiffere kucken, déi mir elo kréien iwwer den Apprentissage, an dat ass jo e wiesentleche Wee fir jonk Leit och an eng Aarbecht ze kommen, dann hu mir 2.080 Inscritë bis ewell, déi wëllen en Apprentissage maachen. Posten déi mir awer vun de Betriber déclaréiert kruten, sinn der nëmmen 1.200 an eppes, dat heescht do hu mir schonn en Defizit, wat d’Zuel vun de Posten ubelaangt.

Mä deen Defizit ass enorm bei deenen e bësse méi Schwaachen, dat heescht, déi déi net op dem Wee si fir en CATP ze maachen, mä fir deen Diplôme ënnen drënner, den CCP wéi en heescht. An do musse mir usetzen, besonnesch déi méi Schwaach, mir mussen hinnen hëllefen trotz allem eng Formatioun ze kréien, déi vun den Entreprisen gebraucht gëtt. Mir mussen och deene Jugendlechen, besonnesch deene schoulesch e bësse méi Schwaachen, dat wëll jo net soen, datt déi onbedéngt och professionnel méi schwaach musse sinn, eng Chance ze ginn, e Wee ze maachen, eng Formatioun ze kréien, an och an en Emploi ze kommen.

Paul Konsbruck: An dat ass dann exklusiv am Fong de Ressort vun Ärer Kollegin, vun der Éducatiounsministesch. Gëtt et eng notabel Zesummenaarbecht tëscht Ärem Ressort an deem Ressort vun der Schoul?

Nicolas Schmit: Dat ass exklusiv wat d’Schoul ubelaangt, mä d’Orientation professionnelle, déi jo besonnesch d’Apprentissageplazen ausschreift, dat gëtt géréiert iwwer e Service vun der ADEM. Dat heescht, och do ass den Aarbechtsminister involvéiert.

An ech hunn elo fir em den 20. Juli d’Patronen invitéiert, d’Patronat invitéiert, fir iwwer déi do Problemer vum Jugendchômage, besonnesch iwwer den Apprentissage, iwwer d’Plazen, dobäi kënnt nach, datt verschidde Plazen ënnerbesat sinn, a verschidde Plazen iwwerbesat sinn. Do ass also och e Problem vun Orientierung vu Jonken, fir hinnen ze soen, du wëlls zwar deen do Beruff, mä deen ass schonn extrem besat, ass net eng Alternativ, déi dech och kéint motivéieren.

An do wëlle mir zesummeschaffen, do ass d’Madame Delvaux an ech selwer associéiert, fir mat de Patronen iwwer déi Saachen do ze schwätzen. Mir brauchen eng Initiative jeunes, eng Initiative fir d’Jugend, fir den Aarbechtsmaart, an déi musse mir zesumme maache mat dem Patronat, mam Wirtschaftsministère, mam Ministère och vun de Classes moyennes, dat ass eng Saach, déi eis alleguer ugeet.

Paul Konsbruck: Mä et ass awer keng, ech nennen dat elo emol institutionaliséiert Schnëttstell tëscht dem Éducatiounsministère an dem Aarbechtsministère?

Nicolas Schmit: Dach, ëmmer méi. Mir hunn nämlech elo all déi Akteuren, déi do aktiv sinn, ob dat elo de Service national de la jeunesse, deen also nach engem anere Ministère ënnersteet, der ALJ, déi effektiv dem Éducatiounsministère ënnersteet, d’OP an d’ADEM zesumme mat privaten Akteuren och, mat den CNFPCen déi erëm Éducatioun sinn op een Dësch, ronderëm een Dësch bruecht, a fir wierklech eng integréiert global Politik fir déi Jonk auszeschaffen.

Ech mengen, an deenen nächste Joeren ass dat eist Haaptzil, do spillt natierlech d’Schoul, déi initial Ausbildung, e wichtege Rôle. Mir wëssen, datt mir do Problemer hunn, mir kennen d’Évolutioun an eiser Gesellschaft, dat ass natierlech eng Viraussetzung. Mä wat Aarbechtsmaartpolitik ubelaangt, do mussen all Akteuren um nämlechte Strang zéien. Wa mir dat fäerdegbréngen, da mengen ech, da kréie mir och positiv Resultater.

Paul Konsbruck: E puer Detailer hutt Dir ginn. Et ass eng Reform ugesot, et läit an der Loft, et richt een et, de Gesetzprojet gouf de leschten Dezember déposéiert, zanter hier gouf e vu ville Säiten ënnert d’Lup geholl, an iert mir op eventuell Kritiken nach zeréck kommen, Här Schmit eng Kéier am Résumée: Wat sinn dann déi grouss Changementer par rapport zu elo, a wéi eng sinn och scho vläicht duerchgesat ginn?

Nicolas Schmit: Et sinn der eng ganz Rei déi am gaange sinn duerchgesat ze ginn. Dir wësst, eng Reform, dat ass net eppes wat dir, wéi emol eng Journalistin geschriwwen huet, op e Knopfdruck einfach esou lancéiert, dat ass richteg, dat ass e Prozess. Dir musst d’Leit forméieren, mir hunn emol fir d’éischt misse Leit astellen, d’Cours des comptes huet eis gesot, oder huet mengem Virgänger eigentlech gesot, well d’Analys ass gaangen iwwer 2006-2009, datt interessant Mesurë geholl gi sinn, mä datt d’Moyenen net suivéiert hunn. Dat heescht, mir hunn an deem leschten annerhalwem Joer 40 nei Leit agestallt, déi musst dir forméieren, an dir musst d’Methoden, d’Prozeduren änneren. Dat ass eben, aus dem Placeur gëtt e Conseiller professionnel. An dat ass net d’Semantik, dat ass eng Realitéit, dat ass eng Philosophie, dat ass eng aner Approche.

