Nicolas Schmit invité de l'émission Background

Marco Goetz: Bonjour an eiser Emissioun "Background – am Gespréich", haut mam Aarbechtsminister Nicolas Schmit, gudde Mëtteg.

Nicolas Schmit: Gudde Mëtteg.

Marco Goetz: "Et war net domm vun der CSV fir der LSAP den Aarbechtsministère ze ginn", oder, "wat huet deen aarme Schmit do fir een Dossier krut". Dat sinn esou Sätz, déi héiert ee jo alt emol. Gesitt Dir dat och esou?

Nicolas Schmit: Absolut net. Den Aarbechtsministère ass e wichtege Ministère.

Marco Goetz: Do zweiwelt keen drun.

Nicolas Schmit: Mir heeschen trotz allem nach ëmmer Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechter Partei, dat heescht, mir sinn eng Partei déi sech besonnesch fir all déi Leit déi schaffe wëll beméien, an dofir ass et och normal, datt d'Sozialisten den Aarbechtsministère hunn.

Marco Goetz: Nicolas Schmit, fir d'Emissioun haut sidd Dir elo vu Senneng extra eropkomm. Mir hunn et elo héieren an den Noriichten, d'Regierung sëtzt de ganzen Dag beieneen, zesumme mat de Fraktiounschefen an de Parteipresidente vun LSAP an CSV. D'Tripartite an d'Preparatioun och, vläicht, vun der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier dierften do d'Thema sinn oder wourëms goung et de Moien?

Nicolas Schmit: De Moie goung et emol fir d'éischt iwwer den Aarbechtsmaart, dat heescht, ech sinn net ze vill hei bei Iech depayséiert, well ech de Moien der Regierung an deenen anere Participanten e laange Rapport gemaach hunn iwwer d'Situatioun vum Aarbechtsmaart, mä besonnesch och iwwer déi Iddië wéi mir trotz allem musse probéieren déi Situatioun an de Grëff ze kréien. Mir mussen also a verschidde Richtunge schaffen, mir mussen also mat vill Imaginatioun a Wëllenskraaft dorun erugoen.

Et ass och ganz kloer, et kann ee jo déi Saachen net vuneneen trennen. Et ass jo net elo ee Sujet alleng fir ze soen, mir mussen den Haushalt an Uerdnung bréngen, mir mussen ons Finances publiques erëm equilibréieren op déi nächst Joeren. Mir mussen dat jo an engem generelle Kontext kucken, dat heescht, wou den Aarbechtsmaart e wichtegt Element ass, wou d'Wirtschaft e wichtegt Element ass. No mir huet de Wirtschaftsminister geschwat, dat heescht dat ass ee Ganzt.

Marco Goetz: Et ass eng LSAP Veranstaltung haut de Moien?

Nicolas Schmit: De Moien, mä on attend au tournant all déi Aner. Et ass ganz kloer, dat dierf een net separat gesinn. Den Haushalt ass net eppes wat indépendemment fonctionnéiert vum wirtschaftleche Kontext a besonnesch och vum Aarbechtsmaart.

Marco Goetz: Mä wéi ass dann d'Reaktioun bei deenen anere Ministeren a Politiker, vu déi Zuelen déi mir jo dës Woch nom Konjunkturcomité gewuer goufen?

Nicolas Schmit: Mir sinn, dat ass jo näischt Neies, elo säit enger Rei vu Méint an engem negativen Trend, wou d'Aarbechtslosegkeet vu Mount zu Mount eropgaangen ass. Ech hu virun 2 Deeg gesot, et ass vläicht e klenge Liichtbléck well si vun Dezember op Januar vill manner staark eropgaangen ass wéi dat zum Beispill d'lescht Jor war. De Januar ass e schlechte Mount. Ech hunn och gekuckt, d'Augmentatioun ass méi schwaach wéi vill Méint virdrun. Ech hoffen, datt dat effektiv e positivt Zeechen ass, dat muss een elo iwwer déi nächst Méint kucken. Ech hunn och nach eng aner Saach, wou een d'Offere säit enger ganzer Rei vu Méint, obwuel Januar ëmmer schlecht ass, ass et deen héchsten Niveau vun Offeren dee mir op der ADEM gemellt haten. Dat ass also och vläicht e klengt positivt Zeechen.

Marco Goetz: Mä wann een elo vun deem Chômage schwätzt, wat ass dann eigentlech déi richteg Zuel vun eiser Aarbechtslosegkeet? Sinn et déi offiziell 15.137 oder sinn et déi 18.495, wann een nämlech déi matzielt déi an de Beschäftegungsmesuren dra sinn, oder esouguer nach méi, nämlech ëm bal 25.000 wann een déi matzielt, déi dem Statec no zwar am Chômage sinn, mä sech net um Aarbechtsamt aschreiwen?

