Frank Kuffer: D’Iddi ass jo net nei, firwat gouf et da bis elo ni eppes doraus? War dee Projet bei Ärem Virgänger am Tirang leie bliwwen, oder firwat elo?
Nicolas Schmit: Ech muss soen, datt mäi Virgänger eng Rei grouss Viraarbechte gemaach huet, an dofir konnte mir dee Projet elo relativ schnell ofschléissen, an en an de Regierungsrot ginn. Dat ass jo gëschter da geschitt.
Frank Kuffer: Mä et ass awer esou, datt dat awer scho méi laang dorëmmer geeschtert, déi Iddi war da scho wierklech 1999 an der Regierungserklärung.
Nicolas Schmit: 1999 war dat an der Regierungserklärung an do sinn och Diskussioune gefouert ginn an och Viraarbechte geleescht ginn. Mir hunn also 11 Joer duerno elo de Projet definitiv am Regierungsrot ugeholl, an ech hoffen, datt en och relativ schnell vun der Chamber gestëmmt wäert ginn.
Frank Kuffer: Ech hunn et kuerz ugedeit, mä ëm wat geet et da genee bei deene Konten? Wéi muss ee sech dat virstellen? Kann ech do och, wann ech nach 2 Deeg Congé Rescht hunn, déi do verbuche loossen? Wéi geet dat?
Nicolas Schmit: Jo, ech hunn e minimale Congé dee muss ech huelen, dat sinn 20 Deeg, ech ginn also net mäi ganze Congé vun engem Joer op déi Konten do verbuche loossen, mä doriwwer eraus kann ech Zäit op dee Kont setzen. Ech kann awer och Iwwerstonnen op dee Kont setze loossen, ech ka Sonndesaarbecht déi ech geleescht hunn, net mir ausbezuele loossen, mä als Zäit op dee Kont setze loossen.
Frank Kuffer: Ass dat och gemaach ginn, fir datt Congé net einfach verfält? Dacks ass dat jo esou, datt een de Congé muss bis Enn Mäerz dat nächst Joer erageholl hunn.
Nicolas Schmit: Ech géif soen, dat heite gëtt jo de Leit méi eng grouss Fräiheet fir hiert Aarbechtsliewen, respektiv hiert perséinlecht Liewen ze organiséieren.
Frank Kuffer: Mä kann d’Entreprise dann zum Beispill soen, mir hunn elo net esou vill Aarbecht, kuck emol, du hues nach 70 Deeg op dengem Kont do ugesammelt, dann hëlls du dir emol fräi.
Nicolas Schmit: Ech géif elo net dat einfach esou als Prinzip dohi setzen. Wichteg ass natierlech, datt dee System jo och mat de Sozialpartner an de Betriber diskutéiert gëtt.
Frank Kuffer: Kann een do Congé sammelen, mä et kann ee sech esou ze soen och fräi Deeg kafen. Wéi geet dat?
Nicolas Schmit: Et kann ee sech fräi Deeg kafen, andeem een zum Beispill schafft wou een net misst schaffen. An déi Zäit kann een da fir spéider op dee Kont do setzen. Dat ass also Zäit, en plus déi Iwwerstonnen déi ee mécht, déi kritt een herno als Fräizäit gutt geschriwwen.
Frank Kuffer: Ganz wichteg, awer och: wou ginn déi Deeg stockéiert? Beim Patron, dat kéint jo emol geféierlech ginn. Dat ginn [gëtt ënnerbrach]
Nicolas Schmit: Absolut, an dofir brauche mir och dat Gesetz hei. Dofir geet et net duer, dat alleng um Niveau vun den Entreprisen ofzemaachen, mir mussen also sécherstellen, datt déi Leit och hir Zäit, respektiv déi Suen herno och erëmfannen.
Frank Kuffer: Här Nicolas Schmit, villmools Merci fir déi Präzisiounen do um Samschdeg Moien.