Dir hutt virdru vum Client geschwat, dat ass eng ganz aner Approche wéi de Placeur. De Placeur huet ganz einfach gesot, hei ech proposéieren dir 4 Posten, géi dech dohinner mellen, an da kuck, datt s de ee vun deene Posten eventuell kriss. Hei ass eng aner Approche, hei muss een d’Formatioun abauen, hei muss ee kucken, wat d’Leit kënnen, hir Kompetenzen évaluéieren. Et ass also vill méi eng komplex Approche, dat ass also d’Leit wierklech begleeden, déi déi no enger Aarbecht sichen, begleeden um Wee fir erëm zeréck an eng Aarbecht, oder iwwerhaapt an eng Aarbecht ze kommen.

Dat ass natierlech eng Revolutioun, an engem gewësse Sënn, an dat brauch e bëssen Zäit, dat brauch vill Investissement, och a Gebaier, dat hu mir jo och gemaach iwwer déi dräi nei Agencen, mä besonnesch an d’Leit, an déi Leit déi mir engagéiert hunn, mä awer och déi Leit, déi scho säit enger ganzer Zait an der ADEM sinn, a wou vill gutt Leit drënner sinn. Ech mengen, d’ADEM gëtt vill kritiséiert, wann natierlech een 600, 700 Leit ze betreien hat, wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war, da kënnt dir net dat Onméiglecht vun engem verlaangen.

Dat probéiere mir jo ofzebauen, en éischte Schratt ass gemaach, mir mussen nach vläicht do eng Schëpp noleeën, mä d’Qualitéit dat ass de But vun enger Reform, d’Qualitéit vum Service.

Paul Konsbruck: An déi Qualitéit déi fällt a steet och mat de Leit, mat de fréiere Placeuren, dann haut Conseillers professionnels. Déi Leit déi bleiwen, och an Zukunft ginn déi iwwer den ëffentlechen Déngscht agestallt, dat wäerte Fonctionnaire sinn?

Nicolas Schmit: Jein. Déi déi do sinn, sécher, déi déi remplacéiert ginn, och. Ech mengen, et ass net e Feeler Leit weider iwwer e Concours anzestellen. Mä wat muss geännert ginn, dat ass dat, wat duerno kënnt. Dee Jonken dee bei d’ADEM kënnt, iwwer deen do Wee agestallt gëtt, dee muss eng aner Formatioun kréien, wéi dee Jonken, deen an iergend en anere Ministère geet. An déi Formatioune si mir am gaangen opzebauen. Et ass e spezifesche Métier, et ass e schwéiere Métier, et ass natierlech och en Challenge fir jidwereen, deen an dee Métier kënnt, et ass dee vill mat Leit ze dinn huet. Dat muss ee léieren, do gëtt et Formatiounen, mir schaffen do enk mat den Däitschen haaptsächlech zesummen, déi esou Formatiounen ubidden.

A mir hunn déi 40 Leit, déi elo viru kuerzem agestallt gi sinn, dat sinn der déi aus dem Privatsecteur kommen, déi ganz oft an de Ressources humaines geschafft hunn. An ech géif och net op dee Wee vu Recrutement einfach esou verzichten, dat ass e gudde Mix, an dee Mix soll ee weiderféieren.

Paul Konsbruck: Mä hätt ee bei deem Recrutement dann net méi flexibel kéinte sinn, wann een ebe gesot hätt, et bleift net eng Verwaltung, mä et gëtt eben eng ëffentlech Institutioun?

Nicolas Schmit: Ech mengen, mir hunn nei Leit agestallt, mir hunn nei Büroen opgemaach, mir sinn am gaangen d’Prozedure komplett ze änneren. Alles dat ouni datt mir en Établissement public kréien.

Zu Lëtzebuerg, wann een en Établissement public crééiert huet, da mengt een, et hätt een eng Reform gemaach, dann huet een nach guer näischt gemaach, dann huet ee just e Statut geännert. An alleng e Statut, wann net eppes bannendran ännert, well déi Leit kënnt dir jo net einfach erausgeheien, dir kënnt jo net soen, déi do geheie mir elo all eraus, an da maache mir en Établissement public, an dann huele mir komplett Neier eran, esou einfach geet et jo Gott sei Dank net, dann hutt dir guer näischt gemaach.

Hätte mir elo en Établissement public gemaach, dann hätte mir emol missen eng ganz Rei Investissementer maachen, wat d’Organisatioun vun deem Établissement public ubelaangt. Dann hätte mir dat emol missen organiséieren.

Dat wat mir um Häerz läit, dat ass net de Statut vun der ADEM, dat sinn d’Chômeuren, dat sinn déi Leit, déi no Aarbecht sichen. An dat ass de Service deen zielt. Ob dat elo an engem Établissement public geschitt, oder an enger Administratioun, déi am gaangen ass sech awer lues vum Statut administratif ewechzebewegen, wann een och d’Gouvernance kuckt, well mir déi Commission de suivi dobäi setzen, wou d’Employeuren, wou d’Gewerkschaften associéiert ginn, wou se kënnen iwwer d’Methode mat diskutéieren, ech mengen dat ass dat Wichtegst. Manner an d’Formes juridiques, méi an d’Substanz.

Paul Konsbruck: Dir hutt vun enger Revolutioun geschwat, et si Saachen ugesot, et si Saache geschitt, an awer spuert d’Oppositioun net mat Kritik. Eng vun deene kennt Dir, dat ass déi vum Viviane Loschetter vun Déi Gréng, ech spillen Iech se vläicht nach eng Kéier kuerz vir.