Nicolas Schmit: Ech géif mol dee leschte Chiffer zimlech op d'Säit leeën, dat si Leit déi theoretesch kéinten op den Aarbechtsmaart kommen, mä awer aus verschiddenen Ursaachen décidéiert hunn dat net ze maachen. Déi hu mir net erfaasst. Mir wëssen net, wat déi eventuell capabel wieren ze schaffen. Dat ass eng reng statistesch Zuel, déi direkt net interessant ass. Wann een also am Optimum géif raisonéieren, da wieren dat Leit déi kéinte schaffen, mä déi décidéiert hunn net ze schaffen.

Déi zweet Zuel dat ass déi vun deenen déi an enger Mesure sinn, déi eigentlech vun enger aktiver Beschäftegungspolitik profitéieren. Ech kann also net soen, dat ass e Chômeur wéi en aneren Demandeur d'emploi. Sécher, wann et déi Beschäftegungsmesuren net géif ginn, da wier de Risque grouss, datt dat Leit wieren déi am Chômage wieren. Mä et gëtt jo déi Beschäftegungsmesuren, also ass et jo eng Beschäftegung an et ass net eng Situatioun vu Chômage. Mir sollen also och fir ons Politik ons elo emol beschränken op déi eppes méi wéi 15.000 wou mir musse probéieren e Maximum vun deenen erëm an d'Aarbecht ze kréien.

Marco Goetz: Mä déi Beschäftegungsmesurë gi jo awer dacks kritiséiert, et wier praktesch esou en Aarbechtsmaart à côté.

Nicolas Schmit: Déi Beschäftegungsmesuren, dat ass jo eppes Verschiddenaarteges. Et gëtt jo net eng Beschäftegungsmesure, et gëtt Beschäftegungsmesurë fir déi méi Eeler, et gëtt Beschäftegungsmesurë fir déi Jonk. Mir hunn dat an deene leschte Méint besonnesch axéiert op déi Jonk, well mir eben e Problem vu Schoulofgänger haten a fir och ofzesécheren, datt déi net herno géife während Méint, voire während Joeren am Chômage landen. Et gëtt natierlech och d'Initiativen déi organiséiert sinn, déi Leit ophuelen aus dem Chômage, déi ganz oft Leit sinn déi fir deen esou genannten "normalen Aarbechtsmaart" vläicht net fit sinn, déi also mat deene schaffen. Et gëtt also eng ganz Panoplie vu Mesuren, eng ganz differenzéiert Approche. Déi bewierken awer alleguer, datt do Leit an d'Aarbecht kommen, déi normalerweis wahrscheinlech dann net an der Aarbecht wieren an dat ass dat Positivt dorun.

Marco Goetz: Ass d'Struktur vun eisem Chômage heiheem dann déi selwecht wéi an den aneren EU-Länner?

Nicolas Schmit: Mir fannen ähnlech Situatiounen natierlech ëmmer erëm, mä mir hu global gesinn awer e ganz spezifesche Problem.

Mol éischtens géif ech soen, wann een elo déi Zuel vu 15.000 ëmmer an de Raum stellt, da muss ee kucken, datt mir géigeniwwer musse stellen déi Zuel vun Emploien déi Lëtzebuerg huet. Mir haten 1996 6.000 Chômeuren, Demandeurs d'emploi. Mir haten dat Joer 200.000 Emploien hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn haut bal 356.000 Emploien, mir hu 15.000 Leit déi keng Aarbecht hunn.

Dat seet zwou Saachen aus. Éischtens, mir hunn en extrem dynameschen Aarbechtsmaart gehat, deen awer net capabel war déi Leit alleguerten opzefänken. Dat heescht, do fänkt dann dee strukturelle Problem un. Wat sinn déi Aarbechtslos déi mir hunn? Wat sinn déi Leit déi Schwieregkeeten hunn eng Aarbecht ze fannen? An do fanne mir dann d'Halschent déi schlecht oder guer net qualifizéiert sinn. Dat ass also ee vun onse grousse Problemer. Deen deele mir mat villen anere Länner, mä ech géif soe bei ons ass de Problem vläicht nach e bësse méi schaarf. Dat trëfft fir déi méi Eeler zou, dat trëfft leider och fir vill Jonker zou. 43% vu jonke Leit ënner 25 Joer si Leit déi keng Formatioun hunn. Dat ass eng Situatioun déi natierlech préoccupant ass an déi dierfe mir net méi einfach esou hinhuelen.

Marco Goetz: Dat misst jo haut dann och d'Educatiounsministesch zu enger Interventioun bréngen.

