Le ministre du Travail, Nicolas Schmit, au sujet de la brasserie de Diekirch

Pierre Reiland: Här Schmit, Dir hutt Iech intensiv mam Dossier ‚Diekirch‘ befaasst. Wéi eng Pistë kënnt Dir haut fir eng eventuell Rettung vun den 63 Plazen an och vun der Brauerei envisagéieren?

Nicolas Schmit: Ech géing emol fir d’éischt soen, datt 63 Aarbechtsplazen eng grouss Zuel ass, mat ville mënschleche Schicksaler hannendrun, wou een net einfach kann unhuelen, datt déi Aarbechtsplaze verschwannen.Ech hunn och gemierkt, datt an deene leschten Deeg eng immens Solidaritéitswell amgaange war hei zu Lëtzebuerg fir déi Industrie z‘erhalen a besonnesch och déi Aarbechtsplazen z‘erhalen. Et ass also esou, datt mir dat net als eng Fatalitéit kënnen unhuelen, ëmsou méi wou déi Brauerei jo absolut wirtschaftlech fonctionnéiert. Si huet an deene leschten 2 Joer en zolitte Gewënn ofgehäit. Mir hunn also probéiert ze kucken, wat fir eng valabel industriell Léisung et gëtt. Et wier och net verständlech bei de Leit, datt mir op der enger Säit grouss Effortë maache fir Banken ze retten an einfach géife nokucke wann en Traditiounsbetrib, wéi Dir dat gesot hutt, e Stéck lëtzebuerger, géing ech soen, Industriekultur, besonnesch natierlech zu Dikrech, wann deen einfach géif verschwannen, aus enger Logik eraus déi eigentlech näischt mat enger industrieller Logik méi ze dinn huet. An dofir ass um Dësch d’Méiglechkeet vun enger industrieller Léisung, déi géif et erlaben d’Aktivitéit zu Dikrech z’erhalen; déi et géif erlaben och déi Aarbechtsplazen z‘erhalen, an ech géif soen, déi gutt wier fir d’lëtzebuerger Brauereiwiesen. An dat ass jo och en Zil. Mir mussen also déi lëtzebuerger Industrie stäerken, an hei ass e richtege Wee. Et muss een natierlech elo kucken op déi aner Säit, ob d’Aktionäre vun Dikrech an esou eng Logik wëllen era goen.

Pierre Reiland: Dir schwätzt vun enger Léisung déi Dir géift envisagéieren, do ginn et jo zu Lëtzebuerg net 100.000 Méiglechkeeten. Ass e lëtzebuerger Repreneur am Gespréich?

Nicolas Schmit: Ech wëll elo net an den Détail goen. Ech mengen, ech hunn elo genuch scho gesot. Et gëllt och elo net de Leit absolut falsch Hoffnungen ze maachen, mä et soll awer gewosst sinn, datt mir amgaange sinn ze schaffen; datt och de Jeannot Krecké zesumme mat mir déi Kontakter hat; datt mir iwwerzeegt sinn, datt et sech hei ëm eng zolitt, liewensfäeg Léisung handelt. Mir mussen et also elo fäerdeg bréngen, an de Wirtschaftsminister huet och de Mëtteg weider Kontakter mat Inbev, mat dem Aktionär vun Diekirch, fir se z‘iwwerzeegen op déi Décisioun, Diekirch zou ze maachen zréck ze kommen a mat enger anerer Léisung d’Accord ze sinn, dat heescht, eng Léisung déi d’Aarbechtsplazen erhält an d’Produktioun zu Dikrech erhält.

Pierre Reiland: Eng lëtzebuerger Léisung deemno. D‘Kontakter mat Inbev lafen och. Ass Inbev iwwerhaapt bereet, Diekirch ze verkafen?

Nicolas Schmit: Dat ass amgaangen exploréiert ze ginn. Dir wësst, Inbev ass e megagrousse globale Grupp deen iwwer 400 Milliounen Hektoliter Béier produzéiert, weltwäit. Nëmmen e relativ klengen Deel dovun nach an Europa. Mir wëssen och, datt momentan an der Belsch e gréissere Sozialkonflikt ass; déi sinn also relativ beschäftegt mat enger Rei vu Problemer. Mä mir hunn awer gutt Hoffnung, a mir wäerten och alles dru setzen, fir datt déi Léisung vun där ech geschwat hunn eng Chance kritt. Et ass einfach net akzeptabel, datt hei eng Installatioun zougemaach gëtt, wann et eng aner Optioun gëtt, wann et eng industriell Léisung gëtt. Dat muss kloer gemaach ginn. Mir kënnen net haut an enger Zäit si wou valabel industriell Anlagen einfach zougemaach ginn aus enger finanzieller oder aus enger anerer Logik. Dat ass net akzeptabel, an dofir musse mir ons fir déi valabel, gutt an och liewensfäeg lëtzebuerger Léisung asetzen.

Pierre Reiland: Nicolas Schmit, villmols Merci fir dës Präzisiounen.

Nicolas Schmit: Merci.

Dernière mise à jour