Viviane Loschetter (O-Toun): Als Conclusioun muss ech soen, datt et vill Technesches ass, heiansdo och e bëssen, soen ech emol ironesch, esou e Schönschreibeexercice, ebe fir ze soen, kënnt do de Punkt, kënnt do de Komma, ass et eng Agence, ass et eng Administratioun? Mir schwätzen eigentlech elo bei dësem Gesetz, dee sech awer limitéiert op e puer technesch Ëmännerungen, vun engem Arbeitsamt, net iwwer u sech eng global Reform, net nëmme vum Arbeitsamt, mä vun der Main-mise vun enger Regierung op den Aarbechtsmaart. An dat bedauere mir als Gréng.

Paul Konsbruck: D’Viviane Loschetter schwätzt vun enger Aufgab déi d’Regierung huet. Si freet, datt déi ganz Regierung do derhannert soll stoen, an datt ee wierklech e Plan national misst dohinner setzen. Ass et vläicht esou, datt déi Reform vun där ADEM net wäit genuch geet, misst et méi e breede Kader ginn?

Nicolas Schmit: Mä d’Reform vun der ADEM ass ee Stéck vun enger Aarbechtsmaartpolitik. D’ADEM selwer, ech mengen, dat steet och an iergend engem Avis, vläicht vun deem vum Conseil d’État, schafft keng Aarbechtsplazen, ausser déi, déi an der ADEM direkt geschaaft ginn. Mir mussen also effektiv eng Globalapproche hunn, an dat wëlle mir och. Duefir hunn ech gesot, wa mir iwwer Jugendchômage schwätzen, da muss den Éducatiounsministère associéiert ginn, da muss de Wirtschaftsministère associéiert ginn. Mir mussen also kucken, wou sinn déi Emploië fir déi Jonk, déi geschafe ginn [gëtt ennerbrach]

Paul Konsbruck: Dat war jo genee dat, wat d’Viviane Loschetter gefrot hat. Dat heescht, Dir sot awer, dat geschitt [gëtt ënnerbrach]

Nicolas Schmit: Dat ass am gaangen ze geschéien. Mä d’Madame Loschetter hat vläicht keng Zäit fir sech do esou ze informéieren, fir ze wëssen, oder mir haten net déi Geleeënheet fir mateneen do driwwer ze schwätzen, dat ass jo elo geschitt. Ech stinn hir och ëmmer gären zur Verfügung an der Chamber, oder wou och ëmmer fir doriwwer ze debatéieren.

Ech waarden och, dat soen ech och, op ganz konkret Propositiounen. Ech soen net, datt dee Projet de loi dat lescht Wuert ass. Wann do interessant Iddien nach ze komme wieren, och vun der Oppositioun, da sinn ech absolut offen, fir déi Propositiounen ze diskutéieren, an de Projet och nach an esou engem Sënn ze amandéieren. Also dat ass net zou, dat ass op. An ech mengen, hei geet et em e wichtegt nationalt Uleies, de Chômagen en général, a besonnesch natierlech dee vun deene Jonken. An do muss all Iddi gepréift ginn, vu wiem se och ëmmer kënnt. Ech mengen, dat ass, ech géif soen, en nationalt Interessen, dat ass eng Verantwortung déi mir hu géintiwwer vun de jonke Generatiounen. An dat ass och eppes, wat mir och besonnesch um Häerz läit.

Ech sinn elo vu menge Kollegen an Europa de Koordinator vun de sozialisteschen Aarbechtsminister genannt ginn. An ech hu gesot, ech huelen dat un à une condition, datt mir iwwer de Chômage des jeunes an Europa diskutéieren. Et kann net sinn, datt mir iwwer Banken diskutéieren, Banke retten, mä iwwer déi 45% jonk Spuenier, oder déi 40% oder 45% jonk Griichen, do gëtt net diskutéiert. Dat muss an Europa, wéinst der Crédibilitéit och vum europäesche Projet, eent vun eise groussen Uleies bleiwen.

Paul Konsbruck: Als Reaktioun op der Viviane Loschetter hir Kritik, fir nach eng Kéier drop zeréckzekommen, hat viru gutt zwou Wochen hei op der Antenn gesot, d’Madame Loschetter kéint net wësse wat a Saachen ADEM leeft, well se ni an der Chamberkommissioun wier, wann do driwwer geschwat géif. Fir de Ping-Pong da perfekt ze maachen, hunn Déi Gréng dorops hin nees gesot, si kéinten awer beweisen, datt d’Deputéiert Loschetter ëmmer do war. Här Schmit, wien ass elo hei méi no un der Wouerecht?

Nicolas Schmit: Si ass doutsécher heiansdo, oder ganz oft do, si geet vläicht heiansdo e bëssen éischter, si huet sech alt scho bei mir entschëllegt, datt si huet missen éischter goen. Ech mengen, dat do sinn esou kleng Picken, déi net de Fong vun der Affaire ausmaachen.

Paul Konsbruck: Mä et ass awer trotzdem fir d’Crédibilitéit ass et awer fir d’Leit dobaussen trotzdem wichteg ze wëssen, wéi dat dann elo war. A wann ee sech déi Präsenzlëschte vun der Chamber ukuckt, wat ech och gemaach hunn, do ass awer kloer, datt d’Madame Loschetter am Fong all Kéier do war, sech eng Kéier vum Felix Braz ersetze gelooss huet.

Nicolas Schmit: Jo, ech weess jo och mat wiem ech schwätzen an der Chamber, wann ech an der Kommissioun sinn. Ech weess och, wa mir en Débat an der Plénière hunn, wien do ass a wien net do ass. Ech hunn net gesot, d’Madame Loschetter wier ni do gewiescht, mä dat do ass eng Fro, déi mech eigentlech net beréiert. Mir mussen iwwer de Fong schwätzen, mir mussen iwwer Propositiounë schwätzen, mir mussen iwwer gemeinsam Aktioune schwätzen. Dat ass dat, wat wichteg ass. Esou kleng Urempelunge vun där enger Säit oder där anerer, dat gehéiert vläicht zum politesche Geschäft e bëssen, mä u sech ass dat net dat Wiesentlecht. Ech mengen, dat Wiesentlecht dat sinn déi Jonk, déi vun eis verlaangen, datt se eng Chance am Liewe kréien, eng Chance fir sech ze lancéieren.