Nicolas Schmit: D'Educatiounsministesch ass sech dees absolut bewosst, mä dat sinn alles Politiken déi een do en place muss setzen, déi eng gewëssen Zäit brauchen. Eng Schoulreform ass net eppes wat een haut mécht a muer fänkt dat un 100%eg ze gräifen. Do muss een also e bëssen Zäit hunn, do muss een och ganz spezifesch Mesuren en place setzen. Dobäi kënnt och effektiv e Problem vun enger Populatioun déi largement eng Populatioun immigrée ass, mat deene Schwieregkeeten déi déi Kanner, déi Leit en général mat onsem Schoulsystem hunn, mat de Sproochen an esou weider. Dat sinn also ganz selektiv Moossnamen déi mir do brauchen.

Marco Goetz: Stéchwuert Laangzäitaarbechtslosegkeet: Am Dezember 2009 waren eng 5.500 Leit méi wéi 12 Méint ënnerwee fir eng Schaff ze fannen, si hu keng fonnt, bis elo net. Fanne si iwwerhaapt eng? Gëtt et do eng Chance?

Nicolas Schmit: Si hu keng fonnt – wësst Dir, déi Chifferë soen net alles aus. Éischtens, hanner deene Chifferë sti Leit, dat dierf een ni vergiessen an de Chômage ass en Drama fir déi meeschte Leit, et ass e sozialen Drama, et ass e mënschlechen Drama, et ass e psychologesche Coup deen ee kritt wann ee seng Aarbechtsplaz verléiert oder wann ee jonk ass an no enger Aarbechtsplaz sicht. Dat dierf een ni vergiessen an dofir ass et och wichteg op deem Plang z'agéieren, besonnesch och wa mir vläicht nach vun der ADEM schwätzen, fir och déi Dimensioun komplett ze kucken.

Déi Chifferen heeschen, datt d'Leit awer dréinen. Et ass net esou, datt d'Leit net dréinen. Sécher ass, datt wann ee méi al ass, wat ee manner qualifizéiert ass, wat de Risque vu Laangzäitaarbechtslosegkeet méi grouss ass. Wat een, an do kënnt nach eppes dobäi, wat ee méi laang an der Aarbechtslosegkeet ass, wat ee riskéiert net aus der Aarbechtslosegkeet erauszekommen. Dofir sinn déi Mesuren natierlech wichteg, mä mir mussen ons also besonnesch mat deene Leit beschäftegen déi laang dra sinn, déi riskéieren, iwwregens, hir Indemnitéiten ze verléieren. Dat sinn also déi esou genannte "Fin de droit", do sinn ech amgaangen ze kucke wéi mir dee Problem uginn, hunn ech och de Moien dovu geschwat, an natierlech och déi net-qualifizéiert sinn, wéi mir vläicht awer een Deel vun hinnen op e besseren Niveau bréngen.

Marco Goetz: Mä am Kontext vu wéi een déi Problemer do léist, mat der Reform vun der ADEM alleng ass et jo awer net gedoen, oder?

Nicolas Schmit: Neen, mat der Reform vun der ADEM kann et net alleng gedoe sinn, mä d'Reform vun der ADEM ass trotz allem e wichtegt Element. D'ADEM ass en Instrument fir Leit déi eng Aarbecht sichen an eng Aarbecht ze bréngen, déi en Aneren eventuell creéiert huet. Wann deen deen eng Aarbecht creéiert se ni mellt, mä iwwer aner Weeër déi Aarbechtsplaz besetzt, da kann een zwar Zuelen hunn déi an d'Lut gi wat d'Aarbechtsplazen ubelaangt, op där anerer Säit awer och Zuele vun deenen déi eng Aarbecht sichen, datt déi och an d'Lut ginn. Mir liewen an engem groussen Aarbechtsmaart, dee jo net op de Grenze vun onsem Land ophält. Et muss een also kucken, d'ADEM ass e wichtegt Instrument fir aktiv Aarbechtsmaartpolitik ze maachen.

Zweeten Aspekt ass, e Profil ze hu vun deene Leit déi eng Aarbecht sichen. Et geet net duer, datt een e Stempel ofgëtt, datt ee sech do vaguement aschreift. Et muss een also kucken, wat kann deen, wat feelt him, wou ass déi Aarbechtsplaz wou säi Profil am nächste kënnt. A wann him iergend eppes feelt, da muss ech him och eng Offer kënne maachen, wou hien dat ka corrigéieren. Do kënnt also d'Formatioun, d'Formation continue, d’Formation spécifique an d'Spill eran.

