"Seveso": Wourëms geet et? Wat ass d'Roll vun de "Seveso"-Betriber a vun den Autoritéiten? A wéi reagéieren am Noutfall?

Den Numm "Seveso" kënnt vun enger Stad am Norde vun Italien, an der Lombardei, déi d'Konsequenze vun engem industriellen Accident, am Joer 1976, an der Chimiesfabrik Icmesa an der Gemeng vu Meda ze spiere krut. Fir dat Accident gouf et keen Noutfallplang, an et si gëfteg Produiten entwëscht (ë.a. Dioxin), déi zur Verseuchung vun de Gemenge ronderëm gefouert hunn, dorënner Seveso. Doraus hu sech gréisser ekologesch a sanitär Konsequenzen erginn, et koume Kanner an d'Spidol an et sinn Déiere gestuerwen.

©MINT (v. l. n. r.) Georges Engel, Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft ; Taina Bofferding, Inneministesch
(v. l. n. r.) Georges Engel, Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft ; Taina Bofferding, Inneministesch

Fir dat duebelt Zil, engersäits all Risiko vun engem gréisseren Accident op engem Industriesite, deen e bekanntene potenzielle Risk duerstellt, an anerersäits beschtméiglech d'schiedlech Effete vu sou engem Accident ze verhënneren, huet sech d'Europäesch Unioun 1982 eng Preventiounspolitik a Saache gréisser industriell Risike ginn, déi sech permanent weider entwéckelt huet, fir sech den neie Fuerderungen a punkto Sécherheet a Gestioun vun de Risiken unzepassen.

D'europäesch Bestëmmungen, déi an nationaalt Recht ëmgesat goufen, schreiwe sou z.B. vir, wéi eng Etablissementer als "Seveso" ze klasséiere sinn, andeems se an zwee Niveauen ënnerdeelt ginn, a Fonctioun vun de Substanzen, mat deene geschafft gëtt: niddregen Niveau an héijen Niveau. De Moment gëtt et zu Lëtzebuerg 8 Etablissementer vum niddregen Niveau an 8 vum héijen Niveau.

Dës Etablissementer mussen eng Preventiounspolitik vu gréisseren Accidenter en place setzen an den zoustännegen Autoritéiten Dokumenter virleeën, déi beleeën, dass si alles maachen, fir Risiken ze limitéieren. Et ass un der Inspection du travail et des mines (ITM), respektiv un der Administration de l'environnement oder der Direction de la santé, fir technesch Missioune sécherzestellen, Informatiounen ze sammelen, Rot ze ginn, Surveillance, Inspektioun a Coordinatioun ze maachen a Kontakt ze hu mat de Bedreiwer vun deenen Etablissementer, dem Public, den Autoritéite vun den Nopeschlänner an den europäeschen Autoritéiten. Dëst ass ëmsou méi wichteg, wann eventuell Accidenter Répercussiounen iwwert d'Grenzen eraus kéinten hunn.

Iwwert d'Exigenzen eraus, déi de Betriber an de staatlechen Autoritéiten a Saache Preventioun operluegt ginn, mussen d'Autoritéiten och eng Informatiouns- a Sensibilisatiounspolitik en place setzen, fir dass d'Population an der Lag ass, de potenzielle Risiko oder d'potenziell Gefor anzeschätzen an adequat reagéieren ze kënnen, fir sech ze schützen. Am Kader vun der Informatioun an der Warnung vun der Populatioun hunn d'Inneministesch an de Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft drop gehalen, eng nohalteg Informatiounscampagne ze lancéieren, déi d'Biergerinnen a Bierger iwwert d'Verhalen opkläert, dat sollt un den Dag geluegt ginn.

De Georges Engel huet vum Lancement vun der Campagne profitéiert, fir d'Wichtegkeet vun der ITM z'ënnersträichen. "D'ITM ass bei dësem Thema en onëmgänglechen Acteur. Hir Roll ass et, d'Betriber ze begleeden a se an engems z'iwwerwaachen. Mä d'ITM ass och d'Ulafstell fir d'Autoritéite vun den Nopesch- an europäesche Länner."

D'Taina Bofferding sot iwwerdeems, dass d'Resilienz vun der Populatioun nëmme kann erreecht ginn iwwert de Wee vun eng kloerer, verständlecher an zougänglecher Informatioun, déi laangfristeg ugeluegt ass: "Dës Campagne stellt de Startpunkt vun enger regelméisseger Informatioun iwwert d'Sécherheetsmesuren duer an d'Verhalen am Fall vun engem gréisseren Accident. Et gëllt, d'Biergerinnen a Bierger iwwert d'Seveso-klasséiert Etablissementer z'informéieren, mä v.a. iwwert d'Verhalen am Accidentsfall: eragoen, zoumaachen, lauschteren - d'Prinzipien, déi fir eng méi resilient Populatioun zréckzebehale sinn."

Um Enn hunn d'Ministeren drun erënnert, dass d'Biergerinnen a Bierger duerch hir Gesten dat éischt Glidd vun hirem eegene Schutz duerstellen.

All d'Informatiounen zu deene Gestë kënnen am Flyer erëmfonnt ginn, deen un déi ganz Populatioun geet, an um Internetsite iwwert d'Seveso-Betriber, seveso.lu.

Communiqué vum Inneministère a vum Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft

Aktualiséiert