Paul Konsbruck: Da waarde mir do wahrscheinlech op déi nächst Reaktioune vun Déi Gréng. Ech gleewen net, datt de Ping-Pong do fäerdeg ass. A mir bleiwen awer nach e bësse bei där Zort vun Discussioun, well et gouf och eng Reaktioun vun der CSV, an zwar op dës Ausso vun Iech.

Nicolas Schmit (O-Toun): Ech mengen, mir hu Consultantë momentan an der ADEM, déi am gaange sinn dee ganze Betrib nei opzestellen. Mir sinn am gaangen eng komplett nei Informatik en Place ze setzen. Dat brauch alles e bëssen Zäit. 20 Joer, oder méi wéi 20 Joer, ass an der ADEM guer näischt geschitt. Et kann een net verlaangen, datt mir déi ganz Administratioun emkrempelen, a mir wäerten dat maache vu Kapp bis op de Buedem. Dat garantéieren ech iech, an dat a manner wéi zwee Joer.

Paul Konsbruck: Huet Äre Virgänger, de François Biltgen, an och dee fréieren Aarbechtsminister Jean-Claude Juncker näischt geschafft?

Nicolas Schmit: Bon, ech muss emol soen, mir haten am Joer 2000 2,5% Chômage. Dat heescht, do huet dat Bild ganz anescht ausgesinn, an do konnt och vläicht net jiddweree virausgesinn, datt sech do op emol en aneren Trend géif breet maachen. Mir hunn am Joer 2009 5,7% - 5,8% Chômage gehat, obwuel an deenen 9, 10 Joer bal 100.000 Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg geschaaft gi sinn.

An do muss ech soen, eigentlech dat, wat d’Cours des comptes seet, d’ADEM huet déi Évolutioun vum Chômage net suivéiert, si war net équipéiert, et waren zwar Instrumenter, déi geschaf gi sinn, wat den Här Spautz dann, op déi hie sech referéiert, wann e vun de Gesetzer schwätzt. Mä d’Moyenen, fir déi Instrumenter richteg ze applizéieren, wéi zum Beispill déi Convention d’activation, déi war net do. D’Informatik ass komplett vereelst, mir hunn elo e Projet am gaange fir déi ze moderniséieren, esou wéi dat muss geschéien.

Bon, ech menge schonn, datt do huet missen eng Reform kommen, an déi ass jo och elo am gaangen, an déi brauch natierlech e bëssen Zäit iert se an alle Facette sech imposéiert.

Paul Konsbruck: Tëscht 1999 an 2009, dat war dann och déi Zäit vun Äre Virgänger, ass och d’Zuel vun de Placeuren awer doubléiert ginn, oder vun de Conseillers professionnels, wéi een dann elo muss soen, an dat geet jo dann och weider, wéi mir héieren hunn. Bleiwe mir do awer trotzdem och do nach e bësse méi kritesch. Geet dat dann duer, wat elo geplangt ass? Wann ee jo an d’Ausland kuckt, da kommen op, a Frankräich ass ee Placeur op 60 Demandeurs d’emplois.

Nicolas Schmit: Och net momentan, d’Kris huet do och Problemer geschaaft [gëtt ënnerbrach]

Paul Konsbruck: Wat ass den Objektiv de Moment?

Nicolas Schmit: Den Objektiv, Dir wësst ech hat e franséische Consultant, dee leider krank ginn ass, wierklech e Mann, deen déi Situatioun extrem gutt kennt. Deen huet ganz am Ufank gesot, ideal ass ee Conseiller professionnel fir 60 Demandeurs d’emplois.

Mir si wäit dovun ewech nach. Mä mir sinn awer elo praktesch bei där Halschent, wéi do wou do mir waren wéi mir ugefaangen hunn. Dat heescht, 400, 500, heiansdo 600, deemno wou ee war, dat ass onméiglech. Mir leien elo eppes iwwer 200, 250, heiansdo och nach liicht drënner, ass nach ëmmer schwiereg. An ech mengen, do si mir och nach net um Enn. Mir musse wierklech do nach Villes verbesseren.

Mä d’Saach gëtt emsou méi schwéier, wann d’Moyenen net do sinn, wann d’Informatik zum Beispill komplett vereelst ass, da schafft dir natierlech ënnert Bedéngungen, déi nach vill méi schwiereg sinn. Duefir dat sinn alles Saachen, déi anenee gräifen. D’Zuel vun de Placeuren, d’Informatik, d’Lokalitéiten, also ech wënschen Iech net mussen Äre Chômage sichen ze goen op Esch, net an d’Frischen, do ass et okay, mä bei der Theaterplaz, dat si Lokalitéiten, déi eigentlech, géif ech soen, totalement indigne sinn.

Paul Konsbruck: Ee Wee vun der ADEM féiert vill Leit dacks och an d’Beschäftegungsmesuren, Objectif plein emploi, oder Forum pour l’emploi. 50 Milliounen Euro fléisse bei dës Initiativen. Direkt gefrot Här Schmit, sinn dës Sue gutt investéiert?

Nicolas Schmit: Jo, ech géif soen, si si gutt investéiert. D’Beschäftegungsinitiative ginn eis schonn e wichtegt Instrument, besonnesch fir déi méi schwaach Demandeurs d’emploi, déi et net fäerdeg bréngen op de sougenannten éischten Aarbechtsmaart esou einfach ze kommen. An duefir si se jo och geschafe ginn.