Momentan ass d'ADEM net genügend outiléiert fir esou eng aktiv Beschäftegungspolitik ze maachen. Mäi Virgänger hat eng Convention d'activation agefouert, dat soll heeschen, esouwuel d'ADEM, oder de Placeur, ass responsabiliséiert, mä natierlech och déi Persoun déi eng Aarbecht sicht ass responsabiliséiert. Et ass net hei eng Administratioun wou een higeet a wou een nëmmen e Service kritt. Et muss een natierlech och selwer sech dorëm beméien. Dat ass e bësse Lettre morte bliwwen aus deene Grënn wou Dir kennt, net genuch Ressourcen, den Accueil geet net duer. Dat si mir amgaang ze änneren. Och dat brauch e bëssen Zäit.

Marco Goetz: Mä wann d'ADEM där ganzer Entwécklung éischter esou hannendru leeft, da misst si, fir dat schéint Wuert ze gebrauchen, méi proaktiv ginn, wat kann dat da sinn?

Nicolas Schmit: Ma jo dat ka mol éischtens sinn, datt mir d'ADEM schnell op Trab bréngen, an dat sinn ech amgaangen ze maachen iwwer méi Leit, méi Büroen a manner Bürokratie.

Marco Goetz: A Placeuren déi méi wësse wat um reellen Aarbechtsmaart geschitt?

Nicolas Schmit: Absolut, dat heescht och eng besser Formatioun vun de Placeuren, deenen neien, mä och déi Leit déi do sinn, wou ech ëmmer soen, an der ADEM gëtt et ganz vill gutt Leit, ech si vill an der ADEM ënnerwee, ech gi bei d'Leit, ech diskutéiere mat hinnen, well si jo déi Erfahrung hunn, éischtens vun hirem Job, mä och d'Erfahrung vun deene Leit déi eng Plaz sichen, respektiv vun Entreprisen déi Plazen ubidden. Et ass also och dee Kontakt dee wichteg ass, mä et muss een och originell, nei Weeër fannen. Dës Woch hunn ech ee proposéiert wéi een d'ADEM associéiert mä wéi een awer och d'Ekonomie, ee Secteur associéiert fir och dee Gruef deen do entstanen ass lues a lues erëm zouzekréien, datt d'ADEM wierklech als en effizienten, efficacë Betrib ugesi gëtt.

Marco Goetz: Schwätzt Dir elo vun der Initiativ am Finanzsecteur?

Nicolas Schmit: Zum Beispill.

Marco Goetz: Wou et jo dann drëms geet fir, wa mir et graff resuméieren, Fraen a Männer déi an deem Secteur hir Plaz verléieren esou ëmzeforméieren, weiderzebilden, datt si dobäi kënne bleiwen, dobäi kënne si wann an deem Secteur nei Plaze geschafe ginn. Ëm wéi vill Leit geet et dann eigentlech do?

Nicolas Schmit: Mir gi mol dovun aus, datt à peu près 1.000 Leit momentan [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Résidenten?

Nicolas Schmit: Résidenten – hiren Job am Finanzsecteur verluer hunn. Mir wëssen awer, datt an deene leschte Wochen eng Rei Sozialpläng waren, vun 2 grousse Banken déi fusionéiert hunn, wou alleng 140 Leit ofgebaut ginn. Déi wëssen also, datt si no 2 Joer hiren Job verléiere well si e laange Préavis hunn. Et gëllt also net zu deenen ze soen, bon, du hues elo 2 Joer Zäit an da kënns du erëm an da kucke mir. Neen, mir mussen elo kucke wéi d'Leit erëm schnell an eng Aarbechtsplaz kënne gehollef kréien.

Marco Goetz: Dat geschitt jo awer och bei der ABBL selwer?

Nicolas Schmit: Dat geschitt zesumme mat der ABBL, dat geschitt elo mat deem neie System "Fit4Job" dee mir mat der ABBL an hirem Institut fir d’Formatioun, dem IFBL opgesat hunn, mat der Associatioun vun der ADEM, fir de Leit hir Kompetenze besser z'evaluéieren a fir hinnen ze hëllefen op déi Joben ze goen déi awer nach creéiert ginn. D'lescht Trimester huet de Finanzsecteur global, net nëmmen d'Banken, mä de ganze Finanzsecteur, 77 Aarbechtsplaze verluer. Dat ass u sech net vill. Dat heescht, mir haten eng relativ Stabiliséierung, dat heescht, datt op där enger Säit Plaze verluer gaange sinn, op där anerer sinn der awer och creéiert ginn. Et muss een also kucke wéi mir Leit, déi Aarbechtsplaze verléieren erëm fit maachen, och duerch Formatioun, fir si dohin ze brénge wou Aarbechtsplaze geschaaft ginn.

Marco Goetz: En anere Chômageproblem iwwer deen ech haut mat Iech schwätze wollt, dat ass dee vun de portugisesche Salariéën. Ee Fënneftel vun eiser schaffender Populatioun si Portugisen. Wa mir dann awer d'Chômeurë kucken, da fanne mir do op all drëtter Plaz e Portugis. Firwat?

