Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 16 Resultater
  1. Vum 2. bis den 8. Oktober ass zu Lëtzebuerg d'Woch vum Stëllen, déi sech dëst Joer mam Thema Stëllen op der Aarbecht befaasst. Am Zesummenhang mat de Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun (OMS), erënnert de Gesondheetsministère dorunner, datt Nieren op der Aarbecht ee Recht ass an datt et am Interessi vun den Employeuren ass dofir ze suergen, datt nieren a schaffe matenee kompatibel sinn.

  2. Entspriechend dem Artikel L. 223-1 vum Code de travail gëtt den Taux vum soziale Mindestloun (op de Mount gerechent) ab dem 1. Februar 2023 un d'"Cote d'application" 898,93 vum ponderéierten Index vun de Liewenskäschten ugepasst.

  3. Nodeems d'Maison de l'orientation 2021 vun der Stäreplaz an d'Gebai vum Educatiounsministère an der rue Aldringen geplënnert ass, gouf de 27. September 2022 de Guichet unique vun der Maison de l'orientation vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch a vum Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, Georges Engel, offiziell ageweit.

  4. Den 8. Mäerz 2022 gouf op enger Pressekonferenz vun der FEDIL, a Präsenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, a vum Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, Georges Engel, d’Editioun 2022 vun der Etude Les qualifications de demain dans le domaine des technologies de l'information et de la communication (TIC) virgestallt.

  5. Ab dem 17. Mee 2021, gi 5,7 Milliounen Tester verdeelt. Zu dësem Zweck, si 4 Verdeelzenteren opgaangen. D'Verdeelung vun den Tester fënnt zu Zolwer beim Festikuss, zu Bartreng beim ARCA (200 Meter vum Centre Atert ewech), an der Industriezon ZANO um Fridhaff, an zu Gréiwemaacher beim Stadium Op Flohr statt.

  6. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  1. 1
  2. 2
  3. Lescht Säit