Mä ech mengen, si kéinte besser investéiert ginn. An dat ass och eng Ierfschaft, déi ech do ugetruede sinn, well ech mengen, datt de Contrôle vun deenen Initiativen net optimal war. Datt och net gekuckt ginn ass, wéi ginn déi Suen, déi mir do investéieren, déi mir am Prinzip gutt investéieren, ginn déi awer optimal agesat, sinn déi Projeten, déi do gemaach ginn, wierklech déi bescht Projeten, déi mir kënne fir déi Leit maachen, déi mussen erëm op den Aarbechtsmaart integréiert ginn. Et gëtt vill ganz gutt Projeten, déi och par ailleurs e gudde Rendement social hunn, mä et gëtt awer och Projeten, wou ee sech freet, zu wat se eigentlech nëtzen.

An duefir, fir dat elo emol alles ze kucken, och déi finanziell Säiten, hat ech probéiert mat de Finanzen dat alles op den Dësch ze leeën, well mir och do mussen dat Gesetz vun 2009 en oeuvre setzen. Dat ass mir net esou richteg gelongen, an ech hunn dann décidéiert elo en Audit vun enger onofhängeger Gesellschaft ze maachen, vun deenen dräi grousse Beschäftegungsinitiativen, d’autant plus, datt mir e bëssen d’Gefill hunn, datt bei där enger oder där anerer vläicht net alles esou gelaf ass, wéi et hätt misse lafen [gëtt ënnerbrach]

Paul Konsbruck: Et muss ee vläicht trotzdem erklären, datt zoustänneg fir déi Beschäftegungsmesurë sinn d’Gewerkschaften.

Nicolas Schmit: Sinn d’Gewerkschaften. Mir hunn, enfin, mir hunn dräi Stéck, OPE, Proaktiv a Forum, an déi ginn och ënnert d’Lup geholl, an do ass och en éischten Audit am gaange fäerdeg gestallt ze ginn. An da kucke mir, wat dobäi erauskënnt, fir effektiv och do de Passé ze soldéieren. Well mir kënnen net en neien Ufank maachen a Richtung vu méi Efficacitéit, fir eben déi Sue vum Steierzueler, well déi 50 Milliounen, dat si jo dem Steierzueler seng Suen, richteg a gutt am Interesse vun den Aarbechtslosen ze investéieren, musse mir Kloerheet hunn, musse mir Transparenz hunn, a musse mir och Efficacitéit hunn.

Ech sinn och en Adept vum Spueren, ech sinn och en Adept vun engem virsiichtegen Emgoe mat de Steiersuen, an dat musse mir och an dësem Beräich absolut hikréien.

Paul Konsbruck: Mir gi mat grousse Schrëtt op halwer eng duer. Vläicht nach just eng Fro virum Journal. Dir hutt matkritt, datt beim LCGB d’Lompen e bësse sténken, fir et emol esou auszedrécken. Iwwer e 7-stellege Betrag gëtt geschwat, wou déi an der Schold wieren, den LCGB, an da sinn déi eben och zoustänneg fir eng vun de Beschäftegungsmesuren. Wéi beréiert Iech dat, wann Dir dat héiert?

Nicolas Schmit: Ech géif soen, ech hunn als Aarbechtsminister domat näischt direkt ze dinn. Ech hoffen, datt déi Gewerkschaft, déi jo zu enger vun deene représentative Gewerkschaften hei zu Lëtzebuerg zielt, datt déi déi Problemer do an de Grëff kréien, datt se dat och an aller Transparenz maachen. Mir brauche gutt fonctionnéierend Gewerkschaften hei zu Lëtzebuerg. An ech maachen deene Leit da Vertrauen, datt se dat réusséieren, soss huet den Aarbechtsminister dodran net ze intervenéieren.

Paul Konsbruck: An der Rei, da soen ech Iech Merci fir den Ament.

An am zweeten Deel vun eiser Émissioun "Background" komme mir nach op aner Sujeten ze schwätzen. Dir hutt jo nach en anere Ressort, d’Immigratioun. Mir sinn nach net dozou komm. Dat huele mir dann herno no, an natierlech och iwwer d’Politik am Allgemengen, an och iwwer de Klimat an der Regierung. Et riskéiert also intressant ze ginn.

[RTL Mëttesjournal]

An dem éischten Deel vun eiser Émissioun vun haut, hu mir iwwer deen ee Ressort vum Nicolas Schmit geschwat, iwwer d’Aarbecht, an iwwer d’Reform vun der ADEM. Komme mir elo vläicht op deen anere Ressort ze schwätzen, nämlech iwwer d’Immigratioun, Här Schmit. Do gouf et ufangs dës Joers grouss Opregung am Land, well virun allem Roma Leit aus Serbien komm waren. An der Tëscht ass et roueg ginn, kommen dann nees manner Leit?

Nicolas Schmit: Jo, et kommen der manner, et sinn der à peu près 400 aus Serbien komm, 140 aus Mazedonien, dat huet sech elo berouegt. Et kommen der awer nach ëmmer. Mir sinn am gaangen natierlech déi Leit ze iwwerzeege fir erëm zeréck an hiert Land ze goen.

Paul Konsbruck: Déi Leit em déi et do majoritär gaangen ass, ware wéi gesot Roma aus Serbien. Si gehéieren do zu enger ethnescher Minoritéit, déi wéi si soen, och diskriminéiert ginn, an duefir komme se op Lëtzebuerg.