Nicolas Schmit: Aus verschiddene Grënn. Mol éischtens muss een och déi Populatioun kucken, dorënner si vill Leit déi an engem Secteur schaffen oder geschafft hunn, dat ass de Bau. A mir wëssen alleguerten, datt dat en haarden Job ass, wou vill Leit mat gréissere gesondheetleche Problemer herno behaft sinn, Réckeproblemer an anerer, an dann net méi fir den Aarbechtsmaart esou einfach disponibel sinn. Do komme mir dann op dee Problem vun de Reklasséierten, déi awer och als aarbechtslos ugesi ginn, wat och e Problem ass dee mir musse korrigéieren. Dat sinn also Leit déi wéineg Formatioun hunn, déi praktesch keng Schoule gemaach hunn, wou oft och mol iwwerhaapt de sproochleche Problem sech stellt, well si praktesch nëmme Portugisesch schwätzen.

Marco Goetz: Wat e groussen ass.

Nicolas Schmit: Dat heescht, do besteet wéineg Méiglechkeet déi Leit ze recycléieren, ze reforméieren. Wat awer nach méi schlëmm ass, dat ass déi jonk Leit, déi aus där Immigratioun kommen, déi hir grouss Schwieregkeeten an der lëtzebuerger Schoul hunn, ëmsou méi wa si méi spéit kommen.

Marco Goetz: An nach ëmmer kommen.

Nicolas Schmit: An nach ëmmer kommen, jo, dat ass eng Situatioun déi ech och mat der portugisescher Aarbechtsministerin viru 14 Deeg, 3 Wochen diskutéiert hunn, mir wëllen och do e bësse probéieren dat ze bremsen.

D'Hoffnung ass ëmmer kloer, mir hunn an de Käpp vun de Leit nach ëmmer e gudden Aarbechtsmaart och wann dat e manner gudden ass, mä deen ass ëmmer nach besser wéi deen a Portugal. Onse Mindestloun ass natierlech 3 bis 4 mol méi héich wéi deen a Portugal. Dat zitt d'Leit un, dat ass ganz kloer. Mir mussen also kucke wéi mir dat awer kënnen e bësse steieren, dofir brauche mir d'Entreprisen, d'Responsabilitéit vun den Entrepreneuren, déi net ëmmer erëm nei Leit komme loossen, déi dann no enger Zäit erëm am Chômage sinn, mä déi probéieren déi Leit ze huelen déi hir Aarbechtsplaz verluer hunn an déi gären erëm géife schaffen.

Marco Goetz: Wa mir op d'Sprooch zréck kommen, gëtt et eng konkret Iddi wéi een dat léise kann?

Nicolas Schmit: D'Sprooch kann een ëmmer léisen andeem een hëlleft de Leit Sproochecoursen ze ginn. Ech mengen dat ass kloer. Déi viregt Regierung huet de Congé linguistique agefouert, huet och Subventiounen agefouert fir den Entreprisen ze hëllefen esou Sproochecoursen z'organiséieren. Donieft muss ech awer och soen, wa mir wëlle Formation continue maache bei Leit déi sproochlech net op der Héicht sinn, da musse mir och kënnen esou Coursen op Portugisesch organiséieren.

Marco Goetz: Well déi Formation continue déi gëtt et, wann ech dat elo richteg gelies hunn, op Franséisch an op Däitsch, net op Portugisesch?

Nicolas Schmit: Voila, et fänkt un op Portugisesch gemaach ze ginn an deem Institut dee fir de Bau Formatioun mécht.

Marco Goetz: Et geet jo awer grad drëm vläicht déi Leit déi um Bau net méi ënnerdaach kommen, fir si ëmzeforméieren?

Nicolas Schmit: Jo, et ass mol fir d'éischt déi déi am Bau eigentlech hiren Job kéinte verbesseren, zum Beispill vun engem Job deen extrem haart ass an en Job ze kommen deen e bësse manner haart ass, deen awer méi Responsabilitéiten, méi Kenntnisser erfuerdert. Dat ass eng Saach. Dat Zweet ass natierlech, vum Bau an en anere Secteur. Dat ass net ëmmer einfach, mä et muss een awer och do probéieren an dat geet nëmmen och zum Deel wann een de sproochleche Problem léist.

Marco Goetz: De Réck futti, do brauch ee jo net laang ze brucken, dann ass net vill ze maachen ausser der Invalidepensioun, oder? Firwat schwätzt een do nach esou laang vu Reklassement?