Här Schmit, ech war selwer am Februar an den Don Bosco, an hunn do mat enger Koppel geschwat, e Mann an eng Fra, ufanks 40. Si soten, si hätten alles opgi fir op Lëtzebuerg ze kommen, wou se dann net géifen diskriminéiert ginn. A si hätten och ganz grouss Hoffnungen, de Mann huet passabel däitsch geschwat, konnt och franséisch, an ass fäerdeg forméierte Kach, motivéiert fir ze schaffen, a menger Perceptioun, an awer huet e keng Chance fir Asil ze kréien. Misst een do dann net méi individuell kucken?

Nicolas Schmit: Et gëtt individuell gekuckt. Wann dee Mann beweist, datt hie wierklech ënnert ganz schwierege Konditiounen a Serbien gelieft huet, dann huet en eng Chance fir och de Statut ze kréien. Mä ech mengen, mir contestéieren net, datt et Diskriminatioune gëtt, mä et ass ganz einfach onméiglech op där Basis Leit op Lëtzebuerg alleguer ze huelen. D’autant plus, datt Serbien um Wee ass Kandidat ze si fir d’Europäesch Unioun. Dat heescht, mir mussen d’Serben, wéi mir dat och mat anere Länner musse maachen, opfuerderen, d’Gläichheet, net d’Diskriminatioun, absolut ze respektéieren. Dat ass eng fundamental Konditioun fir iwwerhaapt Member vun der Europäescher Unioun ze ginn.

Paul Konsbruck: Déi Leit kommen allze dacks mat Kanner, a sinn och allze dacks laang hei. Problematesch ass dann och ëmmer nees, wann Demandeurs d’asil eben no enger laanger Zäit zu Lëtzebuerg, ebe mussen an hir Heemécht, respektiv an e Land wou se eng Kéier gelieft hunn, well fir d’Kanner ass et dacks jo net d’Heemécht. Sinn d’Délaië vun der Prozedur dann ëmmer nach esou laang, wéi dat an der Vergaangenheet war, dat ass jo ee vun den Haaptproblemer gewiescht?

Nicolas Schmit: Déi sinn heiansdo laang, hei wahrscheinlech manner, well mir och déi Leit hei ënnert enger Procédure accélérée traitéieren. Mä ganz oft maachen d’Leit och, datt d’Delaië laang sinn, well se all juristesch Méiglechkeeten épuiséieren. Dat mécht natierlech, datt oft d’Délaië laang ginn, bis dann eben à la fin eng negativ Äntwert dann eben definitiv gëtt.

Paul Konsbruck: An do spillt et dann och keng Roll, ob déi Kanner scolariséiert sinn, a wéi gutt se an der Schoul wieren, oder wéi och ëmmer?

Nicolas Schmit: Ech géif net soen, wéi gutt datt se an der Schoul sinn, well soss géife mir jo soen, mir hale just déi Gutt [gëtt ënnerbrach]

Paul Konsbruck: Wéi gutt integréiert se an der Schoul sinn.

Nicolas Schmit: Sécher spillt d’Präsenz vu Kanner ëmmer eng Roll.

Paul Konsbruck: An der Vergaangenheet gouf et haart Kritik un der Aart a Weis wéi d’Leit dann och ënnerbruecht sinn, wa se bis gesot kritt hunn, datt se keen Asil kréien, an net fräiwëlleg wëlle goen. Dat soll sech da mam neie Centre de rétention um Findel änneren. An awer gëtt et och do Kritik, zum Beispill vum lëtzebuerger Flüchtlingsrot. Dee Centre ass nämlech fest zougespaart, ronderëm sinn héich Maueren. Här Schmit, dierf ee Leit aspären?

Nicolas Schmit: Neen, also do muss ee gutt oppassen. Déi Leit déi einfach hei Asil froen, vun deene gëtt kee Mënsch an de Centre de rétention gesat, kee Mënsch. Déi gi vläicht fir een Dag do ënnerbruecht, just fir dee Moment, iert se da sollen an hiert Land zeréckgefouert ginn. An dat nëmmen ënnert der Konditioun, datt se net wëlle fräiwëlleg heem goen, well mir setzen natierlech op de fräiwëllege Retour. Wann et kloer ass, datt all Geriichter se déboutéiert hunn, datt et also keng Méiglechkeet méi gëtt hei ze bleiwen, da kréien d’Leit ëmmer nach d’Offer gemaach fräiwëlleg heem ze goen. An dat ass och déi richteg Approche. Mä déi Demandeurs d’asil, déi ginn net einfach an de Centre de rétention gesat, wou se hébergéiert solle ginn.

D’Konditioune wat den Hébergement ubelaangt, déi iwweregens vu menger Kollegin Madame Jacobs ofhänken, déi sinn net optimal. Firwat? Well mir an deene leschte Méint esou vill Demandeurs d’asil bäikritt hunn. Wann op eemol 400 Leit aus Serbien, wou kee konnt dat direkt virausgesinn, kommen, dann ass dat net esou einfach fir déi Leit op ee Coup ze logéieren. An do läit de Problem vum Logement. Dat huet eigentlech mam Centre de rétention guer näischt ze dinn

Paul Konsbruck: Och beim Logement, ech weess, et ass net Äre Ressort, an awer gouf do och vill diskutéiert. D’Gemengen hu sech zu Wuert gemellt, a gesot, si kéinten dacks net verstoen, wéi d’Regierung ëmmer esou ad hoc géifen décidéieren, datt d’Leit missten iergendwou ënnerbruecht ginn. Ass do net vläicht envisagéiert fir och do vläicht wierklech en nationale Plang auszeschaffen, wou d’Regierung ka soen, wann erëm emol eng Kéier esou e Flux vu Flüchtlinge kënnt, datt een déi iergendwou kéint ënnerbréngen?