Nicolas Schmit: Éischtens hu mir zwou Zorte vu Reklassement. Déi eng ginn an der Firma reklasséiert, kréien also en aneren Job, ganz oft manner Pai, an dee Paiënnerscheed gëtt vum Staat opgefaangen. Da ginn déi Leit déi net kënnen am Betrib reklasséiert ginn ausserhalb reklasséiert. An déi ginn dann indemniséiert, ginn als Chômeur consideréiert, mä hire Chômage eigentlech kënnt ni zum Enn. Dat heescht, si hunn net dat Jor oder déi 2 Joer Limite. Si ginn also am Chômage gefouert iwwer Joeren ewech, bis praktesch zur Pensioun. Dat ass keng normal Situatioun. Et muss een also kucken déi Leit déi wierklech net erëm fir den Aarbechtsmaart fit gemaach kënne ginn, datt mir deenen eng Pensioun ginn, datt mir eben dem Gesondheetszoustand vun deene Leit Rechnung droen an hinnen do eben eng aner Perspektiv gi wéi déi, eternell Chômeur ze sinn.

Marco Goetz: De Reclassement interne vun engem Daachdeckerbetrib oder vun engem deen Haiser baut [gëtt ënnerbrach]

Nicolas Schmit: Ass net einfach.

Marco Goetz: Do gëtt et net vill Méiglechkeeten.

Nicolas Schmit: Neen, dat verstinn ech.

Marco Goetz: Dir sot och e bësselchen, et ass d'Aufgab vun der Industrie selwer, vun de Patrone selwer. Wann een do da kuckt a wéi vill Beräicher eigentlech déi portugisesch Patronen, Entrepreneuren aktiv sinn, dat geet vu bis, da kéint ee sech jo virstellen, datt een do probéiert d'Leit ënnerdaach ze bréngen an esou eng gewësse Solidaritéit spille léisst, déi et bestëmmt an där portugisescher Communautéit gëtt an de Sproocheproblem wier e manner groussen.

Nicolas Schmit: Ech si jo och als Immigratiounsminister elo net direkt en Adepte vum Communautarismus. Ech mengen [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Heiansdo hëlleft en awer.

Nicolas Schmit: Ech sinn net en Adepte vum Communautarismus. Dat heescht, hei zu Lëtzebuerg gëtt et net eng Communauté économique portugaise, eng Communauté économique chinoise an esou weider. Mä ech sinn awer Realist. Ech weess also ganz kloer, datt awer esou Elementer do sinn, och wann ee muss probéieren iwwer Integratioun déi Saachen e bëssen ze verwëschen. Mä sécher muss een all Zorte vun Employeuren, y compris déi Employeure mat portugiseschen Originen, motivéieren eng responsabel Politik ze maachen an och Leit ze huelen, ob aus sproochlechen Ursaachen oder aus aneren. An ech maachen dat och. Ech hat esou Kontakter, déi sech als ganz positiv erwisen hunn.

Marco Goetz: Muer sidd Dir och erëm ënnerwee op iergendengem groussen [gëtt ënnerbrach]

Nicolas Schmit: Muer ginn ech bei d'Communauté portugaise, fir och do dat wat ech elo hei gesot hunn de Leit nozebréngen, besonnesch och ze soen, kuckt, net einfach Leit oder är Frënn oder är Bekannten oder är Familljen einfach op Lëtzebuerg ze ruffen, denkt och un déi Jugendlech. Wann ee Jugendleche mat 12, 13 Joer op Lëtzebuerg kënnt, deen am portugiseschen – ech soen elo portugisesch, dat kann och en anert Land sinn – Schoulsystem war, dee muss an eng Classe d'accueil hei zu Lëtzebuerg goen, deem si mir amgaang seng berufflech Zukunft zumindest schwéier ze hypothekéieren. Dat ass also och fir déi Persoun e grousse Risque u sech herno am Chômage ze landen.

Sécher brauche mir en anere Schoulsystem, méi Flexibilitéit wat d'Sproochen ubelaangt an esou weider, do si jo Saachen am Kommen. Mä dat do ass dee gréisste Risque. An d'Capacitéitë vun deene Classes d'accueil debordéiert, an dat heescht och, datt dann natierlech d'Qualitéit vun deenen Enseignementen souwisou schwéier a Fro gestallt gëtt.

Marco Goetz: Et ass awer grad och d'portugisesch Communautéit déi méi wéi déi aner, oder iwwerhaapt, hir Kanner um fräien Dënschde Mëtten oder um fräien Donneschde Mëtten nach an d'portugisesch Schoul schéckt, wat déi Kanner zousätzlech belaascht.

Nicolas Schmit: Domat hunn ech absolut kee Problem, ech menge wann een [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Dat ass awer e Problem fir déi Kanner. Si hu manner Zäit fir ze léieren, si kënnen net an d'Veräiner goen, d'Sozialiséierung [gëtt ënnerbrach]

Nicolas Schmit: An de Veräiner ass awer d'Präsenz vu Kanner aus der Immigratioun ganz staark. Datt déi Kanner sollen hir Mammesprooch, déi doheem geschwat gëtt, gutt maîtriséieren, ass net negativ. Jiddweree soll seng Mammesprooch gutt maîtriséieren, well wann e seng Mammesprooch net gutt maîtriséiert, dann huet e Problemer aner Sprooche gutt ze léieren. Mä mir brauchen natierlech an der Schoul all Zorte vu Systemer fir Kanner ze hëllefen, déi ganz oft doheem net kënne gehollef kréien. Do ass déi ganz Politik, vun de Maisons relais an esou weider, Soutien an de Schoulen, déi ass do ganz wichteg.

Onse Problem ass, et kommen ze vill jonk Leit, wat och ëmmer hir Originë sinn, aus onser Schoul ouni Qualifikatioun. Oder ech muss natierlech och soen, mat schwaache Qualifikatiounen, mat deene falsche Qualifikatiounen. Et sinn net nëmmen déi déi keng hunn, et sinn och déi déi déi falsch hunn oder eng déi um Aarbechtsmaart net méi esou richteg gefrot ass. Doriwwer musse mir nodenken. Mir mussen also op där enger Säit d'Schoul, wat si offréiert, besser connectéiere mam Aarbechtsmaart. Dat versichen ech och mat der Madame Delvaux nach besser an der Zukunft ze maachen.

Marco Goetz: Sidd Dir optimistesch?

Nicolas Schmit: Wann Dir deen doten Job hutt an Dir sidd e Pessimist, da changéiert ganz séier den Job. Do muss een Optimist sinn, et muss een de Leit och kloermaachen, datt d'Situatioun schwéier ass, mä datt mir awer alles maache fir déi Situatioun do an de Grëff ze kréien. An ech sinn och optimistesch, och wa mir muer net erëm op 2% oder 3% Chômage zréckginn, da musse mir awer kloermaachen, datt den Trend an déi aner Richtung weist. Ech soen nach eng Kéier, et ass net den Aarbechtsminister deen Aarbechtsplaze schaaft, dat huet mäi Virgänger schonn ëmmer gesot, et ass d'Ekonomie déi Aarbechtsplaze schaaft. Mir mussen also och dofir suergen, datt Lëtzebuerg eng dynamesch Ekonomie behält an datt mir déi Leit forméieren, déi an där dynamescher Ekonomie eng Plaz fannen.

Marco Goetz: Eng optimistesch Erugehensweis. Hutt Dir dat och nach ëmmer bei Diekirch? Do sot Dir jo viru Wochen op eiser Antenn, datt et eng Léisung fir d'Brauerei kéint ginn. Gemengt war deemools, an dat gëllt haut och nach ëmmer, Bofferding. Wou ass een do drun?

Nicolas Schmit: Ech hunn näischt Aneschters do ze soen. Ech hu gesot, et kéint ginn. Esouwäit ech weess sinn déi Gespréicher nach ëmmer en cours, also ass [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Hutt Dir d'Heft net méi an der Hand?

Nicolas Schmit: Déi Léisung ass nach ëmmer méiglech. Méi soen ech do net.

Marco Goetz: Dat heescht, Dir hutt d'Heft nach ëmmer an der Hand? De Premier sot jo mol eng Kéier hien hätt et zur Chefsaach gemaach.

Nicolas Schmit: Et ass net wichteg wéi dat organiséiert ass. Wichteg ass, datt mir herno zu engem Resultat kommen.

Marco Goetz: Eng aner Fro dann. Vum Mee un, d'europäesch Zesummewuesse wëll dat esou, bezuele mir deene Frontalieren déi bei eis d'Plaz verléieren de Chômage, dat heescht, zu deene selwechte Conditioune wéi déi déi hei am Land wunnen?

Nicolas Schmit: Neen, natierlech net. Do ass e Reglement wat viru 4 Joer geholl ginn ass, dat gesäit vir, datt déi Leit déi hei geschafft hunn – Frontalieren oder och net, iwwregens Leit déi herno eventuell erëm heem ginn – datt déi e Recht hu sécher mol éischtens op Chômage an hirem Land no hire Regelen, mä datt mir Lëtzebuerger, déi jo och hir Steieren encaisséiert hunn, hiren Impôt de solidarité encaisséiert hunn, vun hirem know how profitéiert hunn, datt mir deem Staat oder där Institutioun 3 Méint vun deem Chômage dee si kritt hunn, dat heescht, nom Tariff vun deem Land, rembourséieren. Dat leeft am Mee un. Mir sinn amgaang do e System en place ze setzen, fir och sécher ze sinn, datt mir dat korrekt ofwéckelen.