Paul Konsbruck: Sécher wier et besser vläicht virzebeugen, mä wéi gesot, et ass ganz schwéier ze anticipéieren. Mir kënnen elo net wëssen, zum Beispill, ech hat virgëschter den tuneseschen Aarbechtsminister bei mir op Besuch, deen huet mir gesot, an Tunesien si 500.000 Refugiéen aus Lybien, 500.000. Mir kënnen net wëssen wéivill dovun am Endeffekt an Europa, a wéivill der dovun op Lëtzebuerg kënnte kommen. Et ass also ganz schwéier hei Pläng opzestellen, well een dat ni esou direkt ka virausgesinn.

Paul Konsbruck: Mir hunn elo iwwer eng Rei Dossierë geschwat, an dat alles ass Politik. Schwätze mir elo vläicht e bësse méi iwwer d’Politik am Allgemengen, ugefaange mat der Regierungspolitik. Här Schmit, dës Regierung huet jo méi roueg a méi opgereegten Zäiten hannert sech. Wéi ass et den Ament?

Nicolas Schmit: Ech géif soen, mir sinn eis bewosst, datt et vill wichteg Aufgabe gëtt. Mir hunn iwwer e puer de Moie geschwat. Mir mussen zesumme schaffen, an dat maache mir och, sief dat op deene grousse Reformen, déi dës Regierung muss maachen. Eng dovunner ass d’Rentereform, mä och den Aarbechtsmaart ass eng aner. An ech mengen, dat fonctionnéiert ganz gutt. Mä mir sinn zwou Parteien, mat hire Charakteren, och mat hire verschiddene Programmen, mä mir hunn awer eng breet Fläch vun Zesummenaarbecht, an och vun Identité de vue.

Paul Konsbruck: Wann ee vu Politik schwätzt, schwätzt een natierlech och vun de Politiker. Bei all de Sondagen déi iwwer de Rénommée vun de Beruffer gemaach ginn, stinn d’Pompjeeën ëmmer ganz uewe mat den Dokteren, Banker a Manager zimlech ënnen, iwweregens och Journalisten, wann och net wäit esou ënnen. Ma ganz ënne stinn awer d’Politiker. D’Bild vun de Politiker ass net dat Allerbescht, an och zu Lëtzebuerg gouf an der Lescht net grad dru geschafft, fir dat Bild ze poléieren. Der erlaabt vläicht, Här Schmit, datt ech e puer Punkten opzielen.

De Minister Jeannot Krecké sot viru knapp engem halwe Joer, hie misst démissionéieren, wann e sech géif eescht huelen. Wéinst enger falscher Décisioun vum fréiere Minister Jean-Louis Schiltz, hat d’Arméi eng Zäitchen zwee Chefen. Wéi d’Geriicht dem Colonel Ries Recht ginn huet, wollt de Jean-Marie Halsdorf d’Saach à la va vite, mat engem Règlement grand-ducal regelen. De Fraktiounschef vun der LSAP sëtzt am Verwaltungsrot vun enger neier Vëloséquipe. E Premier dee seet, datt een et net ëmmer kann eescht huele mat der Wouerecht, wann et soss eescht gëtt. An Här Schmit, och d’Präsenz vun engem Minister op engem Policebüro an enger privater Affaire, an d’Discussioun iwwer de Renfort vun der Police bei dësem Besuch um Büro. Dat alles bannent e puer Méint.

D’Politiker sinn net grad äerdeg, wann et drëms geet sech un engem gudden Image ze orientéieren, an dorunner ze schaffen. Gitt Dir mir do Recht?

Nicolas Schmit: Ech mengen, mir mussen eis konzentréieren op eis Aarbecht. Mir mussen de Leit och eng Visioun développéieren. Ech hu virun e puer Deeg e schéine Saz gelies, dee seet: "La marche du monde a cessé d’être pensée par la classe politique." Et ass den Edgar Morin, dee schwätzt vum "Degré zéro de la pensée politique", an dat ass en Défi, dat ass eng Erausfuerderung. An iwwer déi kleng Saachen, déi Dir elo mentionéiert hutt [gëtt ënnerbrach]

Paul Konsbruck: Bon, kleng Saachen…

Nicolas Schmit: Iwwer déi Saachen, déi Dir elo do mentionéiert huet, musse mir et fäerdegbréngen erëm de Leit eng Richtung unzeweisen, a besonnesch och drun ze schaffen, wéi mir eis Demokratie, wéi mir d’Matbedeelegung vun de Bierger renouveléieren. Mir fonctionnéieren nach wéi am 19. Joerhonnert, mir sinn awer am 21. An ech mengen, déi Leçon, déi mir kruten aus Tunesien, aus Ägypten, déi missten eis eigentlech dozou bréngen och iwwer eis eegen Demokratie ganz sérieux nozedenken.

Paul Konsbruck: An déi Leit, déi si jo, also d’Politiker si jo ënnert enger permanenter Observatioun, och zum Beispill iwwer Sondagen. Dir wësst, datt d’TNS-Ilres fir d’Lëtzebuerger Wort, an eben och fir RTL esou e Sondage gemaach huet, an do sitt Dir net allzegutt ewech komm. An der Perceptioun vun de Leit sitt Dir zum Beispill dee 4. inkompetenteste Minister, bei de Sympathiwäerter hutt Dir déi rout Lanter an der Hand. Éischt Fro, beréiert Iech dat direkt, wann Dir esou Saache liest?

Nicolas Schmit: Et kann ee jo net soen, datt dat ee guer net beréiert. Mä u sech muss een dat awer gelassen hinhuelen, d’autant plus datt ech jo weess, op wat dat zeréckzeféieren ass. An do muss ee sech jo froen, ob vläicht dat net de But war vun deem Ganzen? Mä ech hunn elo den Challenge, eben duerch d’Aarbecht, déi elo vu mir gefuerdert ass am Beräich vun der Aarbecht, am Beräich natierlech och vun der Immigratioun dat Bescht ze ginn, an da loossen ech d’Leit iwwer déi Aarbecht jugéieren. Dat mengen ech, dat ass dat Wichtegst.

Paul Konsbruck: Den Elefant am Raum, iwwer dee mir dann elo awer trotzdem och wäerte schwätzen, dat ass, Dir sot, ob dat net de But war, dat ass déi Affaire, Affaire Schmit, ass se hei um Radio genannt ginn, wou Dir deemools, dat war am Dezember d’lescht Joer, virstelleg gi sitt op engem Policebüro, well Äre Fils do gefrot ginn ass wéinst enger Affaire, déi kuerz virdru loung. An Dir hutt do, dem Police Rapport no, ebe gesot, datt een de Renfort vun der Police misst iwwerdenken. Wat ass elo mam Recul vun e puer Méint, wat géift Dir elo doriwwer soen?

Nicolas Schmit: Ech hunn eigentlech zu där Saach guer näischt méi ze soen. Do ass alles gesot, a méi wéi alles gesot. Ech mengen, et gëlt elo an d’Zukunft ze kucken, a wat fir mech elo wichteg ass, dat ass déi Aarbecht, an déi Erausfuerderung, besonnesch déi vum Chômage, dee mech besonnesch beréiert, a besonnesch dee Chômage vun deene jonke Leit.

Paul Konsbruck: Ech kann Iech net ganz verschounen. Ech kommen awer trotzdem nach eng Kéier drop zeréck. Deemools an der Chamber war jo e groussen Dag, wou driwwer geschwat ginn ass. Vläicht de Jean-Claude Juncker, deen deemools déi Saach esou erkläert huet.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech hu gesot, et géif hei em eng Interpretatiounsdifferenz goen, em déi reell Étendue vum Minister sengen Aussoen. An ech hu gesot, de Minister hätt bei deem wat hie gesot huet, net eng Absichtserklärung ofginn, datt hie géint de Budget vun der Polizei, a géint d’Erhéijung vun den Effektiver vun der Polizei am Regierungsrot géif virgoen.

Paul Konsbruck: Also, fir nach eng Kéier de Rappel ze maachen. Entweder Dir hutt gesot, datt Dir géift als Minister am Regierungsrot duefir suergen, datt d’Police kee weidere Renfort kritt, oder d’Polizistin huet e falsche Rapport eraginn. De Premier huet dat, wéi mir grad héieren hunn, Interpretatiounsdivergenze genannt. Ass dat dann awer haut och nach Är Explikatioun?

Nicolas Schmit: Ech géif soen, ech hunn zu deem wat de Premier deemools gesot huet, absolut näischt dobäi ze fügen.

Paul Konsbruck: Dat heescht, Dir bleift dobäi, datt et Interpretatiounsdifferenzen ginn?

Nicolas Schmit: Absolut.

Paul Konsbruck: Da sinn et elo dräi Minutte bis eng. Profitéiere mir nach, fir op de Privatmann Nicolas Schmit kuerz ze schwätzen ze kommen. Dir hutt zu Aix-en-Provence Économie studéiert, an do och en Doktorat gemaach. D’Première an d’13ième Schüler hunn elo hir Resultater kritt. Aix, ass dat eng Stad, déi ee ka recommandéieren?

Nicolas Schmit: Absolut.

Paul Konsbruck: Firwat?

Nicolas Schmit: Ech mengen, éischtens ass et eng schéi Stad, eng schéi Géigend, an eng gutt Uni.

Paul Konsbruck: Dir wunnt elo net méi an enger Stad, Dir wunnt elo an der schéiner, klenger lëtzebuerger Schwäiz, an der Gemeng Berdorf. Vermësst Dir d’Stad heiansdo? Dir hutt och zu Bréissel duerno als Diplomat geschafft, a laang do gelieft. Ass dat elo, trotzdem, Berdorf ass awer e gutt Stéck méi kleng.

Nicolas Schmit: Ech mengen, déi zwou Saache gi gutt zesummen. Ech si jo praktesch all Dag an der Stad, an heiansdo ass et och gutt um Duerf ze sinn, an déi Atmosphär ze liewen, dat erlaabt engem ganz gutt ofzeschalten. Dat ass scho positiv.

Paul Konsbruck: Gesäit een Iech och heiansdo zu Berdorf? Gitt Dir alt emol [gëtt ënnerbrach]

Nicolas Schmit: All Dag, mat mengen Honn spazéiere goen, wann ech nëmme kann.

Paul Konsbruck: An der Rei. Dir hutt Iech och e Lidd gewënscht. Wëllt Dir dat vläicht selwer usoen, wéi e Lidd Dir Iech gewënsch hutt haut.

Nicolas Schmit: Ech hu mat menge Kanner, déi sinn 11 Joer an 8 Joer al, geschwat, wat si da gären hätten, awer och eppes wat ech géif gären hunn, a mir sinn dann op e Lidd vu Queen komm, an dat weist eigentlech eng Poppgrupp, déi et jo schonn eng Rei Joeren net méi gëtt, mä déi esouwuel déi Jonk, déi ganz Jonk gären hunn, wéi eis Generatioun. An den Thema ass natierlech interessant, well ech mengen, datt mir heiansdo och bësse mussen e Ruck duerch d’Landschaft bréngen.

Paul Konsbruck: Also "We will rock you", dat ass dann, huelen ech un, eng Annonce un d’Direktioun vun der CSV?

Dat war et fir d’Émissioun "Background am Gespréich" haut um Samschdeg, mat eisem Invité dem Nicolas Schmit. Villmools Merci datt Dir haut komm sitt.

Nicolas Schmit: Merci.

Dernière mise à jour