Marco Goetz: Mä vun 2012 un dierfe si sech awer och bei der ADEM aschreiwen?

Nicolas Schmit: Sécher, dat weist also, datt d'Reform vun der ADEM muss massiv sinn an urgent ass.

Marco Goetz: Nicolas Schmit, e Méindeg de Moie sidd Dir an der fir d'Immigratioun zoustänneger Chamberkommissioun, do geet et ëm den Zougang vun den Demandeurs d'asyle zu Aarbechts- a Léierplazen hei am Land. Kënnt Dir eis dat ganz kuerz vläicht ... ?

Nicolas Schmit: Mir hu jo am Immigratiounsgesetz, dat ass jo net vu gëschter, eng Méiglechkeet, datt Leit déi hei Asyl froen eben no 12 Méint och d'Méiglechkeet hunn eventuell op den Aarbechtsmaart zougelooss ze ginn. Dat geschitt awer nëmmen iwwer eng Autorisatioun, nodeems och gekuckt ginn ass, ob net aner Kandidate fir déi Joben disponibel wieren. Dat ass z'iwwerkucken. Mir hunn e puer Honnert där Leit déi effektiv, dat si ganz oft wéineg qualifizéiert Joben, wou et schonn net einfach ass Leit hei ze fannen, trotz 15.000 Chômeuren, déi Méiglechkeet kréien.

D'Formatioun schéngt mir wichteg ze sinn, besonnesch fir Jonker, esouguer wa si net kënnen heibleiwen. Dann ass et zumindest wichteg, datt si während där Zäit wou si hei si Formatioune kréien, ausgebild ginn, datt wa si da mussen zréckgoen, eng Formatioun hunn. Kréie si eng Autorisatioun heizebleiwen, ass et natierlech wichteg Leit ze hunn déi forméiert sinn an net Leit déi eventuell och bei deene landen déi onqualifizéiert am Chômage sinn.

Marco Goetz: Fir e Schlusswuert, Dir sidd nach net esou schrecklech laang an deem Ministère, mä trotzdem hutt Dir genuch gesinn, a wéi eng Richtung geet et? Muss ee mat grousser Suerg, mat grousser Angscht sech dat ukucken?

Nicolas Schmit: Ech mengen, d'Situatioun ass ouni Zweiwel eescht, mä d'Politik besteet jo dora Léisungen ze sichen, op alle Pläng, an och eng gewësse Mobilisatioun [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: D'Politik verlaangt Affer bei allen aneren Acteuren.

Nicolas Schmit: Dat verlaangt Afferen, à condition datt déi Affere richteg verdeelt ginn, gerecht verdeelt ginn, sozial gerecht verdeelt ginn. Et dierf keen d'Impressioun hunn, datt hien huet misse bezuelen oder méi bezuele wéi anerer, trotz vläicht enger Capacitéit déi manner ass. Dat ass also de Punkt.

Ech kucke mat Vertrauen an d'Zukunft. Mir hu vill Atouten, wa mir déi richteg spillen, ech soen, wa mir se richteg spillen, wa mir gewësse Gewunnechten, besonnesch och e bësse bürokratesch Gewunnechten opginn – bei der ADEM trëfft dat zou, an aneren Domainen och – da soen ech, da wäerte mir dat iwwerbrécken a positiv aus där Kris hei erauskommen.

Marco Goetz: Domatter si mir bei der Tripartite. Wësst Dir wéini si ufänkt?

Nicolas Schmit: Ech wäert dat gewuer ginn, da wann et esou wäit ass. Mir sinn elo an der Preparatioun, mir sinn elo amgaang fir dat seriös unzegoen, dat ass eng seriös Affär, dat ass also net eng Saach vun Datumer alleng. Et muss een dat also seriös preparéieren, dat ass jo iwwer déi lescht Woche geschitt, iwwer déi Gespréicher. Dat geschitt haut de Moien an de Mëtten am Kader vun der Regierung. Wa mir prett sinn, da wäert Dir och mat deenen éischte sinn déi gewuer gi wéini datt déi Tripartite ufänkt. Dat wat mir elo verlaangen, dat ass wichteg, dofir solle mir elo net an d'Blannt era schéissen.

Marco Goetz: Voilà, dat war et fir eis Emissioun "Background – am Gespréich", haut mam Aarbechtsminister Nicolas Schmit. Merci fir d'Matmaachen an da vive op Senneng, géif ech emol soen. A wann dann de Premier oder een Aneren Iech sollt froen, wat hutt Dir dann do esou alles verzielt, da verrot näischt oder Dir sot ganz einfach, datt een déi ganz Emissioun um Internet nolauschtere kann.

Dernière